Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Fünfbrunnen (Pafemillen)

Naturhistoresch gesinn ass d'Éislek en "geological old man". D'Landschaft vun deem "geologesche Greis" huet sech grad wéi d'"Rheinescht Schiefergebirge" virun 370 Millioune Joer lues a lues forméiert. Vergläiche mer déi Zäit mam Alter vun eiser Kultur, musse mer eis ganz jonk fillen. Ee Punkt am Éislek op 411 m huet dräi Nimm, en heescht lokal ‘Pafemillen‘ an offiziell Fünfbrunnen oder Cinqfontaines; Fennëfbure seet keen. Hei sinn 2 km vun Ëlwen gelegentlech Retraiten, ‘t goufen ewell Stage fir Musekschoulen aus dem Clierfer Kanton, an d‘Scouten hunn hei e Gîte d’étappe. Den amerikaneschen Industriellen Henry Ford sot emol "d'Welt ass voller Iddien, wat ee maache kënnt, mä wat notze se wann net e Mann opdaucht dee se réaliséiert”. Den Häerz-Jesu-Patere goungen Iddien an Aktivitéiten am Laf vun der Zäit net aus!

Un der Zuchligne Lëtzebuerg-Ëlwen-Gouvy läit Cinqfontaines, en als "Pafemillen" bekannte Lieu-dit hanner engem ëm 1864 gebauten 190 m laangen Tunnel. Eng Postkart vun 1910 weist seng Sortie mat Zuch a laanger Damp-Wollek. Vill Leit associéieren d’Plaz mam Klouschter. Am Joer 1903 hat d'kierchlech Verwaltung vun den däitschen Herz-Jesu-Priester do en Terrain kaaft. D'Pateren hunn dat mëndlechen Temoignagen no alt emol gebrauchte "Fünfbrunnen" mat de 5 Wonne vum Gekräizechten verbonnen. Hirt Klouschter gouf 1905 gebaut vum Architekt J. F. Klomp, dem selwechten, deen duerno d’Abtei an d’Kierch vu Clierf entworf huet. ‘Fennëfburen‘ ass am Stil “romain-rhénan“ gebaut, deen am fréien 20.Jh ganz populär war. Am héije quadratesche Kapelle-Raum fale véier Ronnsailen an en Altordësch aus Steen op - an ënner aanren am Chouer 3 apaart uewen a säitlech gerënnte Fënstren a Kräizform (vum Zanter, vu 1965.) D’Universtitéitsbibliothéik vum ‚Architekturmuseum der Technischen Universität Berlin’ konservéiert hir vum 26.08.1909 datéiert Skizzen, d’ ‘Ansichten 1:20 der Klosterkapelle für Glasmalerei, Herz Jesu Kloster, Fünfbrunnen (Cinqfontaines)’ vum Architekt Johannes Franziskus Klomp. D'Kapell verbënnt Traditioun mat Modernem, se huet z.B. en Daachreider an eng Foussbuedemheizung. An hir gouf Wäert op dat Einfacht geluet, wat a Wierder vum Franz vun Assisi d’“Weeër zur Gedankeverdéiwung verkierzt“.

Eisen alen Dictionnär ernimmt bei Fünfbrunnen e puer Haiser mat 25 Awunner: eng haut zerfale Bannmillen, fréier Propriétéit vu St. Maximäin bei Tréier a spéider dem Ëlwener Paschtouer, an e Kierfech vu Geeschtlechen. Dem Klouschter säi Bauerenhaff ass haut verpacht an den Haanenhaf läit e bësse méi wäit. Kanner vun hei goungen op Ëlwen an d’Schoul. D’Klouschtermaueren denge wéi gesot ewell länger als Vakanzkolonie; séng Annexe, den Home Léon Dehan war dofir vergréissert ginn. Däitsch Pilger, déi 3 Deeg zufouss ënnerwee waren op St. Hubert, hu gutt Souveniren un dësem waarme Refuge séng Gaaschtzëmmeren an d'copiéist Owendiessen. - Zu Cinqfontaines hunn opgeschlosse Pateren e Noviziat oder Studien absolvéiert. Verschiddener goungen als Missionar oder "Weltbierger" an d'Geschicht an. (z.B. d'Pateren Huppertz, Klarowski oder Middendorf.) Dee leschte sollt 1934 an de Bibelwëssenschafte promovéieren, op Roum goen an an de Congo als Missionar.

Zu Cinqfontaines erënnert säit 1969 e Monument vum Lucien Wercollier un Deportéierter. An déi fennëf Granitsteng aus dem Steebroch vum Konzentratiounslager Struthof sinn hebräesch Buschtawen agrawéiert an ‘t ass symbolesch fir e gekrëmmte Mënsch, “a bent but standing up human”. Am 2. Weltkrich war hei, ofgeleeën tëscht Ëlwen a Saassel, d’eenzegt Opfanglager fir d’Judden am Land, getarnt als “Das Jüdische Altersheim” in Fünfbrunnen. Vun deenen 674 an aacht Deportatiounszich (op Auschwitz, Lodz an Theresienstadt) Verschleefte gesouchen nëmme 36 hir Heemecht erëm. Duerno haten d'Amerikaner e Lazarett am Klouschter ageriicht. Haut kritt dëst gelegentlech de Besuch vun amerikanesche Veteranen. Si besichen donieft och den Hammer Militärkierfech an d'Fondation Pescatore, dem Generol Patton säin Head-Quater. (Erënnere mer, dass d‘Gebied vum Generol aus der Kapell vun der "Fondation Pescatore" erhale blouf. Hien hat do 1944, kuerz viru Krëschtdag, dem Här am Himmel d'Situatioun erkläert an net e Wonner, mä himmlesch Coopératioun duerch bessert Wieder gefrot!) Nom Krich goung d'Klouschtergebai und d'Belsch-Lëtzebuergesch Häerz-Jesu-Priester.

P.S. Attraktiv an am Trend vun der Zäit ass Heelfaaschten a Klouschterwänn … "Trinke Wasser, um die Wissenschaft zu trinken" ass e Sproch aus der kléischterlecher Pub.(z.B. bei fasten-im-kloster.de) Et sinn 20 Zëmmer dofir disponibel an de richtege Kader fir nei spirituell Erfahrungen…wéi z.B. emol den Thema ‘Äeppelmediatioun’. E Prinzip vum Haus an där phantastescher Landschaft um Bord vun der jonger Clierf heescht "Iess mat Mooss, fir ouni Mooss gäer ze hunn". Am Juni 2009 gouf do eng exceptionell tibetesch Renconter offréiert mat dräi 3 jonke Lamaen. Am Cours iwwer hir Kultur a Relioun housch et beispillsweis, dass e Weisen ‘durch seine Reinheit und Ruhe alle Dinge der Welt ins Gleichmaß bringen kann.“ Ee Geheimtyp fir eng Auszäit an anengems „Schönheit von innen“ annonçéiert de Kalenner am Oktober 2013… Den Ëlwener Autopedester, ee vu ronn 170 idylleschen Trëppeltier aus dem Land, féiert no laanscht d'Klouschter. 't sinn beim publizéiere vun dësen Zeilen zu Cinqfontaines iwregens 12 Leit ugemeld.