Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Betzder

Hanner Ouljen a Richtung Wecker - 21 km vun der Stad a 9 vu Gréiwemaacher läit Betzder. 1304 an 1307 si Gidder hei ernimmt, mol am Zesummenhang mat engem Bartrenger Här, mol mat engem Osper Junker! A sengem Wope sinn 2 Ankerkräizer, 2 Léiwen an e roude Schlëssel mat Baart no uewen, een Zeechen vun Opgeschlossenheet. An dës Qualitéit huet och d’ S.E.S. Astra - dee Satellite-system, dee fir den Direktempfang an Europa an driwwer eraus un der Spëtz läit.

Betzder, Betzdorf, huet 234 Awunner an d’S.E.S., déi bei hirer Clientèle international estiméiert gëtt. ‘Betz’ ass eng elsässesch Kuerzform vu Bernhard oder Berthold. BETZDER gouf 1321 och ‘Bettinsdorf’ genannt, wat vum Persounennumm BETTO oder dem noen Uert Be'it stame soll. Et zielt zu eise ganz ale Mammeporen. Hir éischt Kierch gouf hei 1140 confirméiert als rechtleche Besetz vun der Abtei St. Maximain an enger Bulle vum Popst Innozent II. ( "in archiepiscopatu Trevirensi ecclesiam de Betestorf"). E Kanal zur Sir um Kadasterplang vu 1820 hat zur fréierer Waasserbuerg gehéiert. Dat heitegt iwwer 400 järegt Renaissance Schlass huet e räiche Steenkader mat Statu ëm d’Entreesdier a war ënner anerem Berbuerger, Bartrenger, a Lelleger Besetz. Zënter 1905 hunn Elisabetherinnen a senge Maueren op Demande vum Staat den Institut St Joseph betreit, e ‘foyer aux enfants atteints d’un handicap mental‘. No 100 Joer ware baulech Ëmäennerungen néideg; de Bléckfang aus der Klouschterkapell, d’Fënschteren vum Ad. Deville kruten deels am neie multifunktionelle Festsall eng nei Plaz. Mä der Elisabeth-Stëftung hire moderne Seefenatelier ass weider op Nr. 2, Weckerstrooss.  

Dat neit 1912 gebaute Betzder Schlass war vun 1953-1964 Residenz vum Ierwgroussherzog Jean a senger Famill. Aktuelle Proprietaire ass d’SES, d’Société Européenne des Satellites. Den ’headquarter’ vun den Astra Satelliten ass hei säit 1988 - dem Joer wou den éischte kënschtlechen Himmelskierper zu Kourou an de Weltall geschéckt gouf. -D’Martin’s Kierch vu 1748 huet e konschtvolle Rokoko-Haaptaltoer an d’Täfelung (vu 1933) ronderëm ass reng a meeschterhaft. D’Kommiounsbänk krut se 1959/60 als Cadeau vun der Groussherzoglecher Famille. Eng lescht Renovéierung hat 2003 d’al Fënster hanner dem Altor fräigeluet, d’Bänke restauréiert an d’Mauere stabiliséiert.. Di haiteg Fënschteren am Schëff, fräi Kompositioune vum Roger Bertemes vun ëm 1975, hu Motiver déi d'Impressioun ginn ze schwiewen, di zwou eeler am Chouer hu jee e Medaillon mat engem Symbol.

Beim Bau vum haitege Klackentuerm waren 1852 réimesch Fragmenter fonnt gi vun heednesche Statuen aus dem "Heede Schlass". En anere wichtege geschichtlechen Hiwäis ass de "Maertesbour" bei Betzder; hie weist op d’keltesch Natur Relioun hin an op d’Treverer. Passage war hei ëmmer, zur Zäit vu Louis XIV. gounge nieft Landstroossen op Arel a Metz och eng op Tréier via Rued/Sir, Betzder, Wecker a Gréiwemaacher. D’Justice de Paix vum ‘ci-devant canton Betzdorff’ gouf 1841 opgehuewen, an dem Friddensriichter J.B. Weydert eng ‘démission honorable’ accordéiert vu Guillaume II. Den ale Betzder Presbytère ass ‘monument classé’ zënter 1978. Nom Kaf vum Schlass vu Bierg am Joer 1997 (vum Roude Kräiz) an enger grousser Restauratioun sinn elo d’Gemenge Servicer an d’Nopeschduerf an d’herrschaftlecht Gebai transferéiert.

P.S. ‘t gëtt och en ‘Betzdorf’ an Däitschland am fréieren Herzogtum Nassau. D’ Origine vum Numm bezéien sech entweder op eng Persoun… oder eng Siedlergrupp, kënnen awer och ofgeleet si vun Betze oder Bötze, eng lokal Bezeechnung fir en „Einfriedungsort für Tiere“. Sproochlech kéinnt Betz och vu Petz fir Bir stamen... a last not least wär nach eng Verbindung mat bod an bed, prähistoresche Wierder fir Sumpf, méiglech.… Uertsnimm mat Bezuch zu Flëss, Bierger, Mueren an aneren topographesche Besonnerheeten sin meeschtens däitlech méi al ewéi déi, di no Mënschen benannt sinn, menge Spezialisten.