Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Éinen

Éinen huet en historeschen Duerfkär an eng Ieselsbréck mat mëttelalterlechem Charme um ale Wee an d’Wéngerten. Am Joer 1656 bestounge seng grad emol 20 Menagen aus Wäibaueren a jee engem Hiert, Mëller, Küfer an engem Schultheiß (d.h.engem gräfleche Beamten). An ‘t stoung mat gutt 72 Muergen Wäiland flächeméiseg gläich hanner Gréivemaacher. Aackerland hat an huet et wéineg… mä verschidden eeler Patrizier-Haiser. Dëst sinn z.B. den Doumhärebau mam Kelterhaus, Al Schoumesch, d‘Fohlshaus, d‘Doumhäremillen an de "Geisenhaf". An dësem mächtege Gutt mat Tuerm an Dependenze war bis 1851 den ëffentleche Schoulsall. D’grouss Strooss op Wuermer besteet elo ronn 150 Joer.

Éinen, Ehnen, a seng 514 Awunner si vu geliefter Traditioun ëmginn; déi zousätzlech 244 vun der noer Cité Léibesch héiren hei nach typesch Ausdréck wéi Marrjen fir Mueren, Hërsch fir Hirsch a Sorreg fir Suerg. Fréier houschen onroueg Kanner hei ‘Klabottermännchen’. Am schmocke Wënzerduerf lafen d’wëllromantesch Lennénger- an d‘Gouschténgerbaach zesummen. Den Uertsdeel „op der Borreg“ erënnert un eng verschwonne Buerg aus dem 8. Joerhonnert; am 12. war d’Kapell vun“Inne” erwänt an 1290 e Ritter Wilhelmus de Innen‘. Eng Weil virdrun, 1223, hat de Friedrich vun ‘Enne’ oder ‘Enenn’ der Ermesinde hirem 2. Mann, dem Grof Walram, d’Hallschend vu senger Millen zu Eech verierft… Op der Ulmer Foire gouf 1439 lëtzebuerger Duch op d’Gewiicht verkaaft mat charakteristesche bloe Litzen als Sam, Arel hat grénger. (Dëst verréit eng vum Cludem initiéiert Analyse vum Maart an Handwierk am Mëttelalter.) Mir hate wéineg Exportgutt, mä eiser Wuer gouf ëm 1500 an den Häfe vu Réimech an Éinen ageschëfft a wahrscheinlech och dëses Duch!

Am Gutt “Wellenstein” aus dem 18. a 19. Jh. dokumentéiert de nationale Wäimusée säit 1978 d’fréier Aarbechtswelt ëm de Wäibau. D"Confrèrie Saint Cunibert" huet ee Sëtz an deene respektable Maueren, déi de Staat kuerz virdru kaaft hat. Ee Fils aus där begidderten Famill Wellenstein, de Jean Guillaume (+1736) war (als éischten aus deem Haus) Schultheiß vum Haff Lennengen a Verwalter vun de Maximiner Grondhären. Dem Mathieu (1745 an der Musel erdronk mat zwee Schëffskniechten) seng Schëffer hate Wäin, Holz a Kallek iwwer d’Waasserstroossen bis bei hollännesch Händler bruet. An de Nicolas (+ 1779) war Fridensriichter zu Réimech. Den’ Hiltebau’, de Refuge vum Helleg Geescht-Klouschter, gouf 1795 versteet an no bal 100 Joer kaaft vum lokale Gesank als Veräinssall.

D’Regioun gëtt mol e ‘paysage culturel’ mol ’Perle der Mosel‘ betitelt an d’Awunner hate laang de Spottnumm ‘Éiner Zännstëppeler’. Och wa si ënnerdreiwen an hir Roukes-Kierch munchmol ‘Zoppekomp’ nennen… si se dach houfreg drop! Dee neien néo-klassesche Kuppelbau vun 1826 mam romaneschen Tuerm blouf deemools net Lennenger Filial.. an ass di eenzeg ronn Kierch am Land. De belschen Architekt Spaack huet hir d‘vum Panthéon vu Roum inspiréiert Form wahrscheinlech aus Plaazmangel ginn. D’gotesch Skulpture baussen kommen aus enger Virgängerin, d‘Kruzifix iwwerëm Haaptaltor aus dem Atelier Greeff. De Fënstren an de säitlechen Altor-Nischen hir Molereien droen d‘Signatur vum Gust Zanter. Last not least hängt am Kierchtuerm vun Éinen eng Klack vum berühmte Klackegéisser Clas. Et ass di al vu Walfer vun 1476! Ënner dem Numm ‘Clas von Ehnen’ verstoppt sech e lokale bis op Kueblenz bekannte Klackegéisser, deem säi Schaffen Zeile vum hei gebiertegen Nikolaus Hein aus dem Millewee 1952 an enger Brochure wonnerbar beschreiwen.

P.S. Éinen ass mat sengem geflegten Uertskär eng exemplaresch Uertschaft am Hang vun engem ‚nussbaumumrauschten‘ Dall. Dem Nikolaus Hein säi ganzt schrëftstellerescht Wierk lueft d’Schéinheet vun der Landschaft. Säi 1935 vertounte Gedicht ‘Mäi Wéngert’ hat 2004 de Walter Civitareale als Chouerlidd sinfonesch verschafft. An de ‘Lasso’ vum Iechternacher Kolléischs-Professer a Sproochefuerscher Isidor Comes vun hei huet 1947 zur ‘Blütenlese heimatlicher Dichtung’ gezielt. - Wéineg bekannt däerft de Johann von Ehnen sinn dee 1512 ‚Rector magnificus der Universität‘… 1515 ‚Doktor der Theologie‘ an zwee Joer drop Weihbeschof vun Tréier gouf. Säi 1514 gedréckte Wierk „Das Beste aus der Geschichte von Trier“ zielt zu de Geschichtsquelle vum däitsche Mëttelalter.