Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lëtzebuerg - Aalstad a Méchelskierch

D‘haiteg Stadplanung besënnt sech op hir historesch Wäerter a schützt d’Aalstadgebitt, dat bis un di zweet Stadmauer reecht. D’Erënnerung un hir bescheiden Ufäng hat en Historiker als grafft Schwaarzwäissbild bezeechent. D’Dokument vum Tosch ‘Maximiner-Kastell um Bockfiels‘ géingt ‘gräflechen Terrain zu Viulna’ ( d.h. Feelen) datéiert vum 17. Abrëll 963. Geschwënn drop huet do eng Fallbréck d’kleng Sigfrids-Buerg vun ëm 15 mol 15 Meter mam Plateau verbonnen. (Deem Wunntuerm senger Kellerreschter sinn nach deels an de Kasematte visibel.) ‘t gouf donieft e 47 m déiwe Pëtz, e klengt Niewegebai, Ställ a geschwënn en éischte Palas aus Holz. Baurechnungen erwähnen ë. a. e ‘petit puis dans la Chapelle’. Späerlech historesch Infoe loossen de Mënschen hire Profil ahnen. Bekannten Detailler no hat deemols Tréier d’Géigend beherrscht an de Sigfrid war 981 zum Uewervogt fir d’weltlech Intresse vu St. Maximin avançéiert. D’Kastell Lucilinburhuc louch um Réimerwee Reims-Tréier, Passage koum hei also aus béide Richtungen.

D’Wéi an domat d‘Wuesse vun eiser Stad a Grofschaft reecht gutt 1050 Joer zréck. Déi éischt fréi Bewunner hunn do Fouss gefaasst... ënner aanre Bauleit, Schmädd, Suedler, Bäcker, Wiert a gräflech Verwalter, Beamten an hir Familljen. (‘Stadlëtzebuerger’ sinn no 1150 am klenge ‘Stadkär ernimmt.) D’Virbuerg mam noen Entourage an dem 17 m héije Fëschmaart-Tuerm krut geschwënn eng Mauer rondrëm mat 3 Tierm a 4 Puerten, un deenen eng Taxe gefrot gouf. D’kleng romanesch Kierch an der Virbuerg koum 24 Joer nom Tauschakt mam Abt Wikerus a war d‘Virleeferin vun der Mechelskierch. Konrad I. hat dann 1083 d‘Aalmënsterabtei gegrënnt mam Hannergedanken op geeschtegen a kulturelle Wuesstem! Si hat beispillsweis Latäinstudien offréiert… an Buergkapléin gestallt. (J.P. Koltz). Wéi 1136 um Bockfiels keng direkt Nokomme ware… goung d‘Grofschaft un e Cousin, den Henri vun Namur (1112-1196), Papp vun der Ermesinde (1186-1247) a Grousspapp vum Henri V.. (D’Ermesinde gouf dem Uert 1244 d’Stadrechter.) D’Urbuerg hat sécherlech lues a lues méi Konfort a Style… Plaz fir Rencontren, Hochzäite vu Grofekanner a vermuttlech d‘Veianer Schlass als Virbild. Ënner dem Jang dem Blanne gouf d‘Verdeedegungsstruktur verstäerkt. Laang duerno, 1963, huet d‘archeologesch ‘Campagne‘ d’Grondmauere reveléiert!

Wichteg al Date waren: 20.10.1340 d‘Grënnung vun der (aacht Deeg laanger) jäerlecher „Schabermesse“ vu Jang dem Blannen a kuerz drop d‘Vergréisserung a frësch Weih vun der Kapell beim Fëschmaart. 13.3.1354 d’Erhiewung vu Lëtzebuerg zum Duché mam Wenzel I. als Herzog. (Eng Prestigefro? (D’Lidd vum Siegfridsschlass reimt mat weltberühmter Rass a beséngt d’Bléi vun eise Ritter mat Keeserkroun.) D’Stad war deemols nieft Metz an Tréier de wichtegsten Uert am ‘Mittelmoselraum‘ (Koltz). Se hat dunn 5000 Awunner an d’entaméiert 3. zolidd Réngmauer ass ëm e Gebitt vun 33 ha gewuess. (Un d‘2. Enceinte erënneren d’an zwou Etappe gebauten Dräi Tierm am Pafendallerbierg.) - Zäitgenössesche Kolorit: 1365 kruten Aalmënster Äbt vum Poopst Urban bei Pontifikaldéngschter erlaabt d‘Mitra an e Beschofsstaf ze droen! (An 1303 hat Henri VII. sengem Cousin, dem Grof Godfrid vu Veianen per Bréif versprach d’geléinte Sëlwergeschir zréckzeschécken!) (Lascombes) - En Zäitsprong zur Suite: 1470 ernimmt ass d‘Vereedegung vum Maximilian I. an der grande Salle vum Chastel. 1554 hunn d‘duerch Blëtz verursaachte Polverexplosioun an e Groussbrand d‘Schlass an de Quartier rondrëm zerstéiert. D‘Festung sollt duerno ënner Friemherrschaften d’Spuren um Bock verschléngen. D’Spuenier hunn z.B. d‘Plaz 1649 an e Fortin, e klenge Fort, verwandelt - de Vauban huet dësen technesch verbessert duerch d‘Verfeinere vun bekannte Prinzipen an un d‘geographesch Lag ugepasst. D’Éisträicher koumen Existentes weider verstäerken a Kasematte gruewen… (D’Festungsvestige mam Huelen Zand offréieren entretemps als ‘Nationalmonument‘ multipel Kamera-Perspektiven.)

