Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Iwwert des Säit

Radiostexter héiert ee normalerweis just eemol. Presentéiere se lëtzebuerger Uertschaften a Kierchen mat mol lokalen a folkloristeschen mol historeschen ’Trouvaillen‘, sinn dës no e puer Minutte verflunn! Ausgangspunkt zu de Stad- an Duerfporträiten ware Commentairen zur Plaz vun där d’Sonndesmass iwwerdroe gouf. Een Deel dovun gouf an engem Buch veréiwegt (…vun deem et just nach wéineg Exempläre gëtt.)

Ënner dem Titel ‚Kierchtuermspromenaden’ ass hei elo d’Suite um Internet disponibel. De Choix vun dëse ‘Promenaden‘ ass op Uertschafte gefall wou grad Kiermes war, aus deenen d’Radios-Mass koum oder vun deene bal ni geschwat gëtt.

Dës perséinlech Websäit proposéiert "eng breet Panoplie vu Geschichtlechem, Anekdoteschem, Kontemplativem a Remarquabelem aus dem Gemengeliewen an der Volleksreligiositéit" (Georges Hellinghausen - ‘Warte‘ 26.06.2008 - zu de ‚Kierchtuerms-Causerien‘.) Eist klengt Land huet nämlech charakteristesch Bräich an eng no Regioun ënnerschiddlech Mentalitéit opweises... Vermëscht mat engem Hauch Folklore ergëtt dëst zesummen, d’Leit, d‘Landschaft, d‘Duerfgeschicht an d’Kierch ee Ganzt.

Di kleng Radiosbäiträg koume säit 2003 sonndesmuerges um DNR; hir Zeilen adresséiere sech un Interessente vun eisem Patrimoine an u jiddereen dee Loscht huet a Gedanken an eisem Land op Entdeckung ze goen!

Quellen

De Sourcecode vun dësem Internetsite ass op GitHub verëffentlecht.