Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Méchelbuch

Méchelbuch ass déi zweet Uertschaft an der Gemeng Viichten. D’Stroossekaarten ginn se mat der franséischer Versioun Michelbouch un. D’Nomenklatur vun de Lëtzebuerger Uertschaften féiert se als Michelbrouch. Mä ob esou oder esou, do hat e Mechel sécher emol d’Soen… Louch do nieft engem Maarksteen bei Louhhecken e schwaarzen Hond, soll dat enger Legend no e fréiere Maarkeverréckeler gewiescht sinn! Déi zanter 1777 rechtskräfteg Ferrariskaart indiquéiert den Uert op der feuille ‘Osperen‘ südlech vum Bierg Kochert als Michelbach a weist ënner sengem Grapp voll Haiser méi grouss Häff wéi klenger. Trouvaillë fir unzepaacken, d.h. Alldagskeramik (aus Keller a Kichen) weisen op eng réimesch Keramikfabrik aus den Alentoure vu Méchelbuch hinn - Intressente krute se kierzlech zu Mamer presentéiert.

Am Steenzäitalter war d’haiteg Viichter Gemeng ewell gutt peupléiert. Zeien dovu sinn interessant Gebrauchsgéigestänn aus Quarzitsteen aus der mëttlerer Aalsteenzäit. Virun eiser Zäitrechnung sollt ënner de wäitverbreete Kelte d’industriel Siderurgie expandéieren... (a keltesch Fraen hate Freed mat Schmock an Uerts-Nimm koumen op.) Net wäit vu Michelbouch goufe kierzlech Réimermënzen an ë.a. eng Spiral-, eng Bronze-Fibel an e réimescht Brandgriewerfeld aus dem éischten Jh. no Christus fonnt. Beriichte Chronike länger Zäit wéineg Extraordinaires, passt d’Remarque vum de Montesquieu “Glécklech d’Vollek, deem seng Geschicht sech langweileg liest.“ Am Mëttelalter hu béid Dierfer zum comté Useldeng gehéiert. Hire ländleche Charakter huet emotional Wäerter an eeler Haiser aus dem 18. an 19. Jh. si gutt erhalen. Eng 1691 zu Méchelbuch gebuere Perséinlechkeet war de Michael Hormann, Dokter an duerno Iechternacher Abt (vu 1751-1775) nom Grégoire Schouppe a virum Emmanuel Limpach. (Dësem, sengem technesch begabte Groußneveu, hat hie mat knapps 30 d’Aufgab als „Directeur de forge” vu Bollendorf uvertraut.) (Paul Colljung) D’Titelsäit vu senger ‘oratio funebris’ nennt hien hochweisester Herr, an Här vun Dreis, Ettelbrücken, Bollendorf a Schengen.) (dilibri.de) Méchelbuch koum am Oktober 1841 grad wéi Uewerpallen a Liewel zum Arrondissement Judiciaire Dikrech; seng Awunnerzuel goung entretemps erop vun 108 op 131!

