Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Bech-Maacher

Bei Promenade laanscht d’Musel kann ee sech besonnesch gutt entspanen. "Waard een op schöpferesch Ideeën, soll ee spadséiere goen... well engem beim Promenéieren Engelen an d'Ouer flüsteren "... verréit de Sproch vun engem onbekannten Auteur. Net jidderee weess, dass de Numm Mosella, dee vun de Réimer staamt, “kleng Mosa“ also ...kleine Maas oder petite Meuse bedeit. Am Vergläich huet d’grouss Mosa 950 an d’Mosella 545 km Längt. - De 16. Januar 2011 war an der Kierch vu Bech-Maacher de Wanterconcert vun der Welleschter Musek. An zwou Wochen drop hat de Gesank nees emol d’Eier d’Radiosmass ze sangen.

D'Awunnerzuel vu Bech-Maacher, oder Bech Kleinmacher goung a kuerzer Zäit vun 536 op 619 erop. Vun hei sinn d’ Muselmoler Nico Klopp a Jos Sünnen, béid waren 1894 gebuer. Gi Leit ‘Riewekäpp’ vernannt, si s’och vu Bech-Maacher. Falen hei ural Wënzerhaiser op mat antiken Holzdieren, si se bis 500 Joer al. Op ‘Friedeschwengert’ gouf 1950 e spéit-réimesche Graf-Caveau fonnt, deen e Graf-Tempel schützt, ähnlech wéi dee vu Nehren bei Cochem (...an dee grad emol 1000 M Loftligne vun der Nenneger Réimervilla läit.) Well am enken Dall wéineg Plaz fir Aackerland war, haten d'Leit Felder zu Nenneg an eng Fähr huet si hinn an hier bruet. D’Ferme ‘Kuebeneck’ ass iwwregens Monument Classé.

U fréier erënnert hei de lokale Musée am ‘Possenhaus’ (Baujoer 1617). En entstoung op Initiative vum Prosper Kayser a gouf 1977, d.h. 10 Joer no senger Ouverture mam ‘Muedelshaus’ vergréissert. Hei war dann als éischt eng Expo vun der Ger Maas. Zenter 1984 kompletéiert d’Haus ‘An Uedems’ de Folklore- a Wäibaumusée. Hei vereenegt sech haut Kultur mat Gastronomie, seng Menuskaart bitt haaptsächlech regional Spezialitéiten un, ënner anerem och „Tiertech“. En Villeroy & Boch Iess-Service «A Possen» ass zanter 1980 exklusiv sur Place ze kafen. Den Haaptunzéihungspunkt vum Duerf ass Staatsbesetz säit 1992, huet als Bedreiwer d’Gemeng an ass haut eng 'Fondatioun'. E vereent ënner senge 7 Gebaier och d'Stammhaus vun der Famille Wellenstein a presentéiert säit 2011 e flotte Spillsaache-Rayon.

Op Kiermessonndeg kréien eenzel Kierchepatréiner op der Musel eng Drauf an d’Hand, beispillsweis op Rouchidag zu Bech-Maacher an Éinen. Vun der fréirer Becher St. Hubert Kapell si wéineg Statuen erhalen an der Klengmaacher Niklos Kapell hir Altär si net méi do; se gi vu nidderege Neien ersat a man en harmoneschen Ensembel. Un al Geschichten hat d’Brochure ‘100 Joar Poar Bech-Maacher’ 1958 erënnert. Se verréit z.B. dass vum Zwillingsduerf Bech-Klengmaacher virum Bau vun der gemeinsamer Kierch jiddereent säin Eegeliewen hat! D' 'Carte Naudin' vun 1734 weist däitlech d'Haiser vu 'Klain-Mackeren' an dernieft, getrennt duerch d'Baach, dat gréissert Bech! Op hir si Brécken aus Steen rout an déi aus Holz schwaarz. Vun 1858 sinn de neie Kierfecht an d’aktuell Kierch, déi Marberaltär huet a grouss Fresken dekoréieren vum Moler Sünnen ( ...dem ''Verfechter vum ale Muselbild' (M.Gerges)). A well bei hirem Bau hei 92 Schoulkanner eng gréisser Schoul gebraucht hunn, gouf d’bestoend Becher Kapell aus Geldmangel mat Klassesäll zur Schoul ëmfonktionéiert. - Vun ëm 1735 an typesch ass d’Weekräiz un enger Gaardemauer op der Réimecher Strooss mam Niklos, dräi Kanner an engem Engelskapp.

Associéiert ee Bech mat Bach, passt ‘bächelen’ - ee Verb dat eng Quell illustréiert - ‘die thalein mit schlankem Gang bächelt’… Den Duerfnumm war 893 agedroen als ‘Becghe’ mat g tëscht dem ch. - ‘D’Zäit ass eng Legend an e Mysterium: Si huet zéngdausend Gesiichter…’ sot emol den Thomas Clayton Wolfe. Si huet sécherlech nach méi mysteriéis Geschichten op Lager.. Eng dovun erzielt d’Legendebuch vum de la Fontaine: ‘Op der Plaz wou d’Baach vu Riemëschen an d’Musel fléisst, leien d’Klacke vu Bech begruewen, al Fëscher solle si mol héieren hu lauden‘!

P.S. Wien sech d'Bech-Maacher Kierch vun doheem aus ukucke wëllt kann dat um Internet (ënner: Panorama Eglise de Bech-Kleinmacher). Dee gefilmte Rondgang vum Raphaël Weickmans huet dokumentaresche Wäert an zaubert Liicht wou et donkel ass... Dem Volleksmond no gëtt hei de Bommenzinnes, de Brécken- a Pëtz-Hellegen, fir Reen ugeruff.