Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Fenteng

D‘Réimesch Mauerreschter vu Fenténg datéieren Archéologen ëm 150 no Chr., an d’Réimer-Mënzen, déi 1934 un d’Dagesliicht koumen, an d‘ 4. Jh.. D’historesch Entwécklung an de Changement vum traditionellen Duerfaspekt liwwert sengen engagéierte ‘Geschichtsfrënn’ (an deene vun der ganzer Gemeng) räichlech Material. Si goufe 1994 gegrënnt, hu vill Mériten an treffe sech an hirem Veräinslokal an der aler Fentenger Schoul. D’Duerf hat am Joer 1802 grad mol 136 Leit, vru 50 Joer dann 366 – a nom Bauboom ass ass hire Chiffer op 2.345 geklommen.

Fenteng ass 1128 als «Vontinga» ernimmt an Zeilen déi un e Pelerinage vu 983 erënneren! An enger Usproch hat d’fréier Buergermeeschtesch den hei entdeckte Steensarkophag emol als geschichtlechen a reliéise Wénk aus der Zäit vum Grof Siegfried bezeechent. Propriétär vum Haff Fenteng waren am 12. an 13. Joerhonnert d’Seigneure vu Roudemacher (dat bis bei d'Deelung vu 1659 zu Lëtzebuerg gehéiert hat.) A wéi d’Ermesinde d’lokal "Vogtei" 1241 ënner hire Schutz geholl hat krut s’als Dédommagement eng Wiss, haut als "Kinneksbrill" bekannt. Dem Grof Mansfeld seng 1592 hei kaafte Propriétéiten hu seng Nokommen der Congrégation Notre-Dame geschenkt. Bekannt ass och, dass geschwënn duerno d'Dominikaner hei verschidde Rechter haten.. z.B. e "prêtre desservant" ze presentéieren. Un si erënnren d’Statu vum Dominikus an der Kierch an en alen Hausnumm „a Klouschtesch“.

Wéi de Louis XIV Lëtzebuerg belagert hat, 1684, goufen d'Fentenger Leit an d'Géigend vun Diddenuewen evaquéiert. Beim Ëmstrukturéiere vun der franséischer Administratioun huet d'Duerf der neigegrënnter Gemeng Alzeng ufanks vum 19. Joerhonnert zwee Gemengepäpp aus dem begidderte Stiffenhaus ginn; no 1823 gouf et kee Kanton Hesper méi, mä eng Gemeng mat deem Numm. D’Suite: 1848 krut d’Sektioun Fenteng en ëffentleche Wäschbur an d’Plaz vum Kouhbur, kuerz drop eng Bréck iwwer d’Sterz a nom Bau vun der Eisebunn Lëtzebuerg-Thionville zäitweileg eng Gare. Seng Kanalisatioun koum 1908, den Uschloss un d’Réiser Waasserleitung am Joer 1921. - Laut Gemengerot huet d’Wunnhaus vun der Fentenger Millen en ’intérêt historique, architectural an esthétique.’ Et zielt mat sengem neoklassesche Portal-Giewel haut zu de Monuments Classés.. a gläich donieft zitt d’pittoresk Uelzecht duerch d’Wisen..

Al Kierchen-Transformatiounen haten tëscht 1892 an 1934 den Tuerm ersat mat Hellef vu 500 Frang Subsid, dann de Chouer, d’Sakristei gouf ëm- an d’aalt Schëff neigebaut. De Raum verschéineren no der leschter grousser Renovéierung e niddregen Altor mat Glasplaque an en Ambo, béid inspiréiert un der Fëschform. Déi zwielef Luuchten vum edele Lüster symboliséieren d’Zuel vun der Vollkommenheet a werfen e neit Liicht op d’restauréiert (op Zenk gemoolte) Statiounen vum H. Stefgen.. an op d’douce getéinten iwwer 500 järeg Mariestatu aus Steen. Den Ducksall krut en modernt Gelänner mat Glas- an Holzelementer, an d’nei Westenfelder Päifenuergel hieft den “Ambiente” klanglech wi optesch. Di dräi Altär si säit kuerzem polychroméiert, se hunn eng Greeff Finitioun mat Engelskäpp (mä misste vun engem Skulpteur Charles Didion stamen aus dem Wiser Atelier - 1727 dréit eng onbezuelten Altor-Rechnung säi Numm.) Si bestätegen dem Rilke seng Florenzer Observatioun «Polychromie gëtt engem Denkmal eng Steigerung”.

Beim Ersetze vum ale Foussbuedem goufe nieft Kierchemauren aus dem 9. Joerhonnert och deen ewell ernimmte Sandsteensarkophag fonnt.. Dëse gëllt als Stëftergraf an ass visibel duerch eng ‘Buedemvitrine’. D’iwwer 90 Säiten deck Brochure mam Titel ‘D’Fentenger Kierch am neie Liicht’ dokumentéiert d’stilgerecht Restauratioun... an e Stéck Geschicht vun der Por. (a.d. ‘Kierchtuermscauserien’ 2008)

P.S. Am 18. Joerhonnert dréit e Metzer Prozess ëm di ‘herrschaftlech Wiss zu Fentingen’ an ‘t gëtt un d'Verflichtung vum Landesherrscher (dee Moment d'Maria Theresia) erënnert, d’Wiss vum staatlechen ‘Haff Grevenscheuer’ om Fentenger Bann ze méien! D’Ferraris Kaart huet d’Wiss agezeechent, an s’ernimmt de Bois an de Moulin de Fentingen an de Bann ‘Roeser Thal’! Am klimatesch gënschtegen noe Gronn Hesper-Fenteng wiisst de raren hellbloen zweebliedrege Mäerzstäerchen, d’Scilla oder Stäerejacinthe. - Well zu Fenteng gär gesonge gouf, hat 1868 eng Handvoll Männer en éischte Gesangveräin an d'Liewen geruff. Prouwe waren 3 mol d’Woch, ‘t war eng Uniform erwënscht an d‘ éischt Memberskaart huet 1,25 Frang kascht. Dee Veräin hunn eng weltlech Chorale mat héigem Niveau ofgeléist, di zum Deel och an der Kierch sengt, an de Kannerchouer "les alouettes“. D’Rätsel, wat «Fent’Hénger» sinn wëlle mer ofschléissend léisen..  ‘t sinn net Sänger, mä Membre vum lokale Spuerveräin!