Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Äischer

D’Gemeng Kiischpelt huet 7 Uertschaften awer keen internationalen Numm. S’ass nëmmen ënner hirer lëtzebuergescher Bezeechnung agedroen. Do gëtt d’Donatuskiermes gefeiert an den Hämmelsmarsch gespillt duerch d’Dierfer all, mä den 8. August ass di gréisst lokal Festivitéit zu Äischer mat richtegem Kiermes-charakter. Wéi d’ronn véier Hektar grouss Campingsplaz 1992 hei entstoung, gouf et dës fusionéiert Gemeng nach net… Äischer huet effektiv e ganz gutt besate wonnerschéinen ‘éischt Klass Camping’ mam villverspriechende Numm Val d'Or.

Ënner dem Motto „…alles aus dem Waasser“ hunn d’Naturparken Our an -Uewersauer, d’„Robbesscheier“ an donieft och d’Hengeschter Sportfëscher, d’Stëftung Hëllef fir d’Natur an d’Gemeng Kiischpelt den 8.8. agelueden op d’Äischer Millefest 2010. Äischer, Enscherange a fréier Ensherangho, hat dëst Joer am März ëm 166 Awunner a läit am Kiischpelt. Kuckeswäert ass seng 1824 ëmgebaute Rackés Millen …déi zréck geet an d’Joer 1334. Si läit un engem ëmgeleeten Aarm vun der Klierf  – an s’ass déi eelst an wahrscheinlech eenzeg am Land, déi bis 1954 fir d’Produktioun vu Broutmiel a Betrib war. Se muelt nach mat Waasserkraaft, beispillsweis och Wëllkuer! (2001 gouf se vum Interesseveräin Munzen mat Hellëf vum Tourismusministère kaaft.) D’Rackés Millen gëtt haut vum Touristen-Center “A Robbesscheier" bedriwwen a ka besicht ginn. An am Mëller sengem ale Wunnhaus ass eng grouss Vakanzewunneng. 2004 gouf hei op d‘éischt Millefest invitéiert. 2010 verréit sii de Visiteuren Geheimnisser a Geschichten vum liewegen Handwierk aus 200 Joer am historesche Gemaier! A ronderem ass wi gesot Kiermesambiance mat Workshop’en a Verkafsstänn mat Kulinareschem, Reiden op Ieselen an allerlee Spill a Spaass.

D’Äischer Filialkapell gouf éischtmoleg 1635 an engem Visitatiounsbericht ernimmt. Si ass 1765 nei opgeriicht ginn… a vu 1909 sinn den Ducksall an de Klackentiermchen. Den Altor gläicht deenen aus dem 18. Joerhonnert. Nom 2. Weltkrich krut se den Intérieur vun haut. Vun hirer apaarter Statue, vum hl. Méchel mam Däiwel kënnt den Ausdrock ‘Äischer Däiwel’! ’t sinn där Statuen nëmmen zwou bis dräi am Land. De Patréiner ass den Hl. Laurentius a Niewepatréiner den Antonius mam Schwäin. Obwuel ‘Enscherange’ fréier eng ‘résidence domaniale’ hat an eng Herrschaft, hat an huet di moleresch kleng Uertschaft schmuel Duerf-Stroossen. D’aalt quadratescht herrschaftlecht Haus am Fréi-Renaissance-Stil mat ëm 25 Zëmmer ass haut Privatbesëtz. D’uraalt Stader ‘Enscheringer Haus’ hat un de Refuge vu St. Maximäin gestouss, a stoung do wou haut d’Kathedral ass. Ee Georges-Frédéric d'Enscherange, Seigneur d'Ell, Halanzy a Laroche, ass 1625 ernimmt. Mä vum Graf-Monument vun Ell vum Bernard vun Äischer an der Anne de Hondelange hu mer keen Datum.

Op der "Lou" ass no beim Duerf eng ganz extra Plaz: do kräize sech de sechste westleche Längegrad an de foffzechste nërdleche Breedegrad! Op deem eenzege Schnëttpunkt vun där Zort am Land ass de „Kiischpelter Sonnekreess“ (an ëm dëse sollt Äischer ewell vu gréisseren Uertschafte beneit ginn!) 50°N …bedeit 50° Grad nërdlech vum Äquator an 6°E steet fir 6° Grad ëstlech vu Greenwich! Op dësem ’Sonnekreess’ ginn Geographen vläicht melancholesch mä kënne sech theoretesch net veriren...

P.S.: Zu wäite Reesen inspiréiere kann de noe ‘Sonnekreess'. Wien awer net gär wäit fort geet, sief getréischt vum englesche Kapitän Joseph Conrad sengem Sproch ”Die weitesten Reisen unternimmt man mit dem Kopf’. Um Enn vum Duerf a Riichtung Kautebaach ginn et Veloën ze lounen am Summer a guidéiert Promenade proposéiert.