Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Kanech

Kanech läit grad fennëf Kilometer vun der Musel an ’t kommen dräi kleng Bachen do zesummen, déi fréier zwou Mille bedriwwen hunn. D'Ënnescht-an d'Koppesmillen halen al Photoë fest. Am ‘Wëllemshaus’ bidd e multifunctionale Centre culturel de Veräiner Plaz fir flott Aktivitéiten. D’Stroossennimm heeschen hei ë.a. Schéiffeschgaard, Am Bongert, Huelgaass, rue Hiel, rue Wenkel, de la Fontaine oder Belle-Vue, an d’Maison relais läit an der „Mueresgässel“! Neierdéngs fällt nieft dem Scheierhaff en 18 Lach-Golfterrain mam schéinen Numm ‘Chant Val’ op, bei deem de leemeg-humose Buedem ideal sinn däerft. Rondrëm Kanech leie verschidde grouss Häff; an een 8 km laangen Häfftour verbënnd de Kaffis- an Hackenhaff. D’Duerfkierch kuckt vun hirem Fiels-Ënnergond vum Flouer genannt “Op der Buurg” iwwer d’Haiser an dominéiert owes mat hirer Beliichtung den Horizont. D’Himmelsdéiercher heeschen hei traditionell Muttergotteskällefchen.

D’Réimer haten zu Kanech eng wichteg ‘base militaire’, e sougenannten avant-poste vun Tréier. D’Duerf huet laang zur Abtei St. Maximäin gehéiert an zu de Berbuerger Seigneuren. Virum Drëssegjäerege Krich sollt zu Lenning a Kanech d’Landriichterei Gréiwemacher mol méi mol manner streng fir Gerechtegkeet suergen. No där katastrophaler Zäit, d.h. am Joer 1656 waren dem Duerf ‘Kannich‘ seng 34 Menagen op 9 zréckgaangen. Ënner dësen ernimmen d’Regestere beispillsweis nieft dem Arnold Müller am Stegh de Lengewiewer Webers Johann an haaptsächlech Bauere mat engem bis 4 Päerd. An d‘eenzegt herrschaftlecht Haus war zerstéiert.. A propos Päerd zitéiert de Professer Hess de Sproch „es kann einer reich werden, wenn er im Pferdestall Glück und mit den Frauen Unglück hat“.. (D’Erklärung: Wittmänner krute méi ewéi eng „Dot“!) D’Geschichtsschreiwer ernimmen zu Kanech kaum opfälleges. Net vergiess sinn awer d‘al Riewstäck um Wéngertsbierg an de Kanecher "Gotteszorn"! (Virum éischte Weltkrich gouf seng relativ sauer Recolte groussendeels iwwer d’Grenz exportéiert „zu Verschnittzwecken.“! Haut entsteet hei Biowäin, deem säin Erléiss der Fleg vum 43ar grousse Wéngert déngt. Intressant ass och d’Info: si Riewen erfruer un der Musel bloufen di Kanecher meeschtens verschount.

D‘Uertschaft Kanech gouf 1803 ënner dem Konsul Bonaparte zur Por erhuewen. Se hat deemols just eng eeler Kapell an d'Leit goungen an d’Lennenger Basilika an d'Mass. D‘Kapell gouf 1837 ersat, mä den Neibau war onrettbar fiicht. No knapps 60 Joer ass de Grondsteen geluet gi vun där aktueller 38 x 10m grousser Mechelskierch. Den alen Tuerm konnt dran integréiert ginn. D’Aseenung koum zwee Joer drop duerch de Beschof Jean Joseph Koppes, de Brudder vum Kanecher Buergermeeschter. Hire Patréiner gëllt als Chef vun der “milice céleste”, als éischten an der Engels-Hierarchie virum Gabriel a Raphael a last not least als Patréiner vun Aptikter, Radiomechaniker a Bäcker. De Raum huet schéin al Bänken, eng Täfelung a konschtvoll Statue, beispillsweis d'Evangelisten an d‘hl. Barbara; dem Atelier Greeff attribuéiert ginn den Eloi, de Schmatt an den 2. Patréiner den Hubertus. D'romanesch Rosette mat stiliséierte Blummen op dem Duxall a Fënstren am Nazarener Stil vum Simminger vun 1920 si Bléckfäng. Op Initiative vun de lokale Fraën gouf ee vun de Beichtstill ëmfonktionnéiert als Vitrine fir Paramenter. Als "gréisst Kanecher Konschtwierk" bezeechent de Professer Thill d'Wandmolereie vun 1904 vum Kënschtler Lanners vu Münster aus dem Atelier Stummel (an deem och den Nik Brücher stodéiert hat.). An de 1970ger war d'Molerei vum Triumphbou "Affer vum Billerstuerm" - mä säit den 1990ger sinn d'biblesch Motiver nees fräigeluet. Wéins hirer grousser Sensibilitéit géifen hir Figure sech, engem Spezialist no, fir Portraitstudien eegnen.

Ze soe bléif nach, dass am Krich de Paschtouer Poos, dee gutt englesch konnt, Militärmasse fir d'Amerikaner gehalen huet. Duerch säi Vermëttler-Talent gouf d'Duerf no un der Front net evakuéiert an der Kierch ass näischt geschitt. Un hien erënnert eng Gedenkplaque. Un de Beschof Koppes, deem seng Devise "Pax et Veritas" war, erënnert e commemorative Steen. Säi Brudder aus Amerika, de Reverend Jacques James Edward Koppes hat iwwregens 1938 en Don vun 200 Dollar fir d'Elektrifizéirung vun de Kanecher Klacke geschéckt! Eng wäitsiichteg lokal Firma sollt sech no 1875 Gedanken ëm den ëffentleche Persouneverkéier man. Deemols koum just zweemol an der Woch eng Postkutsch hei laanscht. D’Zäiten hunn évoluéiert a gutt 90 Joer duerno kruten net just d’Kanecher - grad wéi d’Kranecher - Reesféiwer duerch faarweg Prospekter a confortabel Bussen mam grousse W.

P.S. Majestéitesch wierkt de Porträit vum Kanecher Kiercheschwäizer am Buch iwwer “al Sitten a Bräich“ (v. Pol Tousch.) A sengem Gewand huet hie Pressessiounen ugeféiert, fir Uerdnung an der Kierch gesuergt a bei Leit, déi d‘Masse bestallt hunn, ze Muerge giess. - Op der Kiermes kruten d’Schwengshierden hei fréier bal an all Haus en Hierdekuch ‘zur Ermunterung ihrer Treue und ihres Fleisses‘! (Als Tranchen am Baackuewen geréischtert goufe seng Reschter e prima Zwieback.) Hire Beruf bestoung bis an d’19. Jh.; Recherchen zum Hierdekuch weisen op de ‘Shepherds Pie’ hinn (e gratinéierte mat Karotten a Grompere bedeckte Fleeschkuch) an eng ‘Tarte brisée du berger’ mat Roquefort an Nëss. D’Quellewaasser aus dem restauréierte Wäschbuer notze Bauere fir Waasserfässer opzefëllen. Den Duerfkär gouf nach kuerz nom Millenium eng Impressioun vu „Belle au Bois dormant“. (Katow, La Voix) Mä munch al Bausubstanz sollt moderne Wunnbléck Plaz man. D’Awunnerzuel huet sech a manner wéi 20 Joer bal verduebelt. (1995 : 785 an 2013 : 1482) Fir di al an nei Kanecher ergëtt sech deemno “aus der Fülle der Möglichkeiten ein neues Bild der Wirklichkeit...” (Goethe.)