Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Eesbech

Um Terrain leien Ënner- Uewer- an Iwwer-Eesbech no beieneen... di 3 Uerts-deeler hate fréier awer 3 Uertsschëllter. Hir Ënnerdeelung steet allerdéngs net am Kadaster a net am Telefonsbuch. Neierdéngs heescht et offiziell einfach Eesbech! Iwwereesbech zielt zënter dem Wiener Kongress vun 1815 jo souwisou zu Däitschland. ‘t fënd een do an der Our um Lieu-dit "Kaendel" bei Ënnereesbech eng Skulptur aus Eechenholz vum Jemp Bastin, e Bäitrag zum Kulturjoer 2007 vum Projet... ‘hArt an der grenze’! Hei leien d’Süd- an d’Nordsäite no beieneen an Héichtendifferenzen erlabe wéineg Landwirtschaft. Den Horizont ass Prospekte no onermiesslech. An dem Volleksmond no hu fréier Wiichtelcher an der Géigend gehaust an ënnerierdesche Raim vun deenen nach Steng existéiere sollen!

Eesbech, Eisenbach, a seng 270 Awunner gehéieren zur Gemeng Housen. Et ass erwähnt zur Zäit vun der fränkescher Herrschaft ëm 450… wéi hiemeraarteg Kleeder sou weit ware wéi d’Breet vum Wiewstull a jee no Stand aus méi oder manner kostbarem Stoff. Den Ënnergang vum Imperium Romanum an d’Ufäng vum Frankeräich hunn d’Grenz markéiert tëscht der Epoche vun Antike a Mëttelalter… Eesbech läit uewen u Veianen an hat mat sengen 3 Uerts-deeler Ënner-, Uewer- an Iwwereesbech an der spéitfeudaler Zäit als Eussenbach mat Biwels a Bauler zur Herrschaft Falkenstein gezielt. Uewer- an Ënnereesbéch op der lenker Oursäit si lëtzebuergesch. Iwwereesbéch (Übereisenbach) läit e Steeworf ewech an wéi gesot säit der Deelung vun 1815 déisäit der Grenz am Eifelkrees Bitburg-Prüm. Et huet 54 Awunner, e kuckeswäerte Buer am Duerfzenter an eng Strooss déi...  ‘in der Gässel’ heescht! Dat lescht zielt no de Grenz-verschiebungen zur däitscher Por Préischend, an zur Gemeng Neuerburg. Di haut däitsch Iwwereesbécher goufe bal honnertfoffzeg Joer laang dëssäit gedeeft, bestuet a begruewen! A bei der Firmung zou Housen waren 2006 zwee Kanner vun Iwwer- a je een Ënner- an een Uewer-Eesber.

D’Willibrord-Kierch vun 1867 ass am ënneschten Deel vun Eesbech mam déifste Punkt op 248m. Se krut 1955 beim restauréiere Fënschtren vum Zanter mat herrlechen originelle Symboler als Motiv, z.B. vun der Cäcilia, Anna a Barbara, dem Blasius a Méchel, Donatus an Hubert, a Christophorus. Hire Wiederhunn ass méi rezent. A fréieren Zäite waren Ënner- an Iwer-Eesbech eng Por vum Erzbistum Tréier an dem Dekanat Miersch! Di Dräi zesumme koumen 1794 mam Land ënner franzéisch Herrschaft. De President vun den „Ourdallsänger Eesbich“ wunnt am däitschen Uertsdeel, dee säit 1956 eng nei schmuel a robust Bréck mat Ënnereesbech verbënnt. Di al vun 1878 hat de Krich zerstéiert. Dat butzegt Zollhaischen op eiser Säit steet eidel. - Iwwer d’flott Kultour-Dëppen um ‘Haeregaard’, de verwölleften Ënnereesber- Keller (vu ‘Cultopia’), d’Internet Stuff… de Kreativatelier, d’Bibliothéik an ënner anerem d’Petanque-Piste informéiert de Site Kultour.lu. D’aalt Uewer-Eesbech (op 304m Héicht) mat ëm ronn 50 Awunner huet eng Strooss ‘Fëschmaart’, de Kierféch an eng al Kapell. Dës entstoung nom 30järege Krich an huet eng Lannenholzstatu vun hirer Patréinesch, der Consolatrix. Nieft hir passéiert den ‘Husener’ Autopedester a nobäi begéine sech um internationale “Wander-knotenpunkt” Géislay d’Weeër Holland-Mëttelmier, Atlantik-Béihmerwald an den Our Pad! Wéi d’Wieder gëtt verrode Previsiounen vun der Eesber Wiederstatioun. Si observéiert alles fachmännesch am ‘Land der schmalen Täler, engen Bäche und kurzen Hügel’... Si moosst d’Loft-Temperatur a –Fiichtegkeet 2 Meter iwwerem Buedem, d’Sonnestonnen an wéi üblech... d’Wand-Vitesse a -Richtung an 10 Meter Héicht!

PS. Heescht et zu Eesbéch a rondrëm un der Our net draseg oder dräsig ass net lues, verschlofen gemengt. Dréideg oder 'drigdigt’ Wieder ass schmeier an e net meteologesch ugehauchte Sproch mengt  “séileg di dréideg, si gi Gottesträntler genannt ..” - De Geldhidder bei Eesbéch zielt zu den imaginäre Gestalten. An der klenger verstoppter Millen zur Housinger Déckt hin, eng hallef Stonn vum Duerf, sollen dräi mat Geld gefëllte Fässer vergruewe sinn... An engem dovu wäre Goldmënzen, gouf zu Eesbech gemunkelt… Mä kee weess d’genee Plaz vum Schaz, an 'd huet och nach keen et gewot duerno ze sichen aus Angscht viru sengem Wiechter!