Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Béiweng

Béiweng läit am Réiserbann, 10 km vun der Stad. Den Ausonius hat d’Alisontia, eis Uelzecht, am 4. Jh. hei beschriwwen als “segenbringende, die verschwiegen duerch fette Böden gleitet und obstreiche Ufer berührt!“ Aus der Iwwergangszäit zum fréie Mëttelalter, wéi ë.a. iresch Missionaren heihi koumen, stamen nobäi fonnte Merovinger Griewer. ’t besti wéineg al Dokumenter, mä ënner dem Jang de Blannen ass 1324 de Verkaf vun de Millen vu Bierchem an Béiweng erwähnt. 1495 hat d’Duerf 7 Feierstellen, Krautem 4 a Réiser 11 (mol 5 Persounen.) Siwe Räichstdaler war engem Haydt vu Kanffen 1632 d‘Haus vum verstuerwne Meier Biever vu Béiweng wäert. 1684 gouf de Maréchal Créqui Uerder d’Réiserbänner missten fir 4 Méint op Thionville a Longwy plënneren. D’Stadbelagerung hat hei fir Misär gesuergt, an och d’Nopeschdierfer goufen e puermol ausgeräibert oder ageäschert; (och zwësche 1695 an ’97, woufir da no 20 Joer d‘Fro koum no Schuedenersatz.) D‘räichgespickte 'Réiserbänner Chronik' beliicht nieft trauregen Aspekter och d'friddlech Epochen, z.b. déi vun der Maria-Theresia, an där d‘Agrikultur opliewe sollt a 1768 den éischte Réiser Kadaster entstoung.

Béiweng hat Enn Abrell 2014 genee 889 Awunner. Barockhäiser sinn haut hei rar Zeie vu Wuelstand an der leschter Period vum Ancien Régime. Protectioun vum Environnement geet aus Texter vu 1757 ervir an deenen d’Cour ordonnéiert huet, an den Distrikter mat Flëss wéi z.B. ‘d’Alésette’, Sire, Kyl, Wiltz an Our dofir ze suergen, dass ‘les lits et bords soient incessemment nettoiés par les sujets de leurs offices’. An 1770 gouf d’Beschiedege vun Hecke verbueden, ‘haies vives ou sèches, fossés ou autre cloture - à peine d’une amende de 25 florins d’or!’ (Ons Stad, 38.) Wichteg war duerno dann den Zuchprojet Lëtzebuerg–Diddenuewen, deen de Prënz Hary de 5. Mee 1856 ënnerschriwwen hat. (D’Streck goung laanscht Bouneweg, den Territoire vu Fenteng, Béiweng, Bierchem, Léiweng, iwwer Beetebuerg, Diddeleng, Zouftgen asw.) No ronn 20 Joer koum d’Fentenger Gare op 'Berchem-Bivange' à Condition‚ dass en neie Verbindungswee tëscht den zwee Dierfer lénks vum Floss an Réiser-Krautem kéim. Dëse gouf dann 1879 gebaut.

Well déi eenzeg Verbindung, de Pëppel- oder Brillewee, a schlechtem Zoustand an dacks iwwerschwëmmt war, konnten d‘Béiweng-Bierchemer oft net an d‘Réiser Kierch goen an d’Leit dës- an déisäit der Uelzecht hate kaum Kontakt. Wéi 1852 Réiser eng gréisser Kierch geplangt huet zur Krautemer Säit - war dat fir d‘Krautemer Leit no, ma fir déi Béiweng-Bierchemer wäit! Wéi dës dunn décidéiert hunn eegestänneg ze ginn, entstounge länger Streidereien. D’Leit vu B.-B. wollten dee Réiser Neibau net finanziell ënnerstëtzen an hunn d'Holz fir säin Dachgespär (aus hire Bëscher) verstoppt. (Fir d’Westfront vun der Festung Lëtzebuerg ze verstäerken gouf ewell 1463 Brennholz aus hirem Bësch ordonnéiert fir de Kallekuewen.) Finalement huet den Architekt Eberhard 1860 Pläng gemat fir d’nei Béiweng-Bierchemer Kierch. Si koum nieft de Kierfech an d’Plaz vun der 1570 dokumentéierter Margréide-Kapell. An hir nei Por gouf 1861 déi jéngst aus dem Réiserbann. Hir Patréiner sinn den Apostel Matthias an d’helleg Margaretha mam Draach, d’Nouthelferin a Protectrice vu Baueren a Fraen. D‘Fënstren aus dem Atelier Linster a Schmit si vun 1898 an hu reng Zeenebiller. 1990 gouf bei der grousser Kiercherenovatioun ë. a. eng Foussbuedemheizung an en neie Buedem installéiert. Um Kierfech fällt e Votivkräiz vun 1765 op vum Battista Greeff mat ë.a. der ‘Marguerite terrassant le dragon’ ënnen an zwee Engelskäpp uewen. An net ze vergiessen, hannert der Kierchenentrée hängt den Dafschäin vum Edward Steichen, deen de 27. 3.1879 hei gebuer war.

De klengen Eduard goung geschwënn mat der Famill an Amerika a gouf ee ganz Berühmten am Domaine Photographie! Hien huet seng al Heemecht 1965 besicht an dem lëtzebuerger Staat säi Liewenswierk "The Family of Man" geschenkt. Seng Fra Joanna Taub hat hien als 86järegen op Lëtzebuerg begleet. En ass de 25. Mäerz 1973 gestuerwen a gouf no engem Jorzéngt als ‘fils célèbre’ vum Réiserbann geéiert. E commemorative Relief vum Julien an Nina Lefèvre, eng no him benannte Plaz an eng Strooss erënneren elo zu Béiweng un de Patriarch vun der Photographie. D’Supervisioun vum 1985 un eise Nationalmusée gemate legs Edward Steichen haten d‘Joanna T. Steichen an d‘George Eastman House. Et ëmfaasst eng 60 Konscht-Portraiten, déi di vum Kënschtler creéiert nei ‘forme d’art indépendante’ dokumentéieren.. Dem Bertrand Ney seng Stèle-Souvenir hält säit 1993 mam agemauerte Gebuertsschäin virum Kulturhaus-Edward-Steichen en Dialog. Ronderëm d’Expo temporaire ‘Portraits de la collection du MNHA’ gouf 2011 de Secret vum Portraitist verroden: ‘sech komplett an de Modell erafillen an d’eegen Identitéit total vergiessen.'

P.S. Och wann den Numm Réiserbann eréischt am 7. Jh. opdaucht, war säin Dall säit dem Steenzäitalter bewunnt. Den Ensembel vum Wiseflouer, d'Gewan an de Bësch maachen de Bann aus tëscht Hesper a Beetebuerg. A Bannhidder hu fréier do wi ronderëm op d’Bannströpper opgepasst. (Wierderbuch M. Huss 1906.) D‘Wisen am offenen, eenzegaartegen Uelzechtdall sinn hei eng Zort natierleche ‘bassin de retention’, an d’Duerfstroossen hunn en ‘développement époustouflant’ erlieft! Dësen 2007 gebrauchten Ausdrock ergänzt de Saz vum Baudelaire “La forme d’une ville (ou d’un village) change plus vite, hélas, que le coeur d’un mortel”. Béiweng huet nämlech eng Apdikt - nobäi d’Kockelscheier Eisbunn an d’Krautemer Piscine. Wie sech fir d’Karrière vu sengem berühmten Auswanderer intresséiert, Bicher erziele seng Biographie a Postere veréiwegen d’esthetesch Charakterkäpp, déi ewell virun 100 Joer e mondäne Publikum begeeschtert hunn.