Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Longsdref

Fir d’éischt ernimmt ass eng Kierch zu ‘Lunesdorf’ am Joer 1140… an engem Dokument vum Poopst Innozens II.. Domat ass Longsdref gemengt (an der Gemeng Tandel)… deem seng Haiserzuel sech a leschter Zäit verdräifacht huet. Kiermes fir di 81 Awunner ass do den 1. Mee. An 't heescht  2011 fir d’éischt eng Woch drop, den 8., um derzou gehéieregen Uertsdeel Marxbierg net méi No- mä Spargelkiermes. Si verbënnt Hobby an Handwierk natierlech mat engem gudde Spargel Menü.

D’Kapell vu Longsdref- Marxbierg datéiert dem Här Schmitt säi Kiercheguide ’Wegführer Kirchen und Kapellen’ an d’Enn vum 15. Jh. - an d’Wandmolereien an d’16.. Hire Grondrëss, d’Architektur an d’Wopen am spéitgotesche Verwëllef vergläicht e mam Stil vun der Veianer Trinitarierkierch, zou där si mol gehéiert hat. Longsdref, Longsdorf, zielt zum Dekanat a Porverband Veianen. Där klenger zweeschëffeger Halekierch hir zwou massiv aachteckeg Sailen am Schëff an di zwou ronn am Chouer impressionnéiere grad sou ewéi de barocken Haapt- an Niewenaltor. Besonnesch ass hei eng Klack vun 1804 als Wäiwaasser Behälter an e Kräiz an der Plaz vum 2. Niewenaltor. D’ugebauten Einsiedelei vun 1627 war ufangs eng vun 12 Leproserien am Land. Den Zweck vun esou primitiven 'Isolatiounsstatioune' war déi vu Kräizzich matbruete Kränkt auszerotten! Am Joerhonnert virdrun hat Karel V. den Aussätzegen ordonnéiert sech z’isoléieren (an ënner him sollte spuenesch Truppen ’cancojota’ mat heihi bréngen… deen eise ‘Kachkéis’ gouf.)  Zu Longsdref huet eng fënschterförmeg Maueröffnung am säitlechen Ubau erlaabt Gottesdéngschter ze suivéieren. Wéi no 1700 keng Leprakrank méi heirëmmer waren hunn Klausener sech do installéiert, den éischte war 1726 hei gestuerwen.. Am Virbau, deen de Südgiewel stäipt, sinn Ermite begruewen. An der restauréierter Klaus ass neierdéngs e ’gîte d’étappe rural’ (wéi zu Kaalber a Biwels) mat zwee Dortoiren, ee fir sechs an ee fir zwou Persounen.

De Longsdrefer Kierchebau gouf an Etappen zu deem, wat en haut ass. Seng Origine sinn onkloer, méiglercherweis war hei eng heednesch Kultplaz. Seng historesch Bedeitung gouf 1939 gewierdegt, säithier stinn d’Markuskapell an d’Einsiedelei ënner Denkmalschutz. Seng 5 apaart Fënschtere si vum Emile Probst - eng ass rechts an di aner 4 loosse Luucht eran duerch di lénk Schëffswand. Se datéiere vu 1989 a gëllen als modernt Kulturgutt.

Ee Naturmagazin iwwer den däitsch-lëtzebuergeschen Naturpark hat emol op Orchideeen an Enzian an den Dréchenhäng bei Longsdref an Eppelduerf higewisen. Esou Plazen zielen deemno aus der Siicht vum Aarteschutz zu besonnesche Liewensraim. – Last not least spillt zur Freed vun der einheimescher Musekszeen den “Ensemble de la Chapelle Saint-Marc“ hei a ronderëm klassesch Concerten… an ënnerschiddleche Besetzungen. Den Ensembel spillt jee no Programm emol mat 10 an emol mat 30 Museker - an déi wunnen an der Géigend ronderëm an am noe Grenzgebitt. Säi Kär besteet aus enger konstanter Sträicherbesetzung, di au Besoin mat de néidege Bléiser erweidert gëtt. Dat schéinste Kompliment fir den Ensembel: e gouf ewell de beschte Kammerorchester am Land genannt!

P.S. D’ Kapell mam Daachreider ass eng vu ronn 500 lëtzebuergesche Kierchen a Kapellen, déi als Zeien vun engem 'intensive Liewen a kathoulescher Traditioun' entstoungen. Se huet 3 Wopen an de Schlusssteng vum goteschen Verwëllef an e rechteckege Grondrëss. ‘t gouf do fréier gesot fir eng Schluecht oder Schwued Gras beim Méien eng ‘Schlaang’ Gras an als Uertsnumm 'Longsdërf'... (sou schreift de ‘laboratoire de linguistique et de litérature luxembourgeoise'  vun der Uni Lëtzebuerg op Uni.lu.) A ‘klauseléieren’ bedeit deene schlaue Säiten no an dësem Eck ‘Ëmstänn maachen’ oder sech 'onkloer ausdrécken'.