Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Héiweng

Héiweng ass kee grousst Duerf, mä huet deels vergiessen Uertsdeeler opweises. Vu Klengbéiweng um Plateau mat e puer Haiser an Häff dréit e Busarrêt de Numm …A Groussbéiweng steet fir e Flouernumm an ee Bauerenhaff an der Entrée vum Duerf. Den Héichmouer nobäi genannt “Märchen” ass Deel vum geschützte ‘Boufferdanger Muer’! Virun 120 Joer haten d'Bridder Ketten dëse Mouer gelount a senges Torfmoos ofgebaut; si hunn nämlech hir Rousen dra verpaakt a verschéckt, well et laang fiicht blouf!

Héiweng, Hivange, huet 119 Awunner, d.h. 6,35 % vun der Gemeng. 1852 waren ‘t där 138. Et zielt zur Gemeng Garnech, huet eng kleng Kapell mat engem spatzen Daachreider, säitlech zwee restauréiert al Weekräizer an eng butzeg Kannerspillplaz. D’Duerfcommunautéit ass bekëmmert, dass si an hiert Ëmfeld bleiwe wéi Natur, Zäit a Pietéit se geformt hunn... heescht et. 1917 krut d‘Kapell e Subsid vu 75 Frang fir en frëschen Ustrach. A luewenswäert ass, datt se nieft hiren 10 héijen abstrakte Fënschteren aus dem Atelier Linster 1959 dann eng riets an de Chouer krut mam Häerz Jesu. Hirem Patréiner, dem hellegen Albinnes oder Aubin, Bëschof vun Angers, säin Dag ass den 1. am Lenzmount also den 1.Mäerz. Iwwer der Entrée an der Fassade ass seng Gravur.

Historesch Archiven nennen 1624 als Héiwenger Herrschaft de Jean du Prel vu Beetebuerg a kuerz drop d’Marguerite d’Autel. An där Damm waren och Stengefort, Holzem a Sterpenich ënnerdéngeg. ‘t gouf am 18. Jorhonnert, genee 1759 dokumentéiert als zougehéiereg zur Juridictioun Clemency mat Féngeg, Duelem a Garnech an zur Priorei Mariendall. Ale Kaarten no hat d'Keeserin Maria Theresia Landbesëtz vu ronn 3 ha am Weste vun den 10 Héiwenger Haiser an de Fermen Kleng- a Grouss Béiweng. Dësen Detail geet aus der Ferrariskaart ervir, deem bedeitende Wierk vum gebiertege Lunéviller Generol, Grof a Kartograph.

Säit 2007 kënnen zwee ënnerierdesch Waasserréservoire vum ‘Réibierg’ deeglech 30.000 Kubikmeter liwweren a sinn esou de gréisste Sammelbecken am Land: hei gëtt d’Quellewaasser vu 65 Quelle vermëscht mat enger ähnlecher Quantitéit SEBES-Waasser. Et ass dann disponibel fir 23 Gemengen aus de Kantone Capellen an Esch... Een éischte Reservoir war hei 1911! Dat apaart Bauwierk vum Architekt Georges Reuter no bei Héiweng hält d’Waassertemperatur bei 9 Grad. ‘t ass um ënneschten Deel bewuess, a säin Daach a Form vun engem 30 m héije Cône ass wäit hi siichtbar; seng Spëtz weist 429 M um Altimeter. An der Idee vun der Kegelform… baussen aus Metall, bannen aus Beton, gesäit d’Buch ‘Top Secret 3’ en Architekte-‘Spleen’. Den Architekteberuf ass bekanntlech säit dem 15. Joerhonnert kloer ëmrass! A säithir ass e responsabel fir Aspekt, Material a Proportioune vu Bau-Elementer, ob bei Kierchen, Schlässer oder exzentresche ‘Waassertierm’. Wéi gesot, Waasser vum noen monumentale Sammelbecken brénge Leitunge vun hei bis an d’Uertschafte Stengefort a Fréiseng. An d’Bëscher ronderëm gëllen als ”gréng Longe” vum Süden.

PS. Bei Héiweng a Garnech entsprangen di zwou Quelle vun der Mamer, déi no 25,6 km zu Miersch an d’Uelzecht leeft. Am Kader vum ’Dag vum Bam’ gouf 1998 am ’Joer vun Wëllbirebam’ op der Strooss Féngeg Héiweng eng Bire-Bam-Allee an d’Rei gesat! Et gouf dobäi héchstwahrscheinlech och un den Zweck vun Alleeën erënnert, déi fréier am Schnéi gehollef hu net vum Wee ofzekommen. Am Hierscht hu se de Leit hiert Uebst gi fir ‚Hutzelen’, Schnaps, Kompott oder Kuch draus ze man. De Sproch ’Bleif mer vu mengem Birebam’ bedeit iwweregens ’këmmer dech ëm deng Affairen’!