Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Iermsdrëf

Iermsdrëf ass e frëndlecht Duerf un der Wäisser Iernz a war fréier mat Aeppelduerf a Steeën eng eegestänneg Gemeng. Dës ass 2011 mat 83,7 % Jo-Stëmmen mat där Miedernacher fusionéiert an zesummen droen si den Numm "Äerenzdallgemeng". ‘t goufen hei 2005 just 221 Awunner gezielt an am Dezember 2014 dann 406. D‘landwirtschaftlech Aktivitéiten vu véier lokale Bauerenhäff markéiere groussendeels d'Landschaftsbild, dat d'Wäiss Iernz an zwou ënnerschiddlech topographesch Regioune spléckt. Am Weste läit de relativ flaache Plateau vu Steeën a Folkendeng an am Oste rivaliséieren d‘Héichten tëscht Iermsdref a Bigelbaach mam Gehaansbierg sengen 417m! Déi 2,6 km laang Côte de Grevenhaff war 2007 mat 170m Héichtendifferenz eng vun 11 Steigungen an der Charly Gaul Mémo-Course (mat maximaler Montée vun 9,6%.) Den noe Gréiwenhaff steet op 420 Meter. De C. Hemmer hat 1974 dem neien Iermsdrëfer Schoulgebai säi Fuuss a Kueb-Glasmosaik gelueft. Mä deemols wousst keen, dass emol d’Gemeng dra kéim. An der neier Aerenzdallschull kënnen haut di Kleng (vu Steeën, Eppelduerf an Iermsdrëf) an de précoce a préscolaire Klasse vum Cycle 1 hir Fähegkeete spilleresch entwéckelen.

D‘Etymologie vum Numm «Ernz» an d’aalfranséischt «Arance» staame vum präkelteschen Arantia. Erms– oder theoretesch Ernz-dorf kléngen ähnlech. Mä engem alen Dokument no housch d’Duerf 1128 Hermestorph a kuerz drop Hernestorf. An den Abt Bertels nennt et mol Ermesturf, an ‘mol Ermestorf. Den opschlossräichen Iermsdrëfer Gemengewope vun 1985 setzt sech zesummen aus den Armoirië vun den Herrschaften, déi heirëmmer d‘Meeschterei haten. D‘gëllen a blo Sträife komme vun der Vogtei vun Dikrech (déi Iermsdrëf dominéiert huet) an d'Ankerkräiz vun de Fielser Herrschaft, där Steeën gehéiert hat. D‘sëlwer Kräiz weist op d‘Abtei Iechternach hinn, vun där Eppelduerf ofhängeg war an d‘dräi Lilien op d‘Folkendenger Hären! D’Wäiss Iernz entspréngt um Schetzelbur am Grengewald a gëtt kuerz drop vun der Réngelbaach verstäerkt, hiren ënneschten Deel tëscht Iermsdrëf a Reisdref gëtt ‘vallée des moulins’ ("Molenvallei") genannt an hir Millen entstoungen deels am XIX. Jh. Bei där no hirem fréiere Besëtzer Nei benannten Neimillen (vun ëm 1750) leeft d’Bricherbaach an d’Iernz. Si an d’Backesmillen vun ëm 1795 fonktionnéieren nach. Di lescht hat beispillsweis zwee Waasserrieder, krut 1910 Turbinen an konnt deemols d’Duerf mat Elektrizitéit versuergen! Am Krich goufen do Refractaire verstoppt. (D’no Reisermillen hat de Wilhelm Reusse de Folkendingen 1575 rekonstruéiert.)

Dem Carlo Hemmer haten d’Kostbarkeete vum ‘spitztürmigen Kirchlein‘am Agank vun der “Sonndesgaass“ an direkt nieft der Iernzbréck gefall. Hiren Altor, eng rar Bildhauerkonscht aus Steen vu 1592, ass vum Sculpteur A. Durner, deen ëm 1600 zu Lëtzebuerg geschafft hat. En huet am Holztabernakel Relieffer a seng Hellegefiguren ähnele Wierker aus der Tréirer Bildhauerschoul vum Rupprecht Hoffmann. D’konschtvoll Detailler vun der Kräizweestatioun, der ‘mise au tombeau’ an der Opersteehung aus Steen ënnersträichen den héige Stellewäert vu kierchleche Kulturgidder. Op hirem Kierchweihfest, d.h. de 14. September, heescht et “Ist's hell am Kreuzerhöhungstag so folgt ein strenger Winter nach!“

D‘inakzeptabel Okkupatioun, d‘Presenz vun der Groussherzogin zu London ‘mat där mir op der Säit vun den Alliéierte stoungen‘ (Michel PAULY “Geschichte Luxemburgs“) an diktatoresch Säz wéi “Der Luxemburger fühlt deutsch“ hat och un der Iernz Resistenzlerhäerzen opgerëselt a motivéiert. De jonke Camille Sutor (1921-1944) hat kanadesch Parachutiste gerett an s’am Bunker vu sengem Iermsdrëfer Heemechtshaus verstoppt, mä gouf verroden an erschoss. Säin Numm war virdrun ewell opgedaucht als Intermediaire: hien hat Geheimpläng vu Peenemünde vum Fielser Pierre Ginter weidergeleet un d’Alliéiert (z.B. Skizzen iwwer d‘neientwéckelt Geheimwaffen V1, V2 an iwwer 7 Préifstänn.) (Charlotte MICHAUX “Schwere Wege”.) (‘Similar reports came from Poland, French and Belgium sources, particularly from a Luxembourgoise worker Pierre Ginter, who had smuggled out plans of the weapons and the location of AA batteries protecting the site.’) (www.polandinexile.com/exile13.htm) D’präzis Notizen hunn de Chef vum Investigatiounsbüro Duncan Sandys, den Edem vum Churchill, iwwerzeegt an zum Alliéierte-Bombardement vu Peenemünde geféiert. (Aus dem Peenemünder ‘Reichsarbeitsdienst’ koumen och Observatioune vu Rakéitentester vum Henri Roth a Vic. Fischbach.) Dëst Kapitel aus eiser Geschicht fëllt a jidder eenzel Uertschaft Bicher. An wéi nees Rou hei agetratt ass hu lues a lues d’batter Gefiller ofgeholl. An, dem Schwäizer Dokter a Philosoph J.G. Zimmermann no, gouf a gëtt ländlech Rou heiandsdo Begeeschterung a Freed, déi Stieter net hunn.

P.S. D’al Iermsdrëfer haten trotz dem relativ schmuele Lëtzebuerger Sproochacker besonnesch Ausdreck, z.B. Felslais’ fir Kletten an ‘Fräschekauz’ fir Kauzekapp. Hir Uertschaft läit 34 km vun der Stad an hat virun 100 Joer ënner hiren 245 Awunner ë.a. dräi Berufer mat W, d.h. ee Wiewer, zwee Woner an zwee Wiert. D'Gemengeblat vun Iermsdrëf housch "De Bannhidder". Wahrscheinlech huet fréier de Préiter en Aa op Leit mat Aangele geworf, well Fësche war net iwwerall erlaabt. Den 28. August 1885 gouf den zäitweilege Verbued opgehuewen an der Weißen Ernz ze fëschen an zwar vun der Bréck ënnert der Millen vun Hieffenech un. Aktuell Zeile beschreiwen de Camping Neumuhle - Ermsdorf als ‘een gezellige 4 sterren familiecamping in het Mullerthal "Klein Zwitserland" Luxemburg‘. D‘esthetesch Landschaft an de positiven Image - Viraussetzungen zur Opnam an de geplangten Naturpark Mëllerdall - sinn hei erfëllt!