Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Aassel

Aassel (Assel) ass e Punkt op der Landkaart tëscht Ried a Bous, 19 km vun der Stad. ‘t passéiert all Stonn e Bus do an der Woch, mä Sonndes keen eenzegen! ‘t schreift sech no lëtzebuerger Grammatik-Regele mat zwee a, wéi Haassel, gëtt lokal awer Assel gesot! Et läit un der 283 km laanger E 29, déi südlich vu Köln hir duerch d’Eifel zu Iechternach an d’Land kënnt - an dëst dann via Gasperecher- a Beetebuerger Kräiz zu Schengen verléisst (an op Sarreguemines féiert.) Duerch an neeleg laanscht d'Uertschaft lafen d'Aasselerbaach an d'Albaach. An Norddäitschland bedeit de Flouernumm Assel e ‘verfilzte‘ Stéck Buedem. Dem Spottbuch vum P. Tousch no heeschen d’Awunner ‘Aasselter Téck’, (an di Rollenger sinn d‘Béck!) wat (béid) stur Charakteren oder Trotzkäpp bedeit (a méiglecherweis en Drang no ënnrer Onofhängegkeet ausdréckt.) An d‘Miselerwuert Hoarassel? De Sproochmates Alain Atten denkt, dass dës Alternativ fir Har- oder Huerespel sproochlech um Wee fir bei d’Horniss läit an de p dobäi verluer goung.

Rolleng an Aassel hu laang zur Meierei Réimech gezielt an ënner dem Ancien Régime zur Seigneurie vu Waldbriedemes. Wéi mir 1841 eis haiteg Andeelung kruten (a kuerz drop 11 Kantonen an 120 Gemengen, eegen Timbren an eng Arméi) koum Aassel zum Kanton Réimech an der Gemeng Bous mat Ierpeldeng, der Herdermillen, dem Emmeringer Haff a Rolleng. Dëst Dokument hat Wëllem II. zu La Haye ënnerschriwwen. En anert vun 1876 dréit ëm e Subsid vu 75 Fr. fir e Pavé-Revers laanscht d’Strooss. Iwwer dës koum 1915 eng Automobil-Verbindung vu Schengen mat Départ um 7’52 - mat Arrêt zu Aassel beim Café Schleck um 9’07 an der Arrivée um 9’38 op der Éiter-Gare. (An do gouf et eng Zuchverbindung an d’Stad!) Säit e puer Joer bréngt muerges um 7.00 e Schoulbus Stodente vun Aassel a ronderëm an de Schengen-Lycée vu Perl, d‘Arrivée zu “Pierel“ ass um 7.37! Di binational Schoul zielt 2014, an hirem aachte Joer, ewell 825 Elèven. (Eist neit Schoulgesetz hat 1843 d’Grondschoul ageriicht, an där Däitsch a Franséisch aus praktesche Grënn Pflichtfach goufen!.“Et war an engem klenge Land nëtzlech d’Sprooche vun den Nopeschlänner ze beherrschen!!“) (Guy Thewes)

Aassel huet keng Schoul, (d‘Primärklassen a Kantin sinn zu Bous) a keng Kierch, mä eng soignéiert Duerfkapellchen. D‘Faarwe vun hiren traditionelle Statue vu Jang dem Deefer, dem Apostel Péitrus an Sankt Donatus wierken je no Joeres- an Dageszäit méi bleech oder méi intensiv. Ee gewäisste Weekräiz huet do d‘Inscriptioun F.Meyer, Ackersmann von Assel an d’Joerzuel 1864. - D‘Muselchronik:vun 1991 nennt fréier zu Aassel 4 Betriber mat 13 ha Wéngerten (an zu Rolleng 5 Betriber mat 7 ha a 45 Parzellen.) Mä de Wäibau sollt do eng Nieweroll spillen an en Nieweverdéngscht sinn. D’Landwirtschaft huet predominéiert. Haut existéiert do nach de Stroossenumm ‘AM WANGERT‘! (Allgemeng gesinn hunn, dem Christian Calmes sengem Reckbléck no, d’staark mekaniséiert Wënzerbetriber hir Produktivitéit méi wi verduebelt.‘ E schreift och: ‘autrefois il fallait le travail annuel d’une personne par Ha’, wat d‘Heefegkeet vun de Betriber mat 2 Ha erkläert!) An der Familljechronik vun P. & R. Kayser vun der Gemeng Bous dréit en intressant Kapitel ëm Aassel. 1896 bestoung z.B. dem Uert seng Awunnerzuel am Memorial aus 75 Männer an 78 Fraen. Bei hirem Total vun 186 ware ‘vorübergehend Abwesende‘ agerechent. Dës Zuel huet sech zimmlech gehalen, am Joer 2008 goufen hei 183 Leit gezielt (inklusiv ronn ee Véirel Netlëtzebuerger. )

Wat bal jidderee weess: Am ewell ernimmte fréiere Café Schleck war de Johny Schleck doheem, de Fils vun engem lëtzebuerger Vëlossportler a Wiert, an de Papp vun zwee bekannte „Coureuren“. Den Auguste Schleck, (1906-1982), de Grousspapp vum Fränk an Andy, war 1935 beim alleréischten Tour de Luxembourg gestart. Laut Pressestëmmen hat en de ‘Ruf eines beinharten Tempofahrers‘. (Hien hat den héckste Punkt vun eiser Musel, de Scheierbierg, jo och nobäi a konnt beim Training niewebäi eng herrlech Ausssicht genéissen..) Zur Duerfchronik gehéiert och d’Notiz vum Asseler Aarbechtslager, engem sougenannte „Maidenheim“ (vum deutsche-Mädel–Bund). Et war haaptsächlech besat mat bluttjonke Meedercher aus Schlesien an e puer aus Lëtzebuerg, wahrscheinlech aus Familljen vu Kollaborateuren. An der Woch goungen d‘Meedercher a Stéit schaffen déi Hellëf gebraucht hunn. Beim Amarsch vun den Amerikaner ass d‘Lager komplett zerstéiert ginn. (beriicht d‘Buch Ierpeldeng am Krich.)

P.S. Den Âsseler Bësch läit wäit ewech an ass benannt nom Duerf Anlier an der belscher Provenz Lëtzebuerg. En anert Assel mat 12 Haiser a Camping fënnt een 12 Kilometer westlech vum niderlänneschen Apeldoorn. (De Begrëff „aassel“ existéiert iwwregens och an Arabien – do bedeit en „Hunnech“.) D‘klengt Insekt mat 14 Féiss, d‘‘Assel’ (de flécke groen „gepanzerte Mauer- Ieselchen), huet bekanntlech eng ähnlech Roll wéi de Reewuerm - e soll d’Buedemqualitéit an Dréchegebidder verbesseren. - Eng lescht ironesch Kuriositéit ass dem Kanton Réimech säin alen e bësse speziellen ’Evangelium‘. Säin onbekannten Auteur hat “Spaass an Eescht an äm Sekelchen”, well doran dauchen nieft Stadbriedemeser Pankechsfréisser oder Schwéidsbénger Fléifänkerten Asseler Kalwer an Iepeldénger Kéi op. (Extrait aus lokalhistoreschen Zeile vu Waldbriedemes.) Spréch wéi dës animéieren d’Phantasie a bréngen Ofwieslung zu munch drechner “schweinslederner Berichterstattung!” (J. Haan)