Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Dondel

Dondel gehéiert zur Por Nouspelt an dem Porverband Mamerdall. Duerch d'Duerf féiert eng vun eise wichtege Verkéiers-Achsen, d'Nationalstrooss 12, si verbënd d‘Wämperhaart mat der Stader Stäreplaz. Eng lokal Legend ëm Wiichtelen hat eng Hiel op ‘Fäsch’ als Kulisse. Ee Steeworf vum Fiels ewäch hat emol de Méchel Wagner beim Raschten, nom Plouen, mysteriéis Stëmmen imitéiert… E sot ‘mir och e Pflamb’… a mëttes loug en herrleche ‘Flammkuch’ op sengem Plou!

 Dondel, (Dondelange), ass mat sengen 168 Awunner, d.h. 83 Fraen an 85 Männer, Deel vun der Kielener Gemeng, a läit als eenzecht vun hiren Dierfer am Dall... D‘Landschaft um Plateau säitlech iwwerem Duerf steet mat ëm 6 ha Heed …an enger grousser Pufferzon… zënter 1987 ënner Naturschutz…. Dës Plaz genannt ’'Telpeschholz’ an d’Naturschutzgebitt Fënsterdall gëllen als éischt protegéiert Zonen zu Lëtzebuerg.

Dondel gouf wahrscheinlech an der keltescher Zäit gegrënnt. ‘t war fréier duerch seng iewescht an ënnescht Käre-Mille bekannt. Si si schonn 1280 an 1328 ernimmt, bestinn awer net méi… mä t’ gëtt hei eng rue du Moulin… Eng drëtt Mille louch méi zu Buer hinn an huet ‚elektresch‘ gemat, als 1. aus der Géigend! D’Mëller ware fréier d’symbolesch Häre vum Duerf, dat laang un d‘Herrschaft Aansebuerg an d‘Vogtei Lëtzebuerg gegrenzt huet.. Säin heitege Numm daucht 1463 an Akten op. - Iwwer d’Uesbaach (déi vu Nouspelt erof kënnt) geet hei eng besonnesch schéi Bréck aus dem Joer 1864. Se krut e puer Béi bäi bei den éischten, well d’Strooss e puermol geréckelt gi war. 2008 stoung si um Dag vum Patrimoine als Exempel vun opwenneg renovéiertem Kulturgutt an der Presse. D’Dondelerbaach entspréngt um Flouer ‘Heedchen‘ a leeft zesumme mat der Uesbaach bei der „Brachwiss“ tëscht Buer an Aansebuerg an d’Äisch. Di al rustikal Kapell mam Daachreider ass dem hellgen Haupert geweit; se huet eng Klack a 6 Fënschtere mat konschtvolle Biller vu Bëschdéieren, wéi de Frantz Kinnen s‘ ëm 1958 gesouch: Ee Fuuss, en Hirsch, en Hues mä och e Fëschreiher an de Patréiner ‘mol als Bëschof ‘mol als Jeeër… Se huet a Plaz vu Säitenaltär 2 Statuen .. an nach emol d‘Joer eng Mass op Haupeschdag.

Kaum bekannt ass nach d’Affair ëm en Dondeler Grousspropriétair… (dee grad wéi säi Papp an der Steierperzeptioun war.) De Josef Mohimont hat 1830 als Mamer Steierreceveur ënner Zwang den duerch d‘belsch Revolution opbrueten Awunner 5004 Florin’en aus der Gemengecaisse ginn, d‘Geld fir de neie Schoulbau…! D‘ spéidert Uerteel (vum: 20. Juni 1833 vum Gemengerot vun Mamer) huet dem Dondeler seng ongesetzlech Doot awer net bestrooft …d’Zäit-ëmstänn hätten dee Gewalt-Akt gerechtfäerdegt!!! Nach ze soen: d’sougenannten Dondeler Schlass war d’aalt Patrizierhaus vun der ieweschter Millen...… Et ass trotz sengem Aspekt a Wierklechkeet just en Appartementshaus.

P.S. Bei archeologesche Fouillen goufe merovingesch Griewer tëscht Nouspelt an Dondel fonnt… An fréier waren an der Gemeng haaptsächlech Baueren, Handwierker an Doléiner, di deels zu Aansebuerg geschafft hun. Wéi bei esou munnchen huet dësen Uertsdnumm och e Familljenumm inspiréiert. Deen 1816 zu Iechternach verstuerwene Geschäfsmann Jean-Henri Dondelinger gëtt haut nach ernimmt. Hien hat 1798 d'hallef zerfalle Benediktinerabtei kaaft an eng Porzeläinmanufaktur an der deemoleger Klouschterkierch ageriicht, déi säi Fils a säin Enkel weidergeféiert hunn. Mä dat ass e Kapitel fir sech!