Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Wuelenduerf-Bréck

D’Uertschaft Wuelenduerf-Bréck hat 2005 grad 117 Awunner an 10 Joer duerno ewell 190. Se läit um Zesummefloss vun Our a Sauer, déi vun do bis op Waasserbëlleg ‘eine wohltuende Üppigkeit und ihr heiterstes Gesicht zeigt‘! (Carlo Hemmer) D’ganz Vegetatioun, d’Bongerten a Felder un der Ënnersauer begënschtegt e wuelequilibréierte Klima. (An de Joeren 2004 an 2007 gouf am Ourdall zwësche Veianen an Wuelenduerf iwwregens eng dicht buedemstänneg Populatioun vu ‘Gekielten‘ Smaragdlibellen confirméiert.) (M.Schorr, an MNHNL) Den ursprénglechen haut äifeler Uertsnumm Wallendorf gëtt dëssäit der Sauer lokal dacks Wuelenduerf ouni Unhängsel gesot. D‘éischt genannt ass e ‘staatlich anerkannten Erholungsort‘, dat zweet gëllt als ‘lieu hospitalier‘, Fëscher- a Paddlerparadäis um Bord vun der ‘Petit Suisse‘. Béid Nopeschdierfer waren emol e Ganzt, dat haut eng Grenz trennt an eng Bréck verbënnt!

D‘eelst urkundlech Erwähnung vu Wallenduerf steet 1136 ënnerem Numm Vualcheresdorf am Rapport mam Liebfrauenstift vu Prüm. Ob d’Ufangssilb op vallis (Dall) oder op e Réimer Valo zréckgeet ass onkloer! Spéider Schrëften ernimmen da Waildorff oder Valendorff.. an d‘Kaart vun 1585 Waldorf! (Reisdref war zäitweileg Rijsdorf oder Reytsdorff.) D‘Duerfchronik "Vu gester bis haett" (v. 2009) bréngt méi “Geschichte(n)“ an Erënnerunge vun Wallendorf wéi aner uertsüblech Publikatiounen. S‘ernimmt z.B. den Drëssegjäerege Krich, d’éisterräichesch Herrschaft an de ‘Maria-Theresien-Stein‘. - Bis un d’Enn vum 18. Jh., 1795, war d’Duerf Haaptuert vun enger Meierei an der Grofschaft Veianen a Guttsbesëtz vun den Häre von Fels zu Moestroff. (D‘Ferraris-Kaart hat et an de 1770ger veréiwegt an dëssäit der Sauer just e puer Haiser opgezeechent.) An der nächster Etapp, ënner der franséischer Verwaltung, koum et zum Kanton Veianen an Arrondissement Diekirch. Wéi 1815 de Wiener Kongress eis drëtt Deelung decidéiert hat koum den Uertsdeel zur Prümer Säit bei Preußen. Eist Land gouf e Grand-Duché an d’Our a Sauer e Grenzgewässer. Dat 398 Awunner grousst nei-äifeler Wallendorf gouf eng ‘Bürgermeisterei‘ am Krees Bréibreg (Bitburg)-Prüm. D’Grenz hat fir d’Betraffen vill Nodeeler: Wou d’Sauerbett mol méi no zu deer lénker Hiwwelsäit louch krut d‘rietst Ufer méi Plaz fir Weed a Gewan - an ëmgekéiert! D’Eegentëmer haten also plazeweis hir meeschte Stécker am Ausland! Allerdéngs koum een op der Sauer an Our iwwer Fuerten op di aner Säit.

