Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Clierf

 

Clierf oder Cliärref ass e privilégiéierten Zentrum an de lëtzebuerger Ardennen. Zanter 1880 verbënnt eng Zuchligne d'Stad via Kautebach a Clierf mat der belscher Grenz a sollt hëllefen seng Ressourcen Tourismus a Gastronomie ze verbesseren. Am Krich, am September 1944 hunn d'Amerikaner et vum Wee vu Wäicherdang aus als "charming little town, hidden in the most beautiful part of Luxembourg" bezeechent obscho säi Schlass eng hallef Ruin war. Aner Attachë mat Amerika krut d‘renovéiert Clierfer Schlass am spéiden 20. Joerhonnert duerch di deels freedeg, deels dramatesch an emouvant Fotokollektioun vum Edward Steichen senger "Family of man".

D'Clierfer Buerg an hiren Här Gerhard von Sponheim goufe schonn 1129 ernimmt an de Walter vu Meesebuerg 1315; déi dräi Meesen aus dem Wope vu sengem Haus sinn nach haut um Clierfer Stadwopen. Ëm 1458 gouf d'Buerg vergréissert an 1887 mat Steng vun ofgerappten Niewegebäier e neit Schlass, den haitege "Grand Hotel du Parc" gebaut fir de Comte de Berlaymont. Den Uertsnumm geet zréck op Claravallis, ’Clair Val’, hellen Dall. Vum franséische ’Clairvaux’ steet geschriwwen "wien de séissen Nektar vun deem Numm héiert, ass op där Plaz invitéiert z'erfueren, dass nëmme grousst Gléck en inspiréiere konnt!"

Dem kultivéierte Buergermeeschter Emile Prum a senge Virbiller verdankt Clierf säin architektoneschen Equiliber. Tëschent dem Schlass an der Abtei entstoung ëm 1912 op der "Lay" eng nei Kierch am "style romain-rhénan" no Pläng vum nidderlännesch-däitschen Architekt Johann Franz Klomp. Se trount wéi eng Basilika iwwer der Buerg op engem fielsege Biergréck, ass aus lokalem Steen a passt gutt zu hirem impressionanten Entourage. De Neibau sollt duerch ausgefeilten Detailler an Transzendenz wierken, dofir waren "réalisateurs de marque" gesicht ginn. Transzendent wëllt soën, vun enger Idii inspiréiert an net just eng Kopie vun der Wierklechkeet. Hir elegant hallefhéich ronn Duebeltierm encadréiren de Giewel mat senger a Stee gehaener Kräizigungsszeen. 't steet a grousse Lettren ënner de Fënstren, dass d' "Claravallenses", d.h. Clierfer Leit d'Kierch opgeriicht hunn ënner dem Beschof Koppes an dem Règne vum Grand-Duc Guillaume de Naussau an der Marie-Anne, Infantin vu Portugal. Iwwer dem Portal presentéiert e faarwege Mosaik d’Kierchepatréiner Cosmas an Damian op goldegem Fong. Déi syresch Zwillingen hunn als Dokter Mënschen an Déiere gratis soignéiert a sinn am Joer 303 als Märtyrer gestuerwen. Dëse Mosaik kopéiert d'Original aus dem 6. Jh. vun der Cosmas-an-Damian-Basilika vu Roum. Dem Kiercheraum seng konschtvoll Mosaiken, spéitgotesch Schnëtzaltär, Marberaarbechten a Steeskulpturen, z.B. de Kräizwee a Priedegtstull vum bekannten Oochener Kierchebildhauer Lambert Piedboeuf spiggelen d‘reliéist Empfanne vu virun honnert Joer erëm. D‘al héich romanesch Stilfënstere weisen eng beispillhaft Noblesse, (di nei méi expressiv si vum Zanter.. grad wéi di zweedimensional Wierker vum Benedikt a Franziskus a verfeinerter réimescher Mosaiktechnik.) D'monumental Haupt-Uargel vu 1955 hat laang Zäit en Organist, dee fir d'Kierchemusek jiddfer Zopp stoe gelooss hätt. (De Marcel Bartholmé war dem Albert Leblanc an der Oktav opgefall, an deen hat ëm geroden seng musikalesch Formatioun ze perfektionnéiren.) Clierf hat fréier eng Kapell am Schlassberéng a krut 1803 eng eege Kierch bei der Maartplaz. 't hat virdrun zur Por Munzen gehéiert an dem Bistum Metz. Duerno gouf et selwer eng Por mat Reiler (a kuerz Ischpelt); ‘t krut définitif da nach Eeselbuer als Filial a gouf 1820 Dekanatssëtz.

Säit 1910 steet hei op der Héicht d’Benediktinerabtei; d’Tuermspëtz vun hirer neoromanescher Kierch liicht muerges an der Sonn; hei schaffe, meditéiren a sangen d’Pateren hir deels gregorianesch Gesäng a geréieren eng attraktiv Souvenirsboutique. Bekannt a kuckeswäert ass och d'Clierfer Loretto Kapell, 1786 gebaut vum Claude de Lannoy am Rokoko Stil; hien hat zu Loretto bei Pavia eng Schluecht gewonnen.. Manner Gléck hat dee scho genannte Clierfer Här, deen duerch Marriage zu dësem Titel koum, de Walter vu Meysemburg; hie war 1346 mat Jang dem Blannen zu Crécy ëmkomm. (Extrait a.d. ‘Kierchtuermscauserien‘ vun 2007)

P.S. Ir eist Land seng haiteg Grenzen hat louch Clierf am sougenannte ‘Jrofeland’. Nozedroen zu hire Grondbesëtzer ass d’Elisabeth de Heu, d’1599 verstuerwen Ierwin vu Clierf, déi quasi an der Wéi mam Gotfried I. vun Eltz an Ottange verlobt, 1564 bestued an da Mamm vun 10 Kanner gouf. Ee vun de barocke Grafsteng an der sougenannter ‘Clerwer Kappell‘ zu Munzen erënnert un si. Eenzel Monumenter a ganz Kierchen wéi di Clierfer confirméieren d'"propos sur l'art" vum Matisse: "tout l'art digne de ce nom est religieux"; aner Wierker nennt hien en ‘art documentaire’ oder ‘anecdotique’. - Clierf krut fir 100 Joer Kierch eng 5. Klack an de lenken Tuerm, (si ass dem séileggesprachene Jean-Paul II. dédiéiert; hir Virgängerin datéiert vum Poopstbesuch zu Lëtzebuerg). De Carillon vu 1932 gouf erweidert a spillt neierdéngs 25 Melodien. An där ‘groussaarteger Landschaftskompositioun’ vum Nordéislek (Carlo Hemmer) soe se Kliärref, am Südéislek ‘Klärref’ an am nërdleche Gutland bis op Iechternach eriwwer ‘Kleerf’.