Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Boxer

D’Promenade Aasselbur – Boxer offréiert op hiren 13 km bal all Zorte vu Landschaft... nom Depart bei der Salle Polyvalente vu Boxer geet et biergof duerch de Bësch, laanscht e Fliegerwrack aus dem zweete Weltkrich, da biergop weider bei d’Trëtterbaach, d’Aasselburer Millen an dann erëm biergop!  Begéingt een hei ‘kräfteg Typen vun eleganter stämmeger Statur mat staarke Knachen a glatem, kuerzem Hoer, ausgeglachenem Charakter a bei Friemen virsiichteg bis mësstrauesch…. kënnen dat souwuel ‘Boxer’ Leit sinn wéi och ganz selbstbewosst Muppen!

Boxer huet laang zur Gemeng Aasselbur gezielt, an ‘t gouf am Spaass do gesot ‘Boxer Wääss’ fir Molbier… dee gutt an der Géigend wiisst. D’Lag vum Éislek hunn d’Bauere fréier ouni sech ëm geographesch Präzisioun ze këmmeren erkläert ...‘do wou Giins wiisst a kee Weess’! Boxer oder Boxhorn gehéiert haut mat sengen 339 Awunner (der Zuel vum Hierscht 2009)  zur Gemeng Wëntger, dem Dekanat Klierf a läit tëscht Stackem a Maulesmillen. Seng massiv grouss Kierch war an der Ardenner Offensiv deelweis zerstéiert 'giän'. D’ganzt Duerf hat Mëtt Januar 1945 schwéier ënner Fligerugrëff gelidden; vill Haiser goufen deels schwéier deels liicht beschiedegt… An ‘t hat iwwer 60 Begriefnesser bis d’Amerikaner d’Plaz den 22. Januar befreit hunn.

Déi 4 Weekapellen mat Privatcharakter sinn ‘integrale Bestanddeel vun der ländlecher Baukultur an droen zum Erschléisse vun der Duerfgeschicht bäi…’ (schreift de Michel Schmitt). Fir d’aachteckeg Grondrësser gutt hinzekréien huet meeschtens e Schräiner eng Schabloun gemat an de Steemetzer huet rondrëm si gebaut. Um Internet weise nieft ale Vuen och al Kaarten den Interieur vun der Boxer Kierch mat Fresken iwwer dem Triumphbou a Statiounen aus Holz mat räichverschaffte Kaderen! Si ass di gréisst aus der Gemeng, gouf 1896 gebaut a  1910 ageweit. Se huet den Altor vun deemools mat Statue vun hire Patréiner, dem hl. Alphons an der hl. Barbara - an zanter ufangs de 1950ger dräi nei Klacken. (1602 stoung hei iwwregens nach eng Kapell aus Holz...) Een Hiwäis op eng gréisser Restauréierung gëtt 1852 e Subsid vu 450 Frang fir de ‘Bau eines Thurmes auf der Kirche von Boxhorn’.

D’Duerf krut 1892 eng nei Schoul an dofir 700 Frang Subsid. Schoulschwëstere waren hei tëscht 1894 a 1945, si kruten op Wonsch vun der Kongregatioun 75 % vun der Pai vun enger Léierin… bezuelt vun der Gemeng. Ob Schoulbicher en Henri Boxhornius ernimmen aus dem 16. Jh… de noble Baudouin an d'Alix de Boxhorn aus dem Brabant…. oder de Professer Marcus Zuerius van Boxhorn vun der Universitéit Leiden? - Keng Uni mä eng Lëscht ‘des Survivants’ huet zwee Boxer Jongen agedroen : de Jean Michel Patz vun hei hat dem Napoleon seng Russland Campagne als Caporal matgemaach an de Wilstraut Theodore war an der ‘garde impériale’ an der Wagram-Schluecht a gouf als Sergeant beim Russland-Feldzuch um Dnieper blesséiert. Si an hir Nokommen hunn duerno bestëmmt eis friddlech Natur a gemittlech Traditiounen optimal genoss!

P.S. De Boxer Stroosseplang mat de Gäerd a Felder kuckt sech bal un ewéi e Spaweck... well do alles no beieneen ass. Op Boxer passt den Ufank vum nächste Saz, mä net de Rescht  “man spricht von einem 500-Seelen-Dorf (...aber von einer 5-Millionen-Metropole)" vum René Steininger, well et hat am Hierscht 2009 knapps 339 Awunner! Ob hei dat typescht nordéisleker' schurrëpsen', oder 'schirrëpsen' nach gesot gëtt fir d’Geräisch, dat Zerräisse vun Stoff mécht kënne vläicht eeler Awunner beäntweren..