Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Berbuerg

Berbuerg mécht mat Lelleg, Mënjecker a Manternach eng Gemeng. ‘t huet d’Zentral-Schoul “Renert” an d’Maison-Relais mat Crèche fir d’Gemenge Manternach a Bech. Op der Landkaart läit et op enger Ligne tëscht Gréivemaacher an Iechternach. D’eeler Haiser vum charmanten Duerf drécke sech un den Hank vum Hiwwel, vun deem erof fréier d’Seigneurs de "BEAUREPAR" geherrscht hunn. Säit 1996 ass hei am “Haaptmann's Schlass” aplaz vum Blannen-Institut e Centre Intégré fir eeler Leit, deen d’ Asbl CLAIRE vun der Groupe Elisabeth géréiert.

Berbuerg, Berbourg, huet 855 Awunner -1878 war hir Zuel 699. D’Duerf hat 1234 de schéine Numm Biaurepair (am Sënn vu Beaurepaire fir ‘bel abri’). E Kuno oder Conon de Belpere ass 1192 ernimmt an 1307 en Egid vu Berbuerg. Vum Wirich I. senger Duechter Catherine als Priorin am Mariendall hu mer keng Daten – mä vu Wirich IV., deen hat als Berbuerger Ritter 1346 un der Schluecht vu Crécy deelgeholl! D’aalt Schlass um Plateau nieft der Strooss Altréier-Waasserbëlleg hat vill verschidde Propriétairen z.B. d’Famille de Gymnich a ‘von Isenburg‘. 1676 daucht e Berbuerger Här op an der Stader Chronik; hie war Ierf-Mundschenk vun der ‘maison ducale’ a Besëtzer vum "Berbuerger Haus", dem haitegen Hotel de Bourgogne a Staatsministère! (1612 gouf ‘t e Rechtssträit an deem d’Berbuerger hirt Recht op en Duerchgang laanscht d’Jesuitekierch gëlle gelooss hunn.)

1794-95 hu franséisch Truppen d’aalt Schlass zerstéiert an ‘t sollt verschwanne bis op spärlech Mauerreschter. Mä 20 Joer virdrun hat den Henri-Damien d’Arnoult de Soleuvre am Duerf e neit méi schlicht Barockschlass gebaut. No de strenge Seigneurs de "Beaurepar" koume spéider méi generéis Hären un d’Rudder. Gouf hei geschwat vu ‘Berbuerger Jangflëppen’, war dat eng Uspillung op de Baron Jean-Philippe d’Arnould, ee beléiften Dafpätter! (Hien hat 1755 d‘Berbuerger Schmelz gegrëndt an den Nanzéger Léopold Joseph Fabert sollt s‘1806 ëm eng Eisespléckerei um Site “Les Rochers“ erweideren. Zeng Joer drop housch de neie Schmelz-Besetzer Jean-Nicolas Collart. Wéi bis Walzwierker d‘Eise verschafft hunn hat dFenderie ausgedéngt. Am Krisejoer 1837 huet dem Jacques Lamort seng Pabeierfabrik s‘ersat, d'Société Metz & Cie huet d’Schmelz gepacht... an d’Bridder Metz si lues a lues zu eise wichtegste Schmelzhären avançéiert!

D‘Por Berbuerg war 1389 ernimmt an hire Curé Plumling gouf 1679 zu Tréier erwänt am Rapport mat engem ‘Catholische‘ Gesang- a Biet-Buch. Hir häiteg geräimeg Lambertus-Kierch huet 8 Säilen an d’16 original Fënstre vun 1898, e rengen Altor a grouss Wandmolereien am Chouer. Den Duerfkär beräicheren eng kuckeswäert Weekapell mat enger ländlecher Krëppenszeen am Relief an de barocken Haff Metzenhausen… Säi Wopen weist eng Grafplaque an der Kierch.

Soe mer nach dass d’Haaptmann’s Schlass’ iwwer Ëmweeer 1894 un d’Elisabetherinne goung fir 21.000 Frang. Si krute no 1900 d’Erzéiung vu jonge Blannen uvertraut. (Ronn 95 Joer laang war do fir laang Zäit dat eenzegt e Blannenheem am Land.) D’Schwesteren hunn um Gebitt vun der Braille-Schrëft Pionéieraarbecht geleescht… an d’Léiere vun traditionelle Blannen-Handwierker, z.B. Kuerf- a Stullflechten erméiglecht... oder d’Spille vu Musekinstrumenter wéi Harmonium a Gei. De Präis fir Pensioun an Instruktioun war 400 Fr d’Joer - an d‘Schwestere krute minimum 600 Fr. Gehalt ‘par an et par personne’ verréit de Mémorial 1906.

P.S. De Bäerbuerger Héichuewen hat tëscht 1755 an 1860 fonktionnéiert als Schmelz a Schmëtt. Ewell 1842 hat en 700 Tonne Goss produzéiert vun am ganzen 7.300 Tonnen landeswäit. (Vun eisen 11 Héichiewen hunn der zäitweileg 7 zu Bäerbuerg Bounenäerz an Holz verschafft, mä ‘t gouf och versicht Minette am Héichuewen ze reduzéieren.) Um Enn vun den 1860er gouf d‘Schmelz zougemat; d’Bridder Metz haten 1845 d’Produktioun vun der Sir an hiren Eecher Betrib verluet, dee mat Kock a Minette bedriwwe gouf. – ‘Hir an d’Wéi gelueten Talenter ze notzen‘ war sécherlech den zwou Berbuerger Hiewanen hire weise Wonsch un nei Erdebierger! Um Enn vun den 1880ger waren d‘Sartor Elisabeth, femme Rischette an d‘Palgen Catherine, veuve Clasen hei offiziell als ‘Sage-Femme‘ régistréiert.