Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Rouderssen

Ufangs vum 20. Jorhonnert hat Rouderssen ënner 126 Awunner en Houfschmatt a véier Steemetzer, vun deenen een och d‘Schräiner-Talent hat. Honnert Joer drop waren do 90 Leit doheem, 2015 am Februar nees 126 (an tëschenduerch 114.) D’no Dosberbreck (Dasburg-Pont) dëssäit der Our zielt zu Rouderssen, läit 11,2 km vu Klierf an huet eng Tankstell, e Café a Wunnengen am fréieren Douanesgebai. Eng antik Postkaart weist do e Grapp voll Haiser an d’al Strooossebréck iwwer d’Our, (déi vun 1846 bis 1944 stoung; vun 22 Duerfhaiser hat eent kee Krichsschued a fënnef iwwer 50%). Säit den 1950ger féiert eng Betongsbrécke an d’westlechst Gemeng vu Rheinland-Pfalz. D’fréier Beschreiwung vum ‘romantischen Tal der Our im Naturpark Südeifel’ kléngt zimmlech onromantesch (‘Durch Hanglage und schlechte Bodenqualität konnte die Landwirtschaft die Dorfbewohner kaum ernähren. So waren die meisten Handwerker, Maurer, Tagelöhner und Waldarbeiter.’) Tsëlwecht gëllt och fir Rouderssen. D‘Wanderkaart vun der Nat'Our Route 2 vergläicht hire Wee mat enger Rees an d’Vergaangenheet an där hei nieft Miel och Lou als Nieweverdéngscht gemuel gouf. D’Leit waren also geschéckt an débrouillard!

Rouderssen huet am lëtzebuergeschen dräi Silben, well hei den ‚hau‘ verschléckt gëtt. Bei de Franken hirer “prise du territoire“ (am VII. an VIII. Jh.) huet d’Géigend sech “decisiv“ verännert duerch ‘déboisement associé à l’élevage du bétail’! D’Suite waren Gënz, Heed an deels dréchen, deels fiicht Wisen. Aner Detailler verléiere sech am Niwwel vun der Zäit. (D’Äentwert op d‘Fro ob hei Clierfer oder Veianer Hären d’Soen haten tendéiert zu den éischten; mä och d‘Klouschter Housen an d‘Trinitarier vu Veianen sollten ‘Zënse’ kréien!) Ënner Roudersser Vogteien figuréieren e Bäcker, e Bannuewen a méi wéi ee ‘Pflügershaus‘. (“De Cliärrwer Kanton“ 1995.) Am haut protegéierten Dall wiisst e gutt strukturéierte ‘mosaïque d’herbages‘. D‘Etude vum Jean Werner hieft an den 1990ger am Ourdall ëm 205 Mooszorten ervir, deenen hir remarkabel Schéinheet a Roll dacks iwwersi ginn. Si suergen z.B. fir e Mikroklima am Bësch an indiquéiere Loftverschmotzung. (Buch “Vallée de l’Our moyenne“.) Am Duerf stinn d‘Haiser deels nëmmen op enger Stroossesäit, d’Wise beim Floss wollt den Alwis M. senge Kéi reservéieren. Zum Thema Landschaft a Landwirtschaft krut Rouderssen 2006 en extensivt Beweidungskonzept presentéiert: d‘Fondatioun Hëllef fir d‘Natur hat do e Pilotprojet gestaart ‘zur Beweidung der Talwiesen mit Burenziegen. Diese kommen nämlich mit minimaler Pflege aus, stellen wenig Ansprüche an das Futter und müssen als sogenannte Fleischziegen nicht gemolken werden.‘

