Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

On

Ohn läit 26 km vun der Stad - am Porverband mat Nidder- an Uewerdonven an zielt wéi Éinen zu de charmante restauréierte Museldierfer. Mat sengem Lokalkolorit, de Paweestroossen an deels niddrege Wënzerhaiser ass et e Motiv fir Kënschtler. D'Ger Maas huet Ohn vun der aner Säit vum Grenzfloss gemoolt.. an et krut 2004 am Concours “Schéin Dierfer a Stied“ den éischte Präis. ‘t genéisst eng gewësse gastronomesch Renommée wéins senge Frituren an sengen excellente Wäiner. D'Awunner erzielen, dass hei 1932 di éischt Traminer- a Muscatriewe geplanzt goufen. An eis soit-disant "Informatiouns-Iwwerfloss-Gesellschaft" passt eng Miseler Wäisheet, di net jidderee kennt: "Klor Waasser déit liewen – ma Freed kënnt duerch d'Riewen"! - Wéi de Museldichter Stefan Andres de Museldall fir d’éischt vun uewen erof gesinn hat, krut de Jong d’Gefill de Floss géif hien ukucken, a sot vun dem Abléck: “d’Wäibierger, den Dall an d’Héichte si bei mech komm, sou wéi ech bei si..”

Ohn ass e klenge Punkt op der Landkaart tëschd Wuermer a Meechtem a gëtt 'mol mat 'mol ouni h geschriwwen. Et läit zu Féiss vu bekannte Wéngerten a gouf 1245 fir d'éischt an engem Dokument ernimmt. Mä dass d'Géigend laang virun eiser Zäitrechnung bewunnt war, weisen archäologesch Stécker aus dem Steenzäitalter. Säi privilegiéierte Klima gëtt, wéi déi ganz Ostregioun, schonn emol "le Midi du Benelux" genannt an huet ëm 1400 Stonne Sonn am Joer. Dem Palmbierg seng Mëttelmierflora an Orchideeë stinn ënner Naturschutz. De lëtzebuerger Dictionnaire verréit, dass um ‚Pällembiereg‘ Pällem wiisst, deen dem Volleksglawen no aus dem "gelobte Land" stame soll. (Dëst a méi verréit d’48 Säiten deck Brochure ‘Sentier vin et nature Palmberg Ahn’... déi Bicherwierm verschléngen däerften.)

Ohn huet zum Gléck der Versuchung widderstanen, seng Bierghäng ze verbauen. Dofir blouf seng stilistesch Eenheet erhalen. Seng Kierch mam imposante Kierchtuerm gläicht deenen aus der Emgéigend. Hir neogotesch Altär hu Bas-Relief-Zeenen, déi nei hëlze Statioune si kuckeswäert. D'Statue vum hl. Valentin, der Barbara an dem Häerz Jesu stralen an zaarte Faarwen. D'Mater Dolorosa an d'helleg Familljen aus Naturholz hunn e liicht modernen Touch. An de Fënstere fale Prudentia, Justizia, Temperantia a Fortitudo op als Symbol vun de Kardinoldugenden; op der Evangeliesäit weisen d' Glasmolereien helleg Fraen an op der Epistelsäit helleg Männer. D'Ohner Kierch gouf gebaut nom ‘tournant du siècle‘, ëm 1908 (a mat hir entstoungen e puer schéi Wënzerhaiser..) 1911 gouf dat éischt Kand an hir gedeeft an no sechs Joer krut s'eng Waarmloftheizanlag. Tëscht 1910 a 1912 war d'Demande gemat ginn d'Chapellenie, d'Kaplanei, zur Por z'erhiewen. Dem Tuerm seng dräi nei Klacken hat de Beschof Lommel 1957 op Ouschterméindeg geweit. Extra veréiert am Duerf gëtt d' "Exaltation de la Sainte Croix"; Mëtt September, um hellgen "Kräiz-Erhéijungsdag" ass do Kiermes. D'Origine vun deem Fest si verbonne mam Erëmfanne vum Kräiz Christi duerch d'Keeserin Helena ëm 325. (Dëst koum an déi vun hirem Fils, dem Keeser Konstantin, gebaute Kierch beim Erléiser-Graf. D‘wäertvoll Reliquie gouf da spéider verschleeft an der ‘Legenda aurea‘ no 629 vum Keeser Heraklius vu Byzanz op Jerusalem zréckbruet.) D'Duerfkierch sollt den originale Foussbuedem no der Renovéirung ( v. 2011) behalen an d'al Kierchebibliothéik gëtt an engem Nieweraum conservéiert.

Ohn spiggelt sech an der klenger Donverbaach an huet Kontakt mat der grousser Welt, wann op der Musel d'Schëffer hire Passage signaléieren. Wou d‘Baach an d’Musel leeft war fréier hiert Bett méi déif a gouf zur Duerfbuedbidden. Wéini d'Ohner Goldmënzen aus dem 4. Joerhonnert verluer goungen, wësse mer net. Am Musée um Fëschmaart kann een der e puer dovu bewonneren. Si waren 1958 aus der Musel gebuerge ginn. Vun den iwwer 100 gutt erhalene réimesche Mënzen - den "Solidi"- bezeechent als Trésor de Ahn, war de gréissten Deel tëscht 367 an 374 zu Tréier geprägt ginn. No dësen intressanten Trouvaillen nach e flotte Saz aus engem schéine Buch: "Dräi Weeër féieren op d' Musel: den éischte geet de Stroossen no, den zweeten duerch d'Fläsch, well am Wäin hir Séil lieft, an den drëtte geet, dem Josef Groben no, duerch d'Geschicht an d'Konscht!” ( a.d. ‘Kierchtuermscauserien‘.)

P.S. De Maria-Theresie-Kadaster vun 1766 gëtt zu Ohn 19 Haiser un, 105 Awunner an eng Millen. Hiren imposante Millesteen verschéinert d’Duerf-Mëtt an huet och ewell en Timber dekoréiert. Engem uralen Dokument no goufen Aarbechten am Wéngert heirëmmer no Hellegefester agedeelt: Stäck decken viru St. Kathrinen, raumen no Gertraudendag, schneiden a kappen vir St. Jörgen, mëschten viru Walburgen- a banne virun Urbesdag! - 1976 gouf hei no laange Virarbechten den éischte Remembrement vun Terrain verwierklecht an zwee Joer drop legaliséiert. (Virdrun haten 284 Propriétéiten jee ronn 9 ar, duerno koume  70 Besëtzer op 37 ar.) 1991 nennt de Joseph Lahr Ohn ‘déi Museluertschaft mam héchste Prozentsaz un Haushalten, déi direkt vum Wäibau liewen', a mat de meeschten onofhängege Wënzerbetriber. “Ahn“ hunn d'Kelten en “endroit riche en eau et marécageux” bezeechent. De Spëtznumm "Ohner Draachen" geet op Waasserspeier vun der 1570 hei ernimmte Kapell zréck. Si sollten Dämonen e Spiggel virhalen a Kierche viru béisen Ugrëffer schützen.