Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Findel

Gléckwënsch zirkuléieren Ufanks Januar millounemol. Se dréien ëm ‘laangt Liewen an ëm Gléck a Superlativen… grouss wéi de Mont-Blanc an déif ewéi d’Mier'! Wiën um Findel passéiert, ob a Vakanz-Stëmmung oder déngschtlech, flitt iwwer Wolleken, Bierger a vläicht och d’Mier! An e gesäit säitlech nieft der Strooss vläicht nach kuerz vun uewen erof d' Déngschtwunnenge vun der Police. De Findel steet net am Telefons-Buch als selbstänneg Uertschaft, mä d’Gemeng zu där en zielt, di Sandweiler, huet e Fliger an hirem Wopen…

Um Findel wunnen 84 Leit, 29 manner wéi 2003. ‘findeleg’ heescht lokal zu Bäerdref ‘schwindeleg’. Schonn 1850 war e Projet vun der Verbindungsstrooss Clausen - Findel ausgeschafft ginn fir de Verkéier a Richtung Tréier z’erliichteren. Fir de Neiduerfer-dall ze séchere koum dofir om Plateau Almënster 1851 d’kasematéiert Batterie Ulrich; dëst verréit dem Här Koltz seng ‘Baugeschicht Stad a Festung’ Lëtzebuerg - an weider, dass d’Grenz tëscht den Urporen Sandweiler a Schëtter eng imaginär Ligne iwwer de Findel oder ‘Fëndel’ war… De Numm vun eisem internationale Flughafe steet dacks als Synonym fir Aéroport. 1939 haten hei Terrassement-Aarbechten ugefaang, Pionéier vun der Sportfligerei haten den Terrain an den 1930ger erausgewielt, deen op engem zimlech idealen an egalen 380 m héije Plateau läit. Hiren alen ‘Avion KLEMM 25’ (als LX-MAF immatrikuléiert) ass haut ‘monument classé‘… E Meteo-Service koum 1946 an eng ‘Kabäischen’ nieft d’Graspiste. D’Luxair besteet zënter 1952 an d ‘Cargolux ewell 40 Joer! Di éischt Transport-Fliegerhal (vu 1951/52) ass wéinst hirer innovativer Spannbetons- Konstruktioun industrielle Patrimoine.

D' ëm 1900 gebaute Schlass de Saint Hubert aus dem Birelergronn gouf 1957 fir d’Vergréisserung vum Flughafen bis op 2830m Längt ënnert der Landepist ‘verschott’. A  Mëtt de 1990ger ass säi Kniecht-Haus verschwonnen. Et erënnert haut nach e Weier am Bësch drun.. Ee Birelerhaff war 1176 ernimmt als Geschenk vun Henri-dem-Blanne vu Namur un d’Prämonstratenser vu ‘Verdun’. 1378 entstoung dat neit Haffgutt mam eenzegaartegen Dauwentuerm a Fësch-Weieren, ‘t war iwwer 400 Joer Besëtz vun der Mënster-Abtei. Net wäit laanscht d’gutt erhalen Hauskapell leeft d’ "Birelerbaach", déi schonn emol 5 Millen ugedriwwen huet. 1757 gouf um Haffdomaine en Akt ënnerschriwwe fir d’nei Sandweiler Kierch ze bauen. An haut stinn an där hire Mauere restauréiert Statue vun der Catharina a Johann dem Deefer aus der Haffkapell!

Säit 1962 ass d’Fokker ‘Friendship’ regelméisseg op Paräis, Frankfurt an Amsterdam geflunn. D’grouss Aérogare koum 1966, nom präisgekréinte Projet vum Architekten Team Conzemius-Müllerstedt-Waser. Eise Loftverkéier hat 1979 e Rekordjoer mat 811.000 Passagéier! ‘t goufen där allerdéngs 1981 nëmme nach 599.000 notéiert. Säit 2008 bedéngt d’ganz nei Aérogare d’Luxair an 12 friem Fluggesellschaften. D‘ Buslinnen 9 an 16 (duerch d‘Neiduerf oder iwwer de Kierchbierg) verbannen de Flughafe mam Stadzentrum an der Gare, dat lescht an 20 Minutten. Den Tucholsky-Saz "Wer die Enge seiner Heimat ermessen will, reise. Wer die Enge seiner Zeit ermessen will, studiere Geschichte"… kéint een ergänzen, dass eent dat anert net ausschléisst!

P.S. Den Tower vum Findel (vu 1993) ass 35 M héich an huet eng ganz wichteg Funktioun. Wichteg war och dee noen e bësse verstoppte ganz alen Dauwentuerm beim Birelerhaff... an e blouf eenzegaarteg a sengem Genre, e war konzipéiert, fir den Dauwen e maximale Schutz viru Maarderen a Katzen ze ginn. En erhieft sech nämlech iwwer engem 18 M déiwe stenge Buer mat 3,5 Meter Duerchmiesser. En ass en imposant Stéck Patrimoine an eng touristesch Attraktioun. E gouf 2001 ënner Denkmalschutz gestallt an 2006 op engem Timber veréiwegt. Neierdéngs bitt d’Ferme dite «Birelerhof» e charmante Kader fir divers Aktivitéiten… z.B. d’ Découverte vun der Regioun mat duerno engem ‚dîner gastronomique‘.