D‘Kapitel Buerg-Zerstéirung publizéiert eng Zeechung vum Antonius Stevens vun der „Schlassruin ëm 1615-1620“ [Koltz, Baugeschicht, Stad a Festung (aus Wiltheim ‘Luxemburgum Romanum.‘)] Dem Roger Bour seng ’Sentinelles de l’histoire’ weise Phantombiller nom fräigelueten dausendjäerege Gemaier um Bock. Haut visibel sinn d’consolidéiert an erhéicht Basis vum ufängleche Schlass, inklusiv zwee manner al ronn an hallefronn Puertentierm. Eng Zeil vum A. Langini approuvéiert, dass Konscht- an Touristeguiden eis geschichtsträgeg Bauten als eemoleg Zäitzeien luewen - an hie gesäit an hinnen ‘eng vun eise considerabelste Sehenswürdigkeeten.‘

De Fëschmaart, mol historeschen Zentrum, mol ‘coeur de la vieille ville’ genannt, encadréire schmuel Gaassen wéi d'rue de la Loge, de Breedewee an d’Fleesch-Schiergaass. Op der Plaz vum Haus ënner de Stäiler (vun ëm 1510) mat de spéitgotesche Fënsternische war emol eis éischt Mairie. Nobäi steet d’Haus mat der villgeknipster Tourelle an Opschrëft «Mir wölle bleiwe wat mer sin». Vis-à-vis presentéiert de komplett renovéierte nationale Konscht- a Geschichtsmusée säit de 1930ger al Schätz; an de staatleche Folkloremusée mam Burgunder-Wopen an der Fassad erlaabt eng nostalgesch “visite du temps”. Ëm d’Maartplaz virun der Grofebuerg hat sech d’wirtschaftlecht a gesellschaftlecht Liewen ofgespillt. Nom Entstoe vum Neie Maart (am 12. Jh.) bei der fréirer ‘Nikloskierch’ housch d’al Maartplaz alen oder ‘Alde Maart’. Vill Händler hunn den Neien virgezunn, well dee Quartier räich Leit unzéie sollt. Den Eeleren huet sech duerno op Kéis spezialiséiert, housch 1795 allerdéngs nees Fëschmaart. Kuerz drop huet en Decret d’Holz- a Fëschhändler dohi verwisen. Traditionell ass do zënter 1827 d’populär ‘fête de la poterie’ oder ‘Éimäis’chen’.

D'Méchelskierch

D’al Stadter Quartieren ziele säit 1994 zum ‘Patrimoine culturel mondial’ vun der Unesco (grad wéi d’Place Stanislas vu Nanzeg oder d’Kathedral vu Chartres.) Se si ‘chargé d'histoire incontournable’ a resuméiren d'Militärarchitektur iwwert Joerhonnerten. Eng Panoplie vun sympathesche Caféen a Restauranten dréit zu hirem Charme bäi. (1814 war dem Haus Schamburger mam Tiermchen säi „Kuddelfleck" wäithi bekannt.) Iwwer de «Breedewee», d’«voie large», koum ee vu 6 berühmte Kiemen an iwwer dës goufe Wueren an sougenannten ‘Ideeengut’ vu Reims an aus Flandern transportéiert! Hei war e Schnëttpunkt vu Sproochen a Kulturraim an eise Grofen hir “Heiratspolitik” war positiv. “D’Corniche" oder ewéi d’Alstater soen „de Rampart" huet eng herrlech Vue op de 50 m méi déiwe Stadgronn, op d’Rumm an de Kierchbierg. De Batty Weber sot do emol zu engem Gaascht „Sti mer nëtt hei op dem schéinste Balkon vun Europa..?” E puer Schrëtt weider erënneren d’„Maison de Cassal" aus dem spéide XVI. Jh. un e bekannte Baron - an d’Staatsarchiv un d’Enn den 1850ger gebaute bommeséchert Krichslazarett.

