Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Ueweraanwen

Där 1795 gegrënnte Gemeng Niederaanwen hiren administrativen Center steet an der rue d'Ernster zu Ueweranwen. Dëst ass méi kleng wéi d’verschwëstert Duerf am Dall, 2005 hat et 627 Leit an e Joerzengt drop 716. ‘t huet e Centre de Loisirs, genannt “Loisi” an d’Zentralschoul “Am Sand”. Dass um Schoulwee keen Zäit verléiert suergen aacht Buslinnen a ronn 12 Minutten. D’Strooss mam eemolegen Numm ‘op de Woleken’ féiert vun Nidderanwen erop op d’Aarnescht. An den noe Grengewald ass net nëmme klasséiert Denkmal säit 1966. An dëse grousse Bëschareal nordëstlech vun der Stad hat den Dicks 1848 säi satirescht Gedicht “D'Vulleparlament am Grengewald“ verluet, dat d’deemoleg Oppositioun mat Biller vu Vullen parodéiert huet. D’Niederaanwener Gemeng gehéiert zu de räichste vum Land. Mat hir deelen nieft den Aanwen-Dierfer de Waldhaff, de Stafelter, Hueschtert, Rammeldeng, Ernster, Senneng an den 1842 gegrënnten Uert Sennengerbierg e gudde Klima op minimal 241 a maximal 429 m Héicht. An de vergaangene Joeren gouf hei vill gebaut oder erneiert.

Ueweraanwen huet laang zum ‘Haff Anven’ gezielt, dee fréier e Genre ‘Bezierk’ war, grad ewéi z.B. den ‘Haff Réimech’. ‘t hat wéi Uertschaften ëm d’Stad Misär mat Garnisounszaldoten: Lascombes-Zeile vum 10.12.1670 resüméieren e Bréif vum Generalprokurateur nom Depart vum Prince de Chimay.. “tant en ceste ville qu’aux environs les soldats ont commencé a voller, battre et outrager.” Iwwer 150 arméiert Zaldoten haten um Maart-Dag d’Weeër occupéiert “du costé de Hesperange, Santweyler, Anfen (Anwen)” an hunn d’Leit, déi ënnerwee op de Maart waren, iwwerfall a ‘maltraitéiert wéi Barbaren’. – Aner Notize beriichten am August 1600 vun erwëschten “Beutelschneider” op der Fouer an am Oktober vun de Franziskaner hirem aalverbréifte Recht “im Wald von Anven ihr Brennholz zu holen (und jährlich ein Fuder Wein in Grevenmacher zu erhalten.”) - E puer mam Uert verbonnen Nimm, al Daten a Stéchwierder erwähnen z.B. d‘Anne Buchholtz ou Bockholtz (Numm onkloer - mä Datum präzis) geboren am 1. April 1735 (Freitag) - an de Johann Funk, 1767 ausgewandert un d’Sproochgrenz zwësche Romania an Germania, (en An- an Auswanderungsland vu Lëtzebuerger.) 1797 ernimmt sinn d‘als Mehlmühle von Michel Weydert gegründete "Zammeschmühle", (Familie Zimmer bewohnte das Anwesen “Zammesch“ bis 1729) - an 1811 ënner ‘Pabeierfabriken zu Lëtzebuerg’ de Pierre Weydert vun Ueweraanwen. 1848 hat e relevé d’Awunnerzuele verroden: ‘Nierderanven’ louch bei 506, ‘Obranven’ bei 300 an den noen Engelshaff bei 19. De Jacques Bertrand an d‘Famill war 1857 emigréiert op New Prague am Minnesota state ‘wo er sich der Farmerei widmete‘.

