Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Beyeren

Beyeren zielt zur Gemeng Fluessweiler, mä ass topographesch net zum Sirdall gedréit wéi de Gemengen-Haaptuert, et kuckt a Riichtung Musel-Bassin. D’Erklärung dozou heescht ‘Beyrenerbaach’, mam GIS-Code 576, déi sech no knapps 5 km hannert der Bréck vu Gouschteng dann Gouschtengerbaach nennt (mat neiem Code) a schlussendlech mat där Lennenger zu Éinen an d’Musel leeft. – Eng vun de Réimerrouten Metz-Tréier, di 96,5 km laang rr 15, goung iwwer Duelem via Widdebierg op Mensder/Beyren, (wou d’Jonctioun mat der RR2 Arel-Tréier via Stengefort–Mertert war.) An hirer Ëmgéigend war d’réimesch Phrase wahrscheinlech bekannt “deenen Daperen hëlleft d’Gléck”. Säin Uertsnumm steet an alen Handschrëften mol als Burin, Büren oder Beuren. Grad wéi Fluessweiler mat Fluess associéiert gëtt kéint Beyren wéi Bure oder bura op graffe Stoff aus Schoofswoll hiweisen, aus deem Hiirdemäntel entstoungen, op Woll-Fabrikanten, op ‘marchands de bure ‘ oder e Lien sinn zu engem alen domaine de Burius!

Am Hierscht vum Mëttelalter, 1280 wéi 't éischt Lies-Brëller an Europa gouf an Fürsten a Beschéf hir Territoirë vergréissere wollten, ass Burin dokumentéiert: e Ritter Abertin von Rünniche hat der Tréierer Doumkierch Eegentumsrechter a säin Undeel vum Bësch bei Burin verkaaft. 25 Joer drop fixéiert eng Schrëft Taxen, déi d‘Tréierer Doumhäre vu Bürin verlaangt hunn. (Zum Vergläich: Ënner der Ermesinde bestoung eng allgemeng Ëmsatzsteier, 'Ungeld' genannt, vun 0,83 %.) (M.Pauly) - Beim aktuelle Kulturzentrum erënnert en erëmfonnte Grenzsteen mat Inscriptioun AE un Iechternacher Abtei-Besëtz um Bann Beyeren. D’Duerf hat 1656 laut Vollekszielung aacht Menagen an ënner deenen ee "Schënner". (Zum Haff Lenneng zougehéireg Vogteibesëtzer vun ë. a. Kanach, 'Beuren' a Gostingen waren am Joer 1751 als 'Gehöfer' ernimmt. 1866, am Cholera-Summer, verzeechent der Por Gousteng hire Stierfregester 38 Persoune vu Beyeren. Mä d’Liewe goung weider: Een 1874 ernimmte Subsid vu 750 Fr verréit de Bau vun enger Bréck, déi Weeër verkierze sollt - en anere vun 200 Fr koum kuerz drop fir d’Installéiere vun engem ëffentleche Wäschbuer an der Waasserleitung. (Gréivemaacher krut 1875 dofir 1000 fr. Subsid!) D’Aktivitéite waren hei markéiert vun Agrikultur, e bësse Wäibau a Forstwirtschaft. Vu sengen 63 Stéit waren 1959 nieft 30 landwiertschaftleche Betriber ë.a. dräi Cafeeën, dräi Epicerien, (eng mat Velos-Handel) zwou Schënnereien, zwee Brenner, zwee Schmätt, ee Schouster, e Schräiner an en Usträicher.

