Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lelleg

Lelleg huet 140 Awunner a läit an der Gemeng Manternach am Hannerland vun der Musel. Hei stounge bedeitend Réimer-Baute wéi zu Fluesweiler an Duelem. Lelleg war bis 1844 Filial vun der Por Waasserbëlleg a feiert Mëtt Januar Kiermes! D’Duerf-Chorale séngt dofir den Hämmelsmarsch; an op der Nokiermes invitéiert s’op en Thé dansant am Centre Kräizstrooss… dem flott moderniséierte Veräinssall. Café’e si just nach 2 hei, d’ ‘Lelleger Stuff’ an de Café Turpel, dee nach stonneweis op huet a Sonndes no der Mass.

Iwwer d’Kiermes vu Lelleg gëtt et vill z’erzielen: Op Antoniusdag, dem Fest vum Kierchepatréiner, koumen d’Leit heihi biede fir Schutz virun der Pescht… a fir d’Schwäin. Wéi hei nach eng Duerf-Musek war huet s’e Fest-Concert gespillt. Fréier huet d’Kiermes 3 Deeg gedauert, eng Käche koum fir ze kachen. An et war 3 Deeg Danz-Musek an der Schmëdd. Bis viru 25 Joer gouf an der Schmëdd gedanzt! Hire relativ grousse Raum hat souzesoen als Annexe vun engem Café Ambiance an Owes no 8 Auer keng Plaz méi fräi! ‘t war tipptopp geraumt an dekoréiert mat enger gemoolter Täfelung. De Betrib war am ganzen dofir 3 Woche mam Aus- an Araume beschäftegt. D’Haaptsaach war: d’Musek huet d‘Leit begeeschtert!

Den 2. Juli 2006 war hei en extra Datum: d’honnertjäeregt Bestoe vun de Fräiwëllege Pompjeeën. Si hunn dofir de 25. Juni mat den dynamesche Lokalveräiner op eng Zäitrees duerch hiert schmockt Dierfchen invitéiert. Dobäi ware wichteg Lelleger Epochen aus dem vergaangene Jorhonnert z’erliewen… D ‘Atmosphär bruet hu stilvoll restauréiert Bauerenhäff, historesch Trakteren, Maschinnen an Oldtimer... an geschéckt Virféierunge vun Handwierker, di fréier hei doheem waren! Hei haten ‘mol e Schräiner an e Schouster an engem Haus geschafft, se ware nämlech ‘beschweeërt’, d.h. Schwoer! Lelleg war allerdéngs net just e Baueren- an Handwierker Duerf. An den éischten Dekade vum 19. Jh. hat et och iwwer zwanzeg Wënzer… a Riewen iwwer de schroffe Fielswänn tëscht Manternach a Mäertert. Den ale Wéngert gehéiert haut zum Naturschutzgebitt „Manternacher Fiels“ a senge villfältege Promenaden. Lelleg zielt e puer herrschaftlech Bauerenhaiser aus dem 18. an 19. Jh. an am ganzen 7 déck Bauerebetriber. Denkmalschutz a Restauréierungspolitik hunn de Baueren hire Stolz nei erwächt, s’identifizéiere sech mat hirem Haus a wëlle säi bauleche Wäert a ländlecher Traditioun erhalen.

Zoufälleg goufen ufangs de 1970ger um Héichplateau zwësche Waasserbëlleg a Lelleg e puer ëmmauert réimesch Griewer-Gäert am Bësch ‘Weiler’ entdeckt. D’ëm 700m laang Griewerstrooss mat Denkmäler, Fundamenter vu Steelen an e Stéck vum engem zentrale Graafpilier aus dem 1.–3-Jh. kéinten zu enger réimescher Villen- Anlag gehéiert hunn. Ëmmerhin koum de 4,50 M breede Kiem vun Tréier an Direktioun Ardennen hei laanscht… Antik Villen, an eng haut bal mystesch onberéiert Bëschlandschaft... an där souguer emol en „Tempelsklouster“ vermutt gouf… sinn alles Theme fir Lokalhistoriker mat Fuerscherséilen!

PS. Dorun dass ‘Lënsefrësser‘ mol Spottnumm fir d’Lelleger Leit war… erënnert den Dictionnaire! Mä iwwer där nahrhafter Kulturplanz hire ‘Comeback’ bei prominente Käch schreift e näischt. - Zu den herrschaftlechen Haiser bléif ze soen, dass an der Maria-Theresien-Zäit Fënschteren, de Rhythmus vun der Fassade bestëmmt hunn a Wäert op schéin Diere geluet gouf. An ‘t fällt op, dass am 19. Jh. wéi de landwiertschaftlechen Erdrag méi héich gouf méi grouss Scheiere gebaut gi sinn. (Eng lescht Info nach: Am Abrëll 1898 a Mäerz 1899 haten de Manternacher Gemengen- a Lelleger Kierchenfabriksrot mam Akkord vum Geeschtlechen e Reglement iwwer den Zoutrëtt zum Ducksall erausginn. Ob et do vläicht un Disziplin gefeelt hat?