Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Iwwersiren

Iwwersiren heescht eng Uertschaft westlech vum 305m héije Kréckelsbierg an der Schëtter Gemeng. D’Verkéiersschëlter vun hire Stroosse presentéiert do en Internetsite, d’lokal rue de la Syre an «am Wasserfeld» si beispillsweis eng zone 30 – mä déi zweet huet och e Busarrêt an e Foussgängerpassage!(www.schuttrange.lu/Nouveau règlement de circulation.) D’Gemeng Schëtter huet sech verännert a gouf wéi anerer ronderëm d’Stad "eng gutt Adress fir ze wunnen a gutt ze liewen" (mengt de Buergermeeschter.) Dem Spuerveräin seng Adress "De Millionär" (rue de Beyren - Iwwersiren) klengt och zimmlech villverspriechend. D’Duerf ass an 10 Joer, d.h. säit 2005 vun 605 Awunner op 718 geklommen. Seng Populatioun louch laut Relevé vun 1848 bei 139 Leit!

Zur aler Herrschaft Schëtter hu Mënsbech, Iwwersiren, Éiter a Schrasseg gehéiert. (J.-P. Koltz) Schëtter hat eng 723 ernimmten Eegekierch, vun Iwwersiren ass néierens eng ernimmt – an ‘t hat och ni eng eegen. No 1787, just virum Enn vum Ancien regime, zielen 8 Dierfer mat ë.a. Iwwersiren, Senneng an Iernster zur Por Schëtter. Dem Marc Trossen seng 608 Saiten deck "Chronik der Pfarrei Schüttringen-Hostert sowie der Höfe Anven und Schittringen" (vun 1997) kuckt op Geschicht a Virgeschicht vun 12 Uertschaften zréck. Se baséiert op Dokumenter an eeler Trouvaillen. (An Annalen wéi 'Chroniken schreibt nur derjenige, dem die Gegenwart wichtig ist' (Goethe). D'Lascombes Chronik dréit ëm d’ganzt Land. Se verréit z.B. 1723 en Detail ëm den nei opgeriichte Stater Gaalgen op Arlintgen. Well d’Awunner vu Mënsbech a Schëtter refuséiert haten um Zeremoniell vun deem senger Erriichtung deelzehuelen goufen se den 18.3. veruertelt. (D’Iwwersirener sinn dobäi net ernimmt!) - D’Ferraris–Kaart weist UBERSIEREN, d’Bréck iwwer d’Sire an de 'Kreckelberg', deen am Volleksmond och Créquisbierg heescht. Erzielungen no hätten Truppe vum franséische Marschall Créqui do e Camp gehat (a vun do aus d’Festung beschoss!) D’Originne vum Numm sollen awer vun wëlle rout-bloe Promme kommen, de Kreekelen, déi scho virun de 1680ger do gewuess sinn. Ënner Jousef II. ernimmt en Handbuch iwwer d‘territorial Verhältnesser vu 1787 'Schüttringen mit Robertsmühle, Münsbach, den Hof Obersyren und Beuren'! Eng 'kurze doch zuverläsige statistische Uebersicht des Herzogthums Luxemburg und der Grafschaft Chiny' repetéiert dës Zeil den 9. Vendemiaire vum Joer 4.

D’Quell vun der Sir gëtt als gutt amenagéierte 'puits artésien' beschriwwen (www.rivieresetfleuves.lu). Se huet zu Iwwersiren eng ‘belle allure’ a leeft hannerëm Duerf duerch eng Fiichtzone mat agreable Weeër, rare Planzen an enger beachtlecher 'réserve ornithologique'. (D‘gesamt Gewässernetz vun der Sir erschléisst en 828 ha grousst klasséiert Naturschutzgebitt. ‘t besteet am lokalen Naturreservat d'Méiglechkeet Vullestëmmen z’identifizéieren a mat Spektiv Flora a Fauna an z.B. Libellen ze stodéieren. Duerch d'Lëtschegebitt «Schlammwiss», d'Fiichtzone mam natierlech forméierten Ecosystem, ginn do um 'Dag an der Natur' Promenade - guidéeën ugebueden. Rendez-vous dofir (mat Spektiv) ass ëmmer beim Footballsterrain Iwwersiren. Viggel ginn hei um 'Bird watch day' regelméisseg observéiert an an der 'station de baguage' beréngt. Si fannen an de Lëtschen e wichtege Liewensraum mat Insekten a Spannen, d.h. hires Basis-Fudder. (Knapp 3 Méint no senger Beréngung zu Iwwersiren gouf 2001 e 'Sumpfrohrsänger' - d.h. en oder eng 'Waassergraatsch' - am Kenya kontrolléiert. Dee Viggelchen hat also d‘Distanz vu 6599 Kilometer vun der 'Schlammwiss' aus zréckgeluet. Regelméisseg kann een do Ufangs September e formidabelt Naturschauspill live erliewe wa sech 10-15.000 Schmuebelen op der Schlofplaz an de Lëtsche versammelen. Ugangs Oktober 2013 koum d'Pressenotiz, dass hei am August bei der Migratiounskontroll ee 'Buschspötter' beréngt gouf, deen am Kasakstan doheem ass, an als nei Aart an der 350 ha grousser "SCHLAMMWISS" opgefall ass. Den hei bekannte Gelbspötter nennt d’spezialiséiert Bichelche "Vögel Luxemburgs" (v. 1974) "Sproochmates"! Den Engelmann-Diktionnär bestätegt dës kuriéis Traduktioun, déi sech meeschtens awer op e Linguist bezitt!

D‘Stëftung Hëllef fir d'Natur konnt dank Spendegelder enätlech intressant Parzellen an der 'Schlammwiss' opkaafen. Dësen eenzegaartege Liewensraum vu gefliggelte Sänger läit knapps 10 km vun der Stater Philharmonie ewech a gëtt also laangfristeg erhalen. (Excellent liest sech och eng Juli-Notiz vun 1995: Deemols war hei d‘Aweiung vun där éischter Kläranlag am Land, di den EG Directiven entsprach hat.)

P.S. Ob hei bei den impressionnanten Observatioune schonn emol een drun geduet huet, dass de Franz vun Assisi d’Déieren seng Bridder genannt hat... Am Rapport mat Iwwersiren gouf et iwwregens hei emol d‘Vermësstemeldung vun engem Pohunn. An attraktiv Zeilen dréien ëm Pelzdéieren, ëm Teddybire 'Made in Übersyren'.    E puer vun hinne (nenne mer beispillsweis d’Florentine) konnten ewell e Weltmeeschtertitel matheem huelen. Bis zu 50 Stonnen brauch d’Championne am Teddybitzen Renée Hutmacher fir e flotte Petzen-Unikat. Last but not least heescht d’Hummel um westleche Fouss vum Kréckelsbierg net Bommel, mä 'Duusch'...