Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Hëttermillen

Do wou d'Aalbaach an d'Musel leeft entstoung aus dem ‘Lieu-dit’ Hëttermillen eng kleng Uertschaft mat 84 Leit (04.2016). Dës läit direkt ënner Greiweldeng an huet eng relativ jonk Geschicht. Et fënnt een do nieft Residencen a Privathaiser esouguer eng Crèche. Den Numm vun der Plaz kënnt duerch hir Lag tëscht dem "Hëtterbierg" an dem Flouer "Op der Hëtt". Do gouf fréier wéi zu Greiweldeng qualitativ gudde Kallek gebrannt. Mat därs Greiweldenger war beispillsweis 1735 d’Stater Schlassbréck gebaut ginn. An zwanzeg Joer drop ass do d‘nei Zonft mat 29 Kallekbrenner ernimmt! Si mussen also gutt Aarbecht geleescht hunn. D’haiteg Stroossennimm sinn ‘Hetterberg’ an Wäistrooss, am Bongert an Neie Wee oder einfach Hëttermillen an Hamesgaass.

D’Ferrariskaart weist net wäit vu Greiweldeng dräi rout Diech un der Musel mat Bezeechnung Huht. D’Kapitel Lokalgeschicht vun der Gemengen-Homepage preziséiert, dass op der Hëtt Kallek gebrannt oder ‘verhëttert‘gouf! Ee flotte “Schotz” Geschicht (à la Monique Hermes) dokumentéiert 1280 ‘Grivildingen‘. Gewosst ass, dass d‘Kelten an d‘Réimer ewell Riewen heirëmmer ugebaut hunn an am Mëttelalter Kléischter de Weinbau iwwerholl haten an ausgedehnt hunn. De strenge Wanter 1709 gouf der Musel allerdengs hir Exklusivitéit als Wäibaugebitt zréck well ‘im Flusstal überlebten die Rebstöcke’. Méi nei Daten: De lëtzebuergesche Wënzerverband gouf 1911 gegrënnt an d‘Initiative vu Wäimäert staamt aus den 1920! Am Joer 1975 ass de neie Musée du Vin zu Éinen ernimmt. - D’Hëttermillen steet bei Greiweldeng am Telefonsbuch, (dat wéi Stadbriedemes a Lenneng ewell 1887 un den Telefons-reseau ugeschloss gouf.) D’Aalbach huet hir Fruuchtmillen ugedriwwen. Hiert Waasser gouf au besoin doséiert, ‘t ass 400m méi héich geklauscht, d.h. gesammelt ginn (dëse Begrëff koum vu Klaus, vun écluse.) Do konnt nämlech eng Schleiss d’Gefäll vum Waasser regléieren dat de Millendäich bei d’Millerad geleed huet. Wéi 1929 d'Hëttermillen duerch den "Neie Wee" laanscht d'Aalbaach mat Greiweldeng verbonnen gouf ass d‘Baach do nach offen duerch d’Duerf gelaf. (1937 gouf hiert Bett vun der Strooss iwwerdeckt!) D‘Mille war bis 1930 a Betrib. Duerno gouf se verkaaft an als Wunnhaus benotzt. Hir schéin gerënnten Trap am Hallefkreess ass nach do, hir agreabel Lag huet no an no divers Bauhären ugezunn.

Fir d’Leit aus dem Dall an den Nopeschdierfer am Hannerland war d’Greiweldenger Jokebskërmes Sonndes nom 24.7. sécherlech eng Attraktioun mat Zockerbuttek, Turlatäin a Klunschen. A se hunn 1910 der Greiweldenger Kierch hir éischt Tuermauer appreciéiert, 1948 dräi nei Klacke vu Mabillon a Passante konnten 1950 op där neier Auer d‘Zäit vum Tuerm erofliesen. Eng Kandheetserënnerung vum Milly Thill ëm Allerhellgen dréit kuerz virum Krich ëm de Wee vu Greiweldeng op d’Hëttermillen. “Do sinn mir der Musel begéint, ‘t goufen e puer Steng dragehäit, déisäit laanscht d‘däitsch Uertschaft Wehr (Wier) koum en Dampzuch laanschtgedosch, an gounge Luuchten un. (‘t housch dann nach vun der Kapell aus kéim de Kleesche mam Schëff iwwer d’Musel eriwwer.’) Eng ondatéiert Brochure aus den 1970ger lueft d‘Promenade vum Duerfkär vu Greiweldeng op d’Hëttermillen‚‘die mit ihrer Liegewiese am Moselufer bei schönem Wetter zahlreiche Gäste anzieht!’(Ed. Binsfeld). Haut füge sech nobäi Haiser mat enger grousser Selbstverständlechkeet an hire friddlechen Entourage. An ‘t kann een do “am Fréijoar, wann d’Gréin sech iwwer Weidentreisch leet, grousse wäisse Wollekeschëffer nokucken, déi de Wand iwwer d’Koppen dreiwt. (Joseph Groben)

Op der 40km laanger Route du Vin, um lieu-dit "Hëttermillen" fënnt een den ‘chai’ vum domaine CEP D'OR. Dëse bar à vins charakteriséiert säit 1995 en Tuerm ‘en entonnoir.’ D’Famille Vesque, Proprietär vun ëm 13 Hektar Wangerten, ass an der eiser Viticulture present säit de 1760ger. Hire Virfuere koum aus der Lorraine op Stadtbriedemes. E gouf métayer vum Schlass – d.h. en Deel vum Erdrag stoung him zou. (D’Abtei Prüm hat deemols hires Terrain zreckkaaft an den noe Primerbierg un d’Awunner verdeelt. Hir Konditioun: do Riewen uplanzen an eng Rent dofir bezuelen .) (Will Reuland, Muselchronik.) D'aktuellt Resultat vun optimale Klima- a Buedemverhältnësser sinn excellent Produkter .

P.S. D’Awunner vum klengen Uert Hëttermillen gesouchen ewell vill Fëscher um Bord vun der Musel; se hu sech sécher gefreet mat deene Réimecher, wéi do 1986 déi 6. Weltmeeschterschaft am Sportfësche war mat 22 Natiounen um Start. Seng Fruuchtmillen ass e Stéck Geschicht. Säi Flouernumm “An der Klaus erënnert un hir ewell erkläerte Schleiss, déi eng gewësse Wichtegkeet hat. ‘t war do ni en Eremit, mä engem Spezialist vun "Toponymen" no kéinnt de liicht mysteriéisen Numm Vesque op e Personnage hiweisen mat ‘allures d'évêque’. Et haten jo emol am Stroum vun der Zäit heirëmmer Äbt Responsabilitéiten a punkto Wäibau. Kucken d’Wengerte sech geometresch zimmlech streng un, haut, hu se geographesch dach e gewësse Charme.