Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Biwer

 

Ronn 20 % vun der Gemeng Biwer bedecke Bëscher… Dem Klaus Ender säi Saz ‘Der Wald ist eine Komposition der leisen Töne...’ kann een do um 7 km laangen Autopedester noëmfannen. ‘t waren 1851 beim Däiwelssteen am Biwer-Bësch Grafhiwwelen entdeckt ginn. A bei der Renovéierung vun der Kierch gouf 1974 e réimesche Ronntempel fonnt an eng schéin intakt Vase, déi haut am Musée um Fëschmaart steet. D'Nimm vun de Stroossen sinn hei och gutt fonnt, eng heescht z.B. 'Op der Ëmkéier' an aanrer 'am Brell', Hierzebierg oder 'Meescheck'. Nach ze soen: d’Donati-kiermes, d’kleng Kiermes, erënnert un den Duerf-Patréiner.

Biwer a seng Landschaft sinn attraktiv fir Amateure vu gudder Liewensqualitéit. Et läit op hallwer Streck Tréier-Lëtzebuerg, 20 km vu Miersch an 21 vun der Stad - an un der RN14 tëscht Dikrech an dem Weckergronn. D’Verb ‘biweren’ bedeit am alhéichdäitschen wehren, bewahren a schützen! D’Duerf mat den 773 Awunner breed sech aus um Fouss vum 'Schoofsbierg' an dem 'Hierzebierg ' (en Hiwäis op Schof an Hirschen..) an op béide Säite vun der Biwerbaach. Dës entsteet beim Zesummefloss vun der Budler- an der Breinertbaach; op an e puer klenge Niewenäerm. Se leeft no 3,8 km zu Wecker an der Grousswiss an d'Sir. Un hir leien d'Marx- an d'Kloosmillen ...haut e Gaardenzenter mat Mikroklima an Elite-Planzen! D’al ‘Jockelsmillen’ ass, mam Gaart an Ëmgeréits, grad wéi d‘al Eech om Weydiger Wee an d’Haus Nr. 1 um Knapp Monument classé. Um Gemengewopen erënneren zwee gekräizte Beschofsstief un d’Andreas Kräiz an d’Abteie vun Iechternach a St. Maximäin - säin Ankerkräiz weist op d’Berbuerger Herrschaft hinn, (där de gréissten Deel säit dem 11. Jh. gehéiert hat) an di 2 Réng op d’Wecker Hären.

De romanesche Kierchtuerm ass manner al wéi ugeholl. E war och net zu Biwer viirgesinn. Säi Plang war virun engem Joerhonnert verwiesselt gi mat deem vun der fréierer Bivelser Kierch! D‘Entrée mam Wope vun den Häre vu Gymnich-Berbuerg ass gotesch inspiréiert, de Giewel an d’Kiercheschëff si neoklassizistesch. D’Pietà mam stoesche Bléck ass vun ëm 1800. Si an déi aner Statuen drecken eng urwüchseg Frëmmegkeet aus.. an där d'Grenz tëscht Konscht an Handwierk fléissend verleeft. D'spéider e puermol ëmgebauten an erweidert Müller-Uergel datéiert vun 1898 (an Kläng wéi hir hate sécherlech den Här Joseph Biwer, de Komponist vun "Léif Mamm", zum Saz inspiréiert "Musik hören heisst auch beten".) An d’Kierchefënstren? Déi eelst huet just 3 Joer méi, an déi sechs vum Jean-Pierre Koppes si vun 1910. Bal di selwecht koumen 4 Joer drop op Heischent. Déi mi modern si vum Zanter aus de 1970ger.

D’Gemeng krut 2009 den offizielle Label "Drëpsi - Mir schaffen fir proppert Drënkwasser". Den Duerf-Numm soll hierkomme vu Biber.. Een Zesummenhang mat Biberjeeër oder -Fellhändler läit also no! ‘t gouf sécherlech mat hei usiess’ge ‘Rongeure’ gehandelt. Wahrscheinlech ass dann ‘mol aus der Biber- d’Biwerbaach ginn!! (Dëse Pelzdéieren hire Liewensraum setzt eng ‘Vielfalt‘ vum Liewen am a beim Waasser viraus.) An de Biwerhutt? D‘ass en deieren aus Biberhoer gemate Fëlzhutt… edel a ganz haltbar. - Soe mer nach dass d’no Autobunn virun 20 Joer e Bauboom provozéiert hat – dass 1965 an der d‘Landgemeng 34 Bauere waren an 2007 nach 15... Nach lescht Chiffren: der Statistik no waren 1901 hei 241 Päerd an 100 Schof. An am Februar 2002 stoungen grad souvill Männer wéi Fraen am Gemengeregester, zwee mol 746, mat am ganzen 884 Autoen.

P:S: Biwer daucht 852-53 op an ale Schrëften als Biueren. En anert mat ie ass en gréisseren Uertsbezierk vun Tréier. Last not least schenkt d’Gemeng bei Hochzäiten hei net méi en traditionellt Kachbuch, mä eng Magnum Fläsch Champes mat typesch-lokalem Etikett, d.h. mam Bild vun hirer Réimervase, der Biwer Kierch an der Wecker Gare... (De Quartier Wecker-Gare war 1962 vun der Por Biwer getrennt ginn.) Gouf hei ongalant gestridde, fréier, dann huet "Wecker Rousendall" mat "Biwer Schwäistall" gereimt... De Josy Braun (1938-2012) goung iwwregens hei an d'Primärschoul; hien hat fantasievoll Uertsnimm gär, beispillsweis 'Knousperdeng' a seng Kierchenauer - an seng lëtzebuergesch Traduktioun vum 'Petit Prince' koum a 4 Oploen eraus.