Héichintressantes verroden d’sechs Bicher mat der Gemeng hirer Lokalgeschicht. D'Aarnescht am Nordoste vum Duerf, kierzlech beschriwwen als ‘Vestige d'un paysage culturel exploité par l'agriculture il y a 35 ans encore’, gouf 1988 als «Réserve Naturelle» deklaréiert an domat eng vun eisen éischten Naturschutz-Zonen! D‘48 ha grouss al Kulturlandschaft (südlech vum Engelshaff) charakteriséiert e Räichtum u raren Déieren a Planzenaarten, beispillsweis iwwer 20 Orchideenaarten an e remarkablen Hallefdrechewuess. Eng zweesproocheg Broschür presentéiert d‘landschaftlech reizvoll Plaz. An e ronn 4 km laange sentier didactique informéiert iwwer hir Particularitéiten a weist als ‘kreativste Kënschtler’ d’Natur. (A. Tenzer) Vläicht hat si 1965 hei d’(vum J. Kemmer vertounte) Kannerlidd aus der poetescher Fieder vum Stater Schoulmeeschter J.P. Kirchen inspiréiert, an deem de Refrain “Meereenche fal vum Himmel” mat “ech wuesse gär eng Grimmel” reimt... (an dat doniewt ëm ‘kandlech’ Zukunftsvisiounen dréit.) Den Auteur hat sech nämlech hei verléift a säi Liewesowend am noen Cipa ‘am Sand‘ verbruet. Geologesch gesinn rouht d’ëstlech Säit vun der Gemeng op verschiddne Keuperformatiounen, déi theoretesch Steenmonologen inspiréiere kéinnte wéi d“Onendlech Geschicht” ëm d’Land Phantásien (v. M. Ende.) D’Emfeld ëm d'iewescht Aanwen gëllt haaptsächlech als „landwirtschaftlich genutztes flachwelliges Hügelland.“ Eng flott Kaart reproduzéiert d‘eelef Baachen aus der Gemeng. D’Léiercher héiere wahrscheinlech muerges fréih d’lokal Bouneschbach an d’Brokelsgriecht spruddelen.

Den Cellerarius (a spéideren Abt) Jean Bertels aus der Mënsterabtei hat viru 1580 “Ober- an Niederanven“ en miniature am ‘Petit Bertels‘ gezeechent. Béid koume mat 4 Nopeschdierfer 1702 an d‘Par Hueschtert. Wéi 1850 d’Nidderaanwener Par entstoung mat Senneng a Sennengerbierg sollt sech dem bescheflechen Dekret vum 27. Dez. 1850 no fir Ueweraanwen näischt änneren. Haut zielt et zur grousser Communautéit “Nei Par Sektor Ost”. D’Leit vun Hueschtert a ronderëm gounge fréier bei d’Schetzelgrott pilgeren. Dem Dicks säi Legende-Buch vun 1882 erënnert un d’Schetzel-So an där et heescht… “als er starb fingen alle Glocken der umliegenden Ortschaften von selbst an zu läuten!“ (Dëst kléngt, wéi de Grimm sengerzäit sot “schlicht und treu, mit Weglassung aller überschüssigen, literareschen Ausschmückungen”, d.h. vollekstëmlech.) D'Scoute-Grupp Schetzel an hir Frënn invitéieren traditionell op hirt Buergbrennen zu Ueweraanwen.

P.S. D’Iddi Liewensqualitéit duerch Gréngflächen z’erweideren war an ass de Gemengepäpp wichteg. Den neien „Parc de l'Europe“ läit hannert dem Gemengenhaus op engem Areal vun 1,7 Hektar. Säin „Arboretum“ haten de Ministère fir ländlech Entwecklung an EU-Fördergelder ënnerstëtzt. En erméiglecht z.B. d’Entdecken vum Arbre aux mouchoirs, dem Pinus nigra, dem Judas- a Riesemammutbam an 33 aneren Zorten. De Park invitéiert beim klenge Weier ze relaxen a gëllt als “Treffpunkt fir d‘multikulturell Bevëlkerung“ (e Fait, deen der Antoinette Probst hir Zeil ‘chacun apporte une part de sa culture à la notre pour l’enrichir sans la dénaturer’ guttheescht.) Vun de 45,8% Auslänner aus der Gemeng sinn duerchschnëttlech 20% hei gebuer. Besucher aus dem ieweschten Éislek géifen doheem d’ewell ernimmte flaachwelleg Hiwellandschaft ëm ‘Uwweraanven‘ wuel schätzen mä kee Bierech an hir gesinn!