Zu Beyeren ass 1641 der Duerfkapell hir Patréinesch Bathildis dokumentéiert (...mä hiren Numm steet hei als Wachthildis’.) Dës liberéiert Sklavin gouf 649 Fra vum Chlodwig II., war 'Armen fürsorglich zugetan und erließ als Königin Gesetze gegen Versklavung von Kriegsgefangenen.' (Vun hir Befreiter konnte Klouschterschoule besichen oder goufen op Gidder beschäftegt.) De Munnerefer Atelier Linster nennt 1939 d’nei restauréiert Erasmus-Fënster vu Beyren 'un des plus vieux vitraux de Luxembourg'. D’modern Fassung vum historesche Glasbild vun ca. 1500, (Langini) ass am Fong vum Chouer, di aacht am Schëff vun ëm 1900 hu floral Ornamenter. D’Beyrener Pietà erënnert un d’vierges lorraines aus dem XIV. Jh. Hir mëttelalterlech Figur hat ëmmer en ‘attrait’ fir d’Artisten an e ‘pouvoir consolateur’ fir déi Gleeweg.) (J. Hirsch) - Neizäitleches…. D‘Daacherneierung vun der Duerfkierch (1.039.278 Fr) war 1994 programméiert, d’Renovéirung vum Interieur koum 2006. De schwéieren dem Raum ugepassten Volleksaltor straalt Kraaft a Rouh aus. Méiglercherweis verlauschtert hien heiandsdo Zwiegespréicher vum Erasmus (griechesch ERASIMOS, liebenswert) mat der 860 helleggesprachener Bathilde. - D‘Gemeng Fluessweiler wëllt hir Gotteshaiser an hirer aktueller Form an Daseinsberechtegung schützen, well "si sinn d’Wuerzele vun den Uertschaften." (T. Weirich) An véier vun hire fennëf Kierche grenzen un e Kierfech.

Zu ale lokale Partikularitéiten zielt d’Wierke vum Meeschter Phillipp vu Beyren. War fréier ronderëm Véih krank, sollt seng ‘Däiwelsgäissel’, en Amulett mat populären Hellgebillercher, Krankheeten ofwieren an Dämone verdreiwen. (P. Tousch) D’Zeechner vun der Ferrariskaart hunn nieft dem grousse Bësch 'Beyer Holtz' en noen Hermitage mat Kierfech skizzéiert an de lokalen Ënnertitel 'Schinder Beyre' net vergiess. D’hei installéiert Schënner hate kaum Ëmgank mat anere Leit mä gelegentlech d’intressant Nieweroll als Duerf-Medicus: hir Salëfe waren heelsam. (F. Lorang) Si ware bis 1817 "unfähig zum Eintritt in die Zünfte, in das Militär und in Ehrenstellen, aber nicht ehrlos." (woerterbuchnetz.de) D‘Buch ‘Altes Handwerk, vergessene Tradition’ (R. Palla) ënnersträicht, dass mat ausgestuerwene Berufer héichspezialiséiert Können verluer goung. Eisen Diktionnär zitéiert spëttesch Spréch wéi ‘d’Beyrener Schënner an d’Gouschténger Faassbënner oder Houferthënner..’ ‘Hoerschënner’ ginn allgemeng Coiffeure vernannt. Dës Ausdréck waren sécher ville vun den 441 Beyerener Awunner vun 1848 geleefeg... mä sinn den 371 vun 2014 wahrscheinlech friem. D’zweesproocheg Buch-Zeile mam Titel 'Geschichtlicher und kultureller Überblick zur Gemeinde Flaxweiler' ass disponibel fir Intressenten.

P.S. Dem Duerf seng ‘Namensschwëster’ Beyren-lès-Sierck läit 3,7 km vu Munneref an ass eng Gemeng am Départment Moselle. Eisen Duché war fréier 10.700 km² grouss a krut de Streech ëm d'Festunge vu Stenay, Thionville a Montmédy 1659 amputéiert als Konsequenz vum Pyrenäefridden. Een anere Guet am Département Meuse, “Blobeyeren” (franséisch Bûre) ernimmt de Fernand Lorang. Et läit 9 km vu Villerupt an a sengem Wopen fällt e 'moine en robe de bure au naturel' op, (d.h. deen ufangs ewell ernimmte graffe Stoff kléngt wierklech no engem Lien zum Uertsnumm...) ‘Buron’ huet iwweregens de Sënn vun cabane. An d'Verb ‘bayaren’, dat Beyeren akustesch ähnelt, bedeit mam ‘Bayar’, der Schubkar schaffen. Kleng Schubkare molen oder benotzen kënne méiglecherweis wibbeleg ‘Mini-Poussen’ an der Duerfcrèche oder op där Spillplaz, där hiren Devis virun 20 Joer bei 177.640 Fr louch. D’Kanner befollechen do de Saz vum Pestalozzi "Wien sech haut freeë kann soll net bis muer waarden."