Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Fëlschdref

Fëlschdref ass ee vun den héchste Punkte vum Kanton Réimech, op enger doucer Pente vum Lëtzebuerger Sandsteengebitt. Dëst verleeft queesch duerch d’Guttland op enger imaginärer Ligne vun Arel a Richtung däitsch Grenz mat Ausleefer op Munneref! Seng Kierch läit op 289 m - déi vu Bus am Vergläich op 161.‘t huet en 1179 als Vilsdroff registréierten Homonym, am francique lorrain haut Félschtroff, am franséischen Département Moselle. (An op dëst berifft sech dat 1305 erwähnten Fils- oder Felsendorf - haut Florești - am rumänesche Krees Sibiu.) Dat Louthrengescht ass wuel e bësse méi grouss wéi eist, huet awer sécher keng Straussefarm mat 300 Déiren, keng ‘ferme pédagogique’ wéi d’Wissbei“ (kee ‘Kaabesbierg’) a kaum eng 27 Hektar grouss Zone protégée wéi d’réserve naturelle ‘Fëlschdrëfergrond’. An him ginn Déiere geschützt, seng kleng Grondbaach fléisst vun der Kinneckswiss erof an d’Ganer an s’ass wäertvoll wéi de Mamerdall an den Ohner Pällembierg.

Fir de Bau vun der gediegener Fëlschdrëffer Kierch goufen 1894 munnech Affer bruet. Si ass Gemengebesetz an de Miwwel gehéiert der Kierchefabrik.1893 hat d’Prinzessin vu Braganza (Mamm vun der Grande-Duchesse Charlotte) hire Bau mat enger Stëftung vun 125 F ënnerstëtzt, a Porleit hunn z.B. de Kräizwee a Still geschenkt... Hiren Terrain hat 1.125 F kascht, dem Architekt Knepper säin Devis mat säitlechem Tuerm an Trap zur Strooss war 23.300 F. Dem zolidden 18,50 m héijen Tuerm seng Fellementer sinn op 2,40 m Déift 1,30 m déck an d’Maueren uewen 0,60. De verguldten Tuermhinnchen mat der Kugel hat 76,75 F kascht. Am Krich haten amerikanesch Zaldoten d‘Kugel als Zilscheif benotzt… D’8,70 m héicht Schëff huet véier ronn Säilen a siwe faarweg Glasfënstere mat rengen Ornamenter; dem Chouer seng stellen d’Häerz-Jesu an d’Häerz-Mariä duer. S’ass gréisstendeels mat Stäng “vun der Ernz” an deels mat méi deiere ‘Gilsdrefer‘ gebaut. Den Haaptaltor koum vum Housener Schräiner Theves.. säin Tabernakel hat d’aalt gotescht Waldbriedemesser Sakramentshaischen inspiréiert. Vum originale Chouer an Wandmolereie besti just nach Photoën. Virun 100 Joer war d’Fëlschdrefer Kierchefassad e Postkaarte-Motiv. 1966 hat d’Muttergottesstatu um Säitenaltor e Brand net iwwerlieft; ‘t gouf dann eng nei, an als Pendant eng Häerz-Jesu-Figur… a 1983 eng nei Uergel.

Déi fréier Fëlschdrefer Kapell hat e Virraum, zwou Fënstren a stoung op der Plaz vun der spéiderer ‘aler Schoul’! (Beim Opstelle vum Urkadaster 1812 war hiren Tuerm net héich genuch als Festpunkt beim Ausmoosse vum Bann.) D’Brochure “100 Joer Kierch Fëlschdref‘ zitéiert Zeile vu 1669 vum Geriichtsschreiwer vu ‘Rüttigh‘ (Roussy, engem fréiere Besëtz vun eisem Grofenhaus - haut e Bijou ënner de franséischen Dierfer..) Se deklaréieren den ‘hochwürdege Prälat vu Sanct Maximin‘ wär verpflicht de “Corpus der Pfahrkirche in Mauher undt Taghwerk“ z’ënnerhalen…. an‘d’wohlerwürdige Frau Äbtissin’ vum hl. Geescht-Gotteshaus zu Lutzembourg‘ hätt den “Chor zu underhalten“. Net onintressant ass den Unhängsel, dem ‘Herr Pastor stéing järlech e Kirwekuch (fir d‘Kirchweih) in jedre Haus zou.’ Dëst a vill eenzegaartegt historescht Quellematerial versuergt d’Duelemer Porarchiv. (Fëlschdref war laang mat Elleng a Welfreng Deel vun der Duelemer 962 dokumentéierter Péitruspor an zäitweileg Filial vun Altwies.)

