Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Iwwert den Auteur

Wann en Hobby Eescht gëtt an d'Freed iwwer dem Spure siche wiisst - Spuren am Beräich vun eisem Patrimoine - da beweegt ee sech um Wee vun engem ufangs zaghaften Entdecker, deen hanneru sech kuckt, zréck an d'Zäit.

Am Radio matschaffen heescht aktuelles am Aa hunn, säin Allgemeng-Wësse verdéiwen a spontan weiderginn, gemixt mat engem Hauch Geschicht a kuriéise Notizen. Dat schéinst ass, wann da beim Resultat Kommentaire komme vun ‚alen Huesen‘, am Genre vun ‘dat hunn ech net gewosst‘ (wann z.B. kee méi weess wéini di éischt Duerf-Schoul gebaut gouf a beim Recherchéieren daucht e Subsid op a weist esou niewebäi drop hinn!)

Dëse perséinlechen Internetsite stellt Radiotexter vir iwwer lëtzebuergesch Uertschaften, ufangs ronn 170 – am Laf vum Joer da bis ëm 300, déi Sonndesmueres beim DNR gesend goufen an deels an engem Buch sinn.

Fotoe kommen no an no derbäi.

      Tessy Glodt