Wéi 1815 d‘Our eis nei Landesgrenz markéiert huet gouf ‘t muunch Changementer. Rouderssen koum aus der Gemeng a Por Dasburg an déi Housener. ‘t gouf dann 1843 eng eege Por an huet e ‘Kierfelt’ an e Porhaus gebraucht. D’kleng Kapell vu 1724 sollt no 130 Joer ersat gi, mä beim Bau entstounge finanziell bedéngten Intervallen. Rechnunge verroden d‘deemoleg Präisser (Maueren an Baumaterial 2.030,50fr, Gehëlz, Verwöllef, Daach an Tiermchen 800fr an d‘Daachdecken inklusiv Material 640fr.) Vill Intressantes bréngen d‘Buch ‘Am stëllen Dall’ – dat de Porrot 1993 erausgouf - an de Site http://houhou.lu. ’t gouf Subsiden, 1865 z.B. 200 fr fir Kierchemiwwel an d‘néideg Ecurie mat Hangar beim Paschtoueschhaus. Den Haaptaltor vun ëm 1750, dee stilistesch dem Dasburger gläicht, dee blouf. D’Fënstre vun ëm 1908 si vum Simminger. Eng zweet gebrauchte Klack vun Hollerech koum spéider (mä war eng al Mutferter.) Der Wendelin-Kierch hir zweet Patréinesch ëmginn lokal Bräich: D‘hei op Gertraudentag (17.3.) geseenten sougenannte ‘Mäusewasser‘ sollt (iwwer d‘Felder gesprëtzt) ‘Mäusefraß verhindern‘. Et housch och „Ëm ‘Gäerdendag‘ muss de Spannréck un d'Wand an d'Kromm an d'Hand“ oder och, deen Dag ‘werfen d'Handwierksleit d'Luucht an d'Baach, nëmmen d'Schneideren an d'Schouschteren waarde bis Ouschteren!“ D’1570 dokumentéiert ‘Ruterszhusen‘ - d’Dierfche mam selwechten Numm - läit net un der ‘Ur’ mä am Distrikt Bitburg-Prüm an hat fréier zur Grofschaft Veianen gezielt.

Den Housener Autopedester ‘C’ mécht zu Rouderssen d’Kéier. E geet souzesoen ‘stufefërmeg’ an den Dall - vun ëm 510m Héicht erof op 287m. Eng online Streetview-Kamera filmt e Ronnbléck beim klenge Rondpoint (mam Schëld 60km Lëtzebuerg 5km Housen.) Déi no 14,64m laang Rad- a Wanderweebréck mam Nepomuk verbënd Rouderssen a Préischend an erméiglecht Touren am “däitsch-lëtzebuergeschen Naturpark“. Eng 18km laang Ourdall-Promenade staart bei der Tëntesmille oder bei der Dasburger Bréck. D‘Buch “Et war een deemols net méisseg“(2.) beschreift de ‘Waassermätt vu Rouderssen’. Hien huet beim Sichen no Waasseroderen d’Leit dacks impressionnéiert. War e Petz gegruewen, sou déif wéi eng Leder laang, a virum Mëttesiessen kee Resultat, koum d’Waasser duerno aus der Säitewand geschoss an d’Aarbechtsgeschir louch am Bulli! (Ch. Schmit.) D‘Traesbich plätschert vun Duerscht erof hei an d’Our a waard net drop den Duuscht vu Passanten ze stëllen.

P.S. D’Leit soen zu Rouderssen Woaart (fir Wuert), zu Ënnereesbech Wuoort, zu Konstem Woeert an zu Holztem Wöaart. (Engelmann.) Franséische Généologen no gëllt de Begrëff Rode, Rod oder Rolf als Diminutif oder Dérivé vum germanesche Persounennumm Rodolphe. Aner Analysen verbannen Rod a Rode sënngeméis mat Rodeland an Ëmbroch. (A bei Rodemack kéinnt d’éischt Silb vun der Faarw rout kommen, z.B. vu roude Maueren.) (M. Teissier, 1824) (Recherches sur l'étymologie des noms de lieu et autres.) De Linguist F. Schmitthenner hat 1837 reuten oder rôden, d.h. urbar maachen als Wuerzel vum Wuert Rode betruecht. D’Endung mat -hausen betrëfft fränkesch Behausungen do wou am 6.Jh. Handelsrouten sech gekräizt hunn. Esou Theme stamen net “Aus dem Nichts”, hunn awer e legendären Hauch. Tatsaache sinn d’lokal Veräinsaktivitéiten; “di Rouderser”, de Gesank an d‘Jugend erfëllen d’Roll d’Duerfliewen z’animéieren!