D’Aalstad refletéiert och an der Méchelskierch "dee Mosaik vu Stiler, deen dem Land eegen ass.” (Simon Anheim) Si entstoung an e puer Etappen iwwer der romanescher Buergkapell. Fundamenter vun hirer Krypta goufen 1962 erëmfonnt. Dës kleng Erléiserkierch mat fënnef Altär hat den Tréierer Erzbëschof Egbert 987 geweiht, (hie war engem Schwoer vum Sigfrid säi Monnong!) No diverse Schied an Ëmbauten am 15. a 16. Jh. haten d’Dominikaner se tëscht 1628 a 1796 iwerholl an ufangs vergréissert. Se gouf 1684 staark ënnerëm Vauban beschiedegt an deels mat finanzieller Aide vum Louis XIV opgebaut. Hien hat z.B. d’Renaissance-Portal gestëft, e Wopen erënnert u seng Stadvisite am Mee 1687. D’barock Zwibbelhauf an dem Bau säin haitegen Aspekt hunn een Alter a vereenegen romanesch a barock Elementer ënner enger spéitgotescher Voûte. Hir Pietà aus Eechenholz (mam Spender-Numm Nicolaus Seil an Datum 1690 am huele Réck) an d’Statue vun den hll. Hadrian an Natalie an dem Erzengel Méchel mam Flameschwäert sinn dem Nicolas Koenen vun Hierber attribuéiert. (J. Hirsch)

De Klenge Regensburger Konschtführer vun 2004 ass räich un Historik; en ernimmt z.B., dass den elfenbeinwäissen Haaptaltor mat de prachtvollen Augustinus an Pierre Fourier Statuen an de Priedegstull vum Bartholomé Namur 1803 aus der fréirer Kongregatiounskierch koumen… (an dass d’iwwer 4 m héicht Altorbild vu 1642, vum Brudder Jacques Nicolaï vun Dinant, emol d'Jesuitekierch beräichert hat.) D’Méchelskierch ass bekannt wéinst hirer excellenter Akustik an hirer Westenfelder-Uergel (vu 1969). Hiert herrlecht Gehais vun ëm 1660 kënnt aus der fréierer Franziskanerkierch a steet säit Dezember 2002 op der Lëscht vun eisen Nationalmonumenter. D‘Kierch ass säit 1963 klasséiert. Hir deemols nei Fënstre veréiwegen ënnerëm Duxall Szeenen aus der Porgeschicht (v. Gust Zanter), a weisen am Schëff Schutzpatréiner a Wope vu Brudderschaften an Zünften ( v. F. Kinnen) an nieft der Entrée säitlech ë. a. den Urpatréiner (v. Mett Hoffmann). Ee vu villen Detailler nach: Den apaarte Fer-forgé-Liichter hat d’Confrèrie des Rôtisseurs ëm 1750 geschenkt. (Vun de Brudderschaften seet de Fr. Lascombes (bei Anno 1244), dass hir Vereenegungen Géigesätz iwwerbréckt hunn, well hir Membre verflicht waren zu Gebied an zu géigesäiteger Hëllef! An no hinne konnten d’Corporatioune sozial Spannungen ophiewen.

Am noen Ëmfeld vu „Saint Michel... qui veille le vieux Luxembourg“ wéi ’t an enger Ballade housch, hat d‘Dominikanerklouschter d’Plaz vum alen Useldenger- a Mariendaller-Haus ageholl. (Koltz). ’t gouf 1860 ëmfonktionnéiert a vum Weesenheem zur Klinik St. François, (an där 1954 di lescht Operatioun war) an dann zum Altersheem. Photobicher aus der Belle Epoque (V. Eischen - H. Kugener a Fr. Mersch) presentéieren intressant historesch Gebaier, z.B. d’Feller Haus - d’spéider Klinik St. Joseph, d‘Haus vun der Marie de Zorn - wou säit 1960 de Staatsrot ass, an d‘haiteg Galerie ‘beim Engel’ mat hirer “Ankerdatéirung“ vu 1637. S’ernimmen och d‘fréier Butteker am Breedewee, d’Fontaine St Nicolas an der Waassergaass an d’1888 gebaute Porhaus. D‘Buch ‘forteresse éclatée‘ (J. Pauly) weist d’1802 ugefaange Maquette napoléonienne mat der deemolger Festung. De citoyen Boitard hat d’Haiserbléck minutiéis nummeréiert a mat Häff, Gäerd a Bamkrounen (aus Schwämm) an Inselen agedeelt. De Quartier vum ‘marché-aux-poissons‘ huet doran e Kapitel fir sech an d’Vue op d’Dräi Tierm am Pafendallerbierg an e spueneschen Tiermchen versetzen eis op Säit 107 zréck an d’Zäit.

P.S. Aus där Fallbréck aus Holz, déi de Bock laang mat der Uewerstad verbonnen hat, gouf 1735 ënnert dem Karel VI. eng massiv Bréck aus roudelzechem Sandsteen. 202 Joer drop entstoung de Veräin, aus deem spéider de Comité Alstad ervirgoung. Seng Archiv-Quellen erënneren drun, dass an den Dräi Tierm e Prisong war bis 1810, an dass d’Guillotine do versuergt gouf (an au besoin op d’Fëschmaartplaz koum.) Kaum bekannt sinn do d’fréier Exekutiounen ab 1388. No 1871 huet de Capitaine Weydert an den ale Wänn gewunnt an do un sengem Festungsrelief geