Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Bierchem

Bierchem hat 1806 just 87 Awunner, 1848 dann 223 an ‘t koum den 1.1. 2014 op 1111. D’Revue hat Béiweng-Bierchem 1970 als Duebelduerf betitelt, se deele jo och eng Gare an eng Kierch. Zuelen aus de 1770ger ëm d’Ferraris-Kaart beschreiwen ‘d’rivière d’Alzig oder Alzette à l’orient du village de Berchem’ mat 5,86m Breet, an d’Waasserhéicht am ronn 2,5m déiwe Bett mat ongeféier engem Meter. An d’Waasservitesse? ‘Elle coule assez rapidement sur un lit bourbeux, déborde souvent en hiver et se passe en voiture sur les ponts de charpente!’ D’Kaart weist 16 rout Diech, inklusiv d’Millen, grouss Gäerd a Bongerten. Säithir ass vill Waasser duerch de Réiserbann gelaf a vill Schoulhefter goufe vollgeschriwwen. (An der aler Bierchem Schoul ass haut den C3 an am méi neie Pavillon den C1/2.) Eng wichteg lokal Decouverte vu 1783 ernimme kaum Schoulbicher. Deemols hat den A.F. aus B. Gefässer mat réimesche Gold- Selwer- a Koffermënzen beim Haus Klein fonnt! De Réimer hat et also hei gefall! Den alen Numm Beriacum, Berichem a Bercheim hu wahrscheinlech fränkesch Awanderer agedäitscht a gekierzt, e kéinnt op Domaine de Berius hiweisen.

D’wäertvoll “Réiserbänner Chronik“ kuckt zréck an d’Zäit wou Landkaarte rar waren. 1126 gouf z.B. de Rembold vun Tréier dem Richwin a senger Fra eng Wis zu Bierchem „in Erbpacht“. An 1235 hat de Ritter Alexander vun Zolver d’heefeg ernimmte Bierchemer Mille kaaft. 1247 erwähnt d‘Testament vun der Ermesinde de Johan von Kahler als Här vu Bierchem. De Gilles vu Cattenom sollt 1408 véier Dierfer ‘Leibeigene und Güter’ kafen, ënner hinne Réiser an d’Bierchemer Millen fir 500 Rheinesch Gulden. 1495 hat Bierchem 6 Feierstellen an Béiweng 7 (mol 5 Persounen). 1463 koume fir Festungsëmbauten 789 Brennholzliwwerunge fir de Kallekuewen vun hei an den Nopeschdierfer. Kleng Aktivitéiten a gréisser Akte wiessele sech of; de Mansfeld hat sengerzäit hei Gidder un den Här vun Eltz verkaaft an den Abt Bertels d’Duerf gemoolt (1597.) Geschwënn drop erwähnt eng Stater Lëscht 600 Bierger, bei deene fir de Bau vun der Kathedral ‘kollektéiert‘ gouf, an 6 ‘Aussebierger’ zu Bierchem an 8 zu Kielen. (Spezialisten nennen dës Bierger ‘Freie Bauern‘, bourgeois forrains, déi fir hir deels an d’Stad ofgeliwwerte Recolten Éirefunktiounen erfëllen däerfen.) 1679 koum d‘Klausnerin Margret von Berchem an d’Testament vun der Stater Biergerin Johanna Weiss. Bei der Festungsbelagerung goufe Leit evaquéiert op Thionville (1684.) Eng Kaart vu 1717 weist Berchen mat n. Beim Studium vu Fakten an Daten daucht zwee Joer drop d’Anna-Kapell op (a 1772 gëtt eng Mass pro Woch ernimmt.) 1849 krut d’Duerf eng gebaute Bréck aus Steng aus dem Hesper Steebroch fir den Heetransport z’erliichteren!

Der uewe genannte Ferraris Kaart hire Memorandum beschreift dem Réiserbann seng ‘récoltes abondantes’ vu Koar, Weess, Geescht an Huewer, Fluess, Hanf a Gromperen, ‘ce qui met les habitants à leur aise.’ En ernimmt och Véihandel, gudd Weeër, e ‘sol généralement gras et argileux’ an üppegt Gras an de Wisen. D’jäerlech Holzcoupen am Bësch si suffisant fir ‘charpentes et chauffage’. Am 19.Jh hunn d‘vu feudale Fessele fräi Dierfer eng erstaunlech Dynamik entweckelt. Beim Eisebunnsbau gouf 1857 hei e Réimermosaik zerstéiert (zum Regret vum Ch. Arendt.) Mä eng Konditioun vum Bau war d’Amenagéiere vu Verbindungsweeër tëscht béiden Dierfer an tëscht Réiser-Crauthem. D’Bunn verbënnt zenter 1859 Lëtzebuerg-Beetebuerg-Metz (an zweigt ënnerwee of op Esch-Uelzecht.) Si an d’Versetze vun der Fentenger Gare op Bierchem-Béiweng, 1876, hunn den Dierfer Zouwuess bruet vun Aarbechterfamilljen. Last not least gouf 1916 d’Zuchligne Oetrange-Berchem ‘d’utilité publique’ deklaréiert!

De Peppenger Musée archivéiert de 'Geschichtsfrënn vum Réiserbann’ hirer Dokumentatiounen, z.B. Bierchemer Kadasterkaarten am Vergläich (1777/1824), ‘Die ehemalige Kapelle in Berchem’, ‘Urkunden aus der alten Kremers-Vogtei in B.’ oder ‘La fête de la calèche à Berchem’. D’Buch vun 2001 ‘Par Béiweng-Bierchem-Kockelscheier’ erzielt ë. a.,,dass 1861 déi zwee Éischt eegestänneg goufen. Virdru ware se Filial vu Réiser, haut ziele se zu enger grousser Pastoral-Communautéit. - D‘Loftligne tëscht der Uertschaft an der riiseger Tankstellenanlag „Aire de Berchem" ass kuerz. Dës bei Touriste beléiften Tank- a Raschtplaz ‘huet d’Geneviève Mersch inspiréiert zum 58 Minute laangen Dokumentaire ’Plein d‘essence’ (v. 2007). ‘Eng gutt Regie fir e schlichten Alldagsthema‘ denkt d’Kritik zum Film mat Fakten, Zuelen an zoufällege Rencontre vu ganz ënnerschiddleche Mënschen. D’Aire de Berchem un der A 3/E 25 zielt zu den Tankstatione mam gréissten Ofsatz an Europa. Deen an d’südlech Direktion ëmfaasst beispillsweis ca. 125 000 m²! An engem Joer ginn hei op béide Säiten iwwer 1 Millioun PKWën an iwwer 165 000 LKWë betankt an d’Restauratioun servéiert niewebäi 500.000 Hongreger. (Op Aire de Berchem - GR-ATLAS - Université du Luxembourg gëtt dëse spezielle ‘Mikrokosmos’ detailléiert.)

P.S. De Bau vun der interkommunaler Waasserleitung hat am Réiserbann (1911-1913) muunch Schwieregkeet z’iwwerbrecken; reckbléckend war d’Entreprise awer eng gutt technesch Leeschtung, an duerch eng ausräichend Pente gouf zum Gleck kee Waassertuerm gebraucht. - Aus der Mëtt vun den 1930ger nach dëst: De Gemengerot wollt fir Léiweng keng Fra als Garde-barrière astellen –well deeglech hei 24 Schnell-, 28 Persounen- an 30 Güterzich passéiert sinn a bis 20 Herde Kéi iwwer d’Gleiser goungen! (Déi Verantwortung konnt der Chronik no nëmmen eng ‘Mannsperson’ droen!) Ofschléissend fir d’Frënn vum Zuch en erstaunlecht Dvorak Zitat „Ich gäbe alle meine Symphonien darum, die Lokomotive erfunden zu haben“!