Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Diddeleng

De 4. August 1907 hat de Grand-Duc Guillaume IV. Diddeleng mat Biereng a Butschebuerg zur Stad erhuewen. Eng Postkaart vun deem Dag weist dat aalt Stadhaus, déi nei imposant Kierch an déi fréier Schlassmauer. D'Uertschaft hat dunn sechs Héichiewen, een Thomasstolwierk, e Walzwierk an e puer Walzstroossen. (Minette war hei nämlech 1881 entdeckt ginn!) Ënner hiren 2.428 Schmelz-Aarbechter waren 1032 Italiener, 355 Däitscher, ee  russeschen a ronn 100 belsch Staatsbierger. Hir Awunnerzuel hat sech säit der Grënnung vun der Schmelz a 25 Joer verduebelt. 1912 hat Diddeleng eng Musek, en Turnveräin an e Spidol mat 16 Better, gläich fënnef Footballclibb an en Cinema. D’kathoulesch Jongmännerkongregatioun an d‘Scoute goufe 1913 gegrënnt an d'Guiden 1921 vun der Joffer Mayrisch. D’Uertschaft ass haut déi véiertgréisst vun 12 Stied aus dem Land hat am November 2005 beispillsweis 17.900 Awunner (a 7 Joer duerno 19.403)

Diddeleng hat bis 1402 eng Tieflandbuerg op der haiteger Stadhausplaz an e Ritter Hugo war do ewell 1210 ernimmt. Den Herzog Robert vu Bar hat d’Buerg un der Handelsstrooss Bar-le-Duc – Lëtzebuerg an déi éischt mëttelalterlech “Johannisberger Veste“ zerstéiert. Déi op gallo-réimesche Kastellmauren neigebauten Höhenbuerg vun de Gymnicher Hären ass ëm 1410 dokumentéiert, gouf awer leider ënner dem Gouverneur von Mansfeld 1552 ofgerappt. Säin Argument war, d'Fransouse sollte se net wéi d‘Zolwer Festung als Stëtzpunkt anhuelen. Der haiteger Kapell um Gehaansbierg (vun 1887/88)  hir Virgängerin war d'al Buergkapell a virun dëser stoung do bis ëm 1300 d'gotesch Porkierch vu Biereng, Butschebuerg an Diddeleng (.. dat am Mëttelalter ronn 250 Awunner hat.) Gouf 1970 d’Buergruin och fräigeluet ..hitt si nach munecht Geheimness. Den ale Grondrëss weist ënner aanrem dräi Pëtzer, eng Bäckerei, e Kräidergaard, verschidden Tierm an eng Réngmauer. De Numm vum 405 m héije Gehaansbierg geet zréck op Grannusberg, nom gallesche Gott Grannus, dem Här Flies no op Grany, deen da Jany an spéider Joanni gouf!

Déi éischt Diddelenger Mäerteskierch mam Kierfech ronderëm koum ëm 1300 un de spéideren Eck Zouftger- a Schoulstrooss; se gouf am Laf vun der Zäit 2-mol vergréissert an 1901 ofgedroen. Am Schoulbierg erënnert eng Stèle mat Wopen un si. Hir éischt Geeschtlech waren Heinrich von Düdelingen (1325) an Nikolaus von Gymnich (1339). No dëser historescher Introduktioun e Réckbléck an d’Zäit ëm 1900: Diddeleng hat dunn iwwer 9000 Leit, Aarbechter-Quartieren an Haiser mat dekorative Fassade ronderëm déi nei Kierch am Park Henrion. Eng rar Photo vun 1899 weist déi al an déi nei Kierch. De remarkable Neibau no Plange vum Architekt Kemp stoung du just 4 Joer a gouf 1904 konsekréiert. Déi éischt Mass war 1898, éischt Cado'en: Statue vun der hl. Barbara an der Mutter Anna, déi éischt Ofrechnung mam Entrepreneur: 305.000 Fr.! Beim Ophänke vun de Klacke gouf 1900 d'Tuermspëtz ofmontéiert, well d'Tuermlucken ze kleng waren.

Ee Joer no der Arbedgrënnung, där hiren D fir Diddeleng stoung… also 1912, krut d’Kierch mat der  jonker Chorale eng Stahlhuth Uergel. Eng Doze Joer drop entstoungen déi byzantinesch Molereien nom Entworf vum Brudder Notker Becker vu Maria Laach; säi vu Ravenna inspiréiert Wierk stellt e symbolesche "Pilgerwee vun hellege Männer a Fraen" duer. D'grazil Käizweestatioune vun ëm 1905 si  vum Diddelenger Dominique Lang. Op der véierter huet en seng Mamm am Profil veréiwegt. Seng Stäerkt ware präraphaélitesch Fresken an impressionistesch Biller. - Am Laf vun der Geschicht gouf ‘t och hei batter Zäiten.. (z.B. 1794 e Massaker vun 74 Leit.) Déi 1940 duerch Granatsplitter zerstéiert Chouerfënsteren hunn 12 Joer drop Neier, konzipéiert vum Josef an Emile Probst, ersat. Nenne mer vun de Kierche-Restauratioune säit 1979 da nach d‘nei Entréesdier aus Glas vum Diddelenger Frantz Kinnen an e Chouerausbau mat neiem Altor a Liespult vum Aurelio a Bettina Sabbatini.

Net ze vergiessen, d‘renovéiert Stahlhuth-Uergel zielt haut iwwer 5000 Päifen an hir Festivale sinn wäithi bekannt. D'Buch iwwer d'Uergelgeschicht an den "Art pictural" gëtt vu Kenner appreciéiert. D’Kierch wierkt net nëmme monumental am Stadbild, dësem säi ganze Panorama impressionéiert an erlaabt d’Remarque… Düdelingen hält op mat ingen, an ‘ingenium‘, den ugebuerenen Erfindungsgeescht fänkt domat un! D‘lokalt Stohlwierk besteet leider net méi -  mä d’Uertschaft huet ënner aanrem d’Fondation Kräizbierg, e Lycée, en Héichseelgaart am „Park Léih“, zwou stättesch Konschtgalerien an de Centre National de l'Audiovisuel, d.h. ganz multipel Facetten opweises... (Orig. Text v. 2005 a. d. "Kierchtuermscauserien" )