Kleng Detailler spigelen Epochen erëm. Wéi Beriichter z.B. 1714 d’Feele vun engem Kierfech erwähnen, war de Fëlschdreffer J. B. Weiland Mierscher Pfarrer von St. Maximiner Gnaden. (..Si haten hei d’Patronat an d’Grondherrschaft säit 963) Zäitweileg war d‘Kapell a guddem Zoustand, mä 1755 geet riets vun hirem schlechte Foussbuedem an dem Stréidaach. D’Stréi hunn duerno Holzschëndlen a spéider Leeën ersat…An d’Lous vun der aler Donatusklack? Déi 600 järeg war engem Keefer 75 F wäert, mä wat e vru knapps100 Joer krut no hirem Aschmelzen ass net gewosst!

No Visitatiounsberiichter zu Familljegeschichten: Recherchen no hat d’Haus ‘An Théilches‘ viru 1700 heefeg de ‘Meier‘ gestallt - an e Mathies THIELTGES (*1673) hat do d‘Cunigunde Langbaum aus dem Haus "A Lampes" bestued, dem haitegen "Huefmanns". ‘t goufen deemols och rar Mariagen iwwer d’Flëss eraus.(Dem Dostert Peter seng Fra Ludwig Maria koum z.B. vun déisäit der Musel, vu Wellen, an där hir Mamm war d‘Katharina Contzbriick vu Fëlschdref!) - Aus den Nopeschdierfer sinn um Antoniusfest beispillsweis déi Uespelter heihi gepilgert „um des Heiligen Fürbitte gegen Unheil am Viehbestand anzurufen“. An à propos Feldaarbechte verréit den Engelmann, dass am Summer hei en typeschen Dronk, d’“Branntewäinsbrach” (aus Waasser, e bësse Schnorres an Zocker) den Duscht geläscht huet....

P.S. Zwëschen 1870 an 1900 gouf gutt 300 m südlech vum 1855 gebauten Duelemer Adler en an zwee Fragmenter gebrachene Meilesteen fonnt! Senger Inscriptioun no wär en ënner dem Phillipus Arabs zwëschen 247-249 gesat ginn. - Am Joer 1850 hat d’Chamber beim Projet Dräikantonsstrooss (déi heiduerch laanscht Duelem op Bus goe sollt) archeologesch Decouverte virausgesinn.. Vum ‘Pötzelhond’ besteet keen Denkmal, mä eng Legend. ‘t heescht, dëst grousst schwaarzt Déier hätt Leit vum Adler op Fëlschdref an ëmgekéiert mat mysteriéisem Gehechels begleed. Gëtt hei vun de gréisste Viggel vun der Welt geschwat, sinn domat Strausse gemengt. Hir Eeër weie bis zu 1.900 Gramm! Déi grouss hei ontypesch Laafviggel si säit 1994 eng Fëlschdrefer Attraktioun. Hir weiß, rout oder donkelviolett Fiedere gehéiren zur Galauniform vun der pépstlecher Schwäizergarde… Sougenannte “Farmland Birds“, déi relativ rar Feldhénger mat de kuerze Been, fannen hei um ‘Südostzipfel‘ vum Land nach intakt Liewensraim.