Dat ongënschtegt Splécke vun den Dierfer hat villes iwwer Nuet zerrappt. D’kleng Lokalitéit Wuelenduerf-Bréck hat keng Kierch a kee Kierfech méi, an d’Leit goungen laanscht d’Sauer op Reisduerf an d’Mass. Op dëser Streck weist de Waasserlaf fir Geographen an Geologen bemierkenswert Richtungsännerungen op. Kuckenswäertes beschreiwe sollt de Louis Charlemagne Joseph L'Évêque de la Basse-Moûturie a sengem ‘Voyage historique et pittoresque dans le Grand-Duché’. Hie koum ëm 1837 den 3. Dag vu sengem Tour Lëtzebuerg-Dikrech-Veianen-Tréier och duerch Wallenduerf. – Am August 1871 hat dann de Victor Hugo do en aalt Haus a säi Carnet de voyage gemoolt mat der Remarque “départ beau temps, retour tempête.“ Tselwecht Joer entstoung um Grenzwee Wuelenduerf nieft dem Café (an der Schräinerei an Eisewuerenhandlung) den Hotel Dimmer. D’Gebai vun der fréier Wuelenduerfer „Prince Henri“ Gare vergréissert säit 1987 deen Hotelkomplex. En Zuch war do passéiert tëscht 1873 an 1963, wéi d’Sauerligne Dikrech mat Iechternach verbonnen hat.

Am August 1875 hat e Gesetz de Kredit vu 17.000 fr. bewëllegt fir d’‘construction d'un pont sur la Sûre près de Wallendorf.’ Deemols goufen och 22.000 fr. fir de Raccordement tëscht der Côte d'Eich an dem Stadzentrum votéiert. (Legilux.public.lu) (A kuerz drop war de 25. Anniversaire vum Prince-Henri des Pays-Bas senger lieutenance.) - En Zäitsprong féiert un d’ënnescht Our an d’Joer 1924. Dem Guill. Wies vu Wallenduerf-Bréck seng “Salemmillen“ gouf ëm Allerhellgen 1924 do ausprobéiert. D’Installatioun mam riisegen droten Netz a Schaufelstaangen um decke Fiichtestamm hat dann an engem Dag 19 Saalme gefaangen. (Engelmann.uni.lu). Zwanzeg Joer drop, am Zweete Weltkrich, war Wuelenduerf dräimol Kampfplaz an d'Uertschaft gouf dobäi gréisstendeels zerstéiert. D’Bréck war den 12.12.44 vollstänneg zesummegebrach. Den amerikaneschen GI-Amateurphotograph Tony Vaccaro huet d’Fro ‘virwat souvill Photoe vu Ruinen‘ beäntwert ‘hien hätt sech als Reporter vun engem anere Planéit gesinn, dee weise wollt, wat fir eng grouss Verwüstung d’Menschheet op dem Planéit Äerd uriicht!‘ (Okt. 1944.) D‘"Promenade du souvenir" weist déisäit der Grenz en intakte Bunker vum däitsche Westwall. (Altertumsfuerscher intresséieren do och jongsteenzäitlech Spuere vun Aackerbau a Véihzuucht an d’‘Glockenbecherkultur’ vun der Mëttelmierküst. An den ausgegruewenen, mam Tëtelbierg vergläichbaren, Oppidum vun den Treverer op Kasselt impressionnéiert.)

P.S. D‘70m laang Wuelenduerfer Sauerbréck vu 1957 gouf ewell 1994 ersat. An d’Ourbréck donieft steet zenter 1953. Béid verbannen d‘däitsch Grenzuertschaft mat Reisduerf. D’Uertschaft mam Suffix Bréck huet als flotte lokalen Ausdrock ‘Brennel’ fir Brennessel. D’Silbe “Wallen“ hunn och nach aner Duerfnimm inspiréiert wéi Wallenfels, Wallenrod oder Wallenbrück. D’mëttelalterlecht Wuert Waller bedeit an de Regiounen Elsass/Lorraine Pilger. Déi 1764 an der Gemeng Lichte/Wallendorf am Thüringer Wald gegrënnte Porzelläin-Manufaktur produzéiert Zier- an Gebrauchsporzelläin. D‘jetzeg Marque mam „W“ ergänzt eng Helmkroun. No dësen Detailer nach Victor Hugo Zeile vu senger zweeter Promenade à Wallendorf. "Sur nous l'orage plane, J'entends rester seul sur mon banc; Je me fourre dans mon caban, Fourrez-vous dans votre cabane... - Ces dames ont ri. Faire rire c'est rassurer.” (fr.wikisource.org) (Hien hat Schutz bei enger Ferme gesicht, an d‘Dammen aus senger Begleedung kruten do Mëllech offréiert.)