D‘Buch Grand Duché, Belle Epoque (Fr. Mersch) veréiwegt eng Photo vun 1902 mam Vicaire Mathias Duhr (* Ohn 1872) virum Weekraiz am Gaard vum Haus Bolmer. (Dee jonke Vicaire goung no 3 Joer op Roum weiderstodéieren! 1907 gouf e Rector bei St.Paul zu Hampton (am Minnesota) a spéider Rector zu Miesville (Hastings, MN.) De Carlo Hemmer lueft dësem verwitterte ‚Rokokobildstack‘ (deen haut an enger Spëtzboukapell steet,) seng héich kompositoresch Konscht‘. (Moses mat Gesetztafelen um Sockel, driwwer Symboler vum Calvaire, d‘Kräizegungszeen an d’Mariekréinung.) Him hat 1974 am Héichtenduerf mat „rosenumdufteter Kapelle“ allerdéngs d’Asphaltfläch ëm d’deemoleg nei Schoul ouni Bam, Blumm a Grashallem net gefall! D'Nikloskapell vu Méchelbuch, (Por Uewermäerzeg, Porverband Ettelbréck) huet en Daachreider a steet nieft engem ale Baurenhaff op der Haapt-Kräizung. 1906 krut si 200 fr. Subsid fir Kierchebänken. Se huet een Haaptaltor mat barockem Opsaz, mat Cosmas an Damian mat ‘Salbgefäss‘ a feierlechem Talar, 6 Fënstre vum Zanter vun 1948 mat medaillonaartegem Milieu. Hire Kräizwee ass vum Sculpteur Emile Hulten. Ob do wéi zu Viichten gesot gëtt ‘wa mir d’Kiercherubbel hätten‘ (fir d’Klibber) fir d’Leit zesummenzeruffen? - Den hei gebuerenen Iechternacher Éirendoumhär Jean-Pierre Kayser ass 1946 wuel net an der Karwoch gestuerwen, mä kuerz virun de Päischten. Hien hat 1939 d’Restauréierung vun der Basilika begleed an gesouch se 1945 als Ruin erëm. (Warte 2015)

Dem Moler Gerson säi Bild ‘Michelbouch - d’Kapell am Schnéi‘ ass e Wierk mat vibrante Faarf-Touchen vun enger onberéierter Natur a Friddenszäiten. D‘online “Tagebuch eines Einwohners aus Michelbrouch” (vum Paul Heinrich) beschreift am August 1938 ‘drohende Kriegswolken am Horizont Europas.’ Et ernimmt nuets vum 9./10. Mee hei kënneg Parachutisten (h.d. virdrun als Kniecht getarnte Spiounen) an ë.a. den 10. Mee muerges eng ‘Kompanie Radfahrer’ déi hei passéiert ass. Den 11. Mee koume Leit vun Obler a Beetebuerg op Méchelbuch an Evaquatioun – an d’éischt Dages-Zeitung koum de 17.5. eraus ënner däitscher Zensur. Et goung 1943 hei schlecht aus fir verstoppte Jongen an d'Leit déi se verstoppt haten. Sonndes den 21.11. gouf an aller Herrgottsfréi um ëmstallten Haff Kipgen e Refraktär, dee sech wiere wollt, déitlech blesséiert an een zweeten zoufälleg an engem Kleederschaf erwëscht. Déi jong Bauereleit koumen allenzwee am KZ ëm, zréck bloufen 3 Weesekanner. (L.Raths)

P.S. Mam Familljennumm MICHELBOUCH koumen am 18. an 19. Jh. siwe Kanner vun dräizeng zu Ell op d’Welt, zwee zu Grousbus, eent zu Colmar-les-Mersch, a bei 3 feelt d’Uertschaft. (Deltgen) Een Detail aus dem Liewe vum jonke Michel Rodange: no der Primärschoul hat hien 1841/42 de Kaploun Zahlen zu Méchelbuch ënnerstëtzt als "Hilfslehrer", 1845 goung en dann an d’nei gegrënnten Normalschoul. D’aktuell kommunal Schoul vum précoce, préscolaire a scolaire steet an der Haaptstrooss zu Viichten. Nozedroen: Déi am Joer 1900 gegrënnte Viichter Pompjeeën hunn natierlech och Membren aus den zwou Nopeschuertschaften. Am Mëttelalter hätt een si “michel” Frënn genannt, d.h. deck Frënn; en ausgestuerwene Begrëff fir kleng war dunn Spezialisten no ”luitzil“. Ëm ural kleng Festungsmauren um Bock, ëm d‘Lucilinburhuc entstoung 963 de Kär vun eiser Haaptstad, déi den 1.1.2015 ëmmerhinn 111.287 Awunner gezielt huet (an déi just 37 km vum klenge ‘Michelbrouch’ trennen.)