Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Pisseng

D’Pissenger Haiser reie sech tëscht Éileng a Lampech laanscht de ‘Chemin repris 172’, e Vicinalwee, deen de Staat iwwerholl huet. Hiren Ensembel gläicht de “Villages linéaires”, déi systematesch am Mëttelalter entstoungen. (G. Calteux) D’laang Duerfstrooss zielt 32 Hausnummeren an de Wee ‘Am Pesch’ huet 2 Haiser. Pisseng huet säi Cachet rural net verluer an hat, obwuel ‘t un d’Minettsgéigend grenzt, fréier kee Stëbs op den Haiser. Keen Duerfgeschwätz ass den eeleren Temoignage “nous représentions l’opposition par rapport à un sud industrialisé.” (P. Felten) D’Pisbaach ass en Zoufloss vun der Mess mat zwou Quellen. Um iwwerdaachte Wäschbur hängt eng Bréifboîte. Leit, déi si profitéieren fille wahrscheinlech ähnlech wéi de Schwäizer Aphoristiker Kurt Haberstich ‘Wahres Er-leben findet abseits der Konsumstrassen statt.

Pisseng läit wierklech e bëssen ofsäits a steet selten an offiziellen Dokumenter. Gewosst ass awer, dass et fréier den Häre vun Zolver ënnerstoung. Den hl. Willibrord soll eng Quell am Pissenger Bësch geseent hunn, déi dann als ‘Heilbronn’ d‘Mënschen ugezunn huet. (Méiglecherweise war a keltescher Zeit op där Plaz e Matrounekult. (J.P. Mertes) Vun de bekannte (nom Iechternacher Hellege benannte) mëttelalterleche Bure ware verschiddner wahrscheinlech Daafburen (G. Kiesel) D‘Buch ‘Willibrord, sein Leben und Wirken’ vum Robert Sibenaler weist eng Photo vun der Willibrordus-Kapell Pissingen. Ob hei extra geseenten ‘aqua Willibrordi’ bereetstoung fir eventuell Pilger? E Visitatiounsberiicht nennt 1560 eng Kapell, déi wahrscheinlech am Bësch bei där Quell stoung. Fromm Einsiedler ‘hatten dort eine Bleibe gefunden’. Wann eemol am Joer eng Pressessioun dohi goung war nobäi e Kreemchesmoart. (D‘heizou passend zoufälleg fonnten Internet Notiz aus ‘Forgotten Books’ ernimmt dës an de 1630ger an alem Wuertlaut «Innahm geld von S. Willibrordusbronnen zu der clausen bei Piessingen‚ an jahrlichs den 2. iuUi ein klein pittfahrt, und wanner uf dièse etwas feil-bracht wird, geind ihre gn. als hochgerichtsherr des orts berechtiget den zoll davoii gleich auf Zolvermarck zu heben; dies jahr kriegs un-sicherheit halben nichst hinbracht worden.») Op der Ferraris-Kaart ass baussd dem Uert (mat enger knapper Dosen Haiser) den Hermitage un der Pisbaach agedroen.

Kuerz viru 1714 koum e klengt Gotteshaus an d’Duerf. D’Koppel Ensch - Knepper hat d‘häiteg Kapell op hiren Terrain baue gelooss. Si steet deels verstoppt an der Haaptstrooss mat der Joreszuel 1773 iwwer der Dier an ass momentan a relativ schlechtem Zoustand. D’Buch Greeff ernimmt Ähnlechkeeten tëscht den Altär vun de Pissenger a Roudemaacher Kapellen, déi u Konscht aus der éischter Wiisser Bildhauerwierkstat erënnere mä weder Datum nach Signatur hunn. Spezialisten no hate Kënschtler sech géigesäiteg influençéiert (och d’Ateliere Greeff a Scholtus oder Koenen a Greeff.) Gläichen dem Koenen attribuéiert Statuen deene Wiisser, haten di Lescht s’als Virbiller. Den Här Walin gesäit och analog dekorativ Elementer beim Reckenger- a Pissenger Altor vun 1702. Soe mer nach just, dass d‘Duerf ‘pfarrechtlech’ bis 1805 Reckenger Filial war an dëst no kuerzer Ënnerbiechung och blouf. - Fréier gounge legendär Erzielunge vun den Duerfeelsten beim Uuchten ëm. Dem Gredt seng 1883 publizéiert Soe-Sammlung ass räich u ‘wonnerleche’ Geschichten. An enger haten droleg Geräischer eng Pissenger Fra am Bësch beim Holzrafen iwwerrascht; ‘t huet no Zerbrieche vu Schiebele geklongen... an nobäi gesouch si e Gebai aus Porzellain zesummefalen. Eng aner Kéier hat e Mann vu Pisseng, beim Reisersammelen e stiermescht Rauschen an de Bamspëtzen erschreckt. D’Beem hu sech awer net beweegt, mä d‘Stiermen war och anerwäerts opgefall.

Bekannt ass d’Duerf duerch eng So ëm dräi Kuebennäschter. D"Piissénger Kueben“ haten e Gedicht vum Marcel Reuland inspiréiert. An dat bréngt eis an d’Aktualitéit, well 2010 krut d’Duerf e Kuebe-Monument! Fir seng Präsentatioun hat ë. a. den Tréierer Bänkelsänger Andreas Sittmann d‘Gedicht vertount a virgedroen. D’Bedeitung vun där aler Riedensaart ‘deelen wéi d'Pissenger mat de Kueben‘ baséiert op d‘Geschicht vun dräi Duerfjongen, déi e Kuebennascht ‘aushiewe’ wollten. Mä beim ‘Deelen’ wollt finalement een alles, seng Deel plus ‘Fanner- an Klammerloun’! Der Solange Wozniak hir Bamskulptur mat den donkle Fer-forgés Viggel gëllt als Opwäertung vum lokale Kulturgut. Nieft dem de Kuebebam als Konschtobjet erënnert e Gedenksteen mam Text un den Dichter. D’Story vum ‘Kuebebam’ kéinnt d’Zeil “mir liewen net just haut, mä och gëscht a moar“ (Ch.-S. Bryant) illustréieren. Se weist d‘aktuell Skulptur, d‘al Geschicht an e ‘blamabelt’ Beispill fir zukünfteg Naschträiber. - Pissinger war 1880 als Familljennumm 33 mol an 1984 nach 26 mol registréiert.

P.S. De Website engelmann.uni.lu schreift Piisséng mat 2 ii. En erënnert och un al Ausdréck ëm d’éischt Silb vum Uert (déi z.B. fir dënne Kaffee stoung an heiandsdo als “Pisserie” ofgekierzt, fir Epicerie.) Net de lëtzebuerger Dictionnär, mä en opschlossräicht E.T. Melchers-Buch beschreift Gepisacks an Detailler ëm Bommenattaquen a Flaktriichteren am Minettsbassin. De 16.7.1917 hat z.B. de “Landwirt” Egide Knepper vu Pisseng eng Klo agereecht, well senger duerch Flaksplitter uerg blesséiert Kéi hu misse geschluecht ginn. D’Suite war eng ‘Sturzflut von Noten’. No ë. a. engem Bréif tëscht dem Staatsminister Kauffman an dem Oberst Tessmar blouf d’erhoffte Krichsentschiedegung net aus. 1917 krut iwwregens de Komponist Ravel e phantasmagoreschen Operen-Text vun der Schrëftstellerin Colette uvertraut. An eng vun hire ville Citatiounen ass e Luef un eng Blumm, déi hei jiddereen gutt kennt! “Tout près de Paris, à vos pieds, promeneurs, cette rosace délicate, c'est le jeune pissenlit, et cette perle à son centre, c'est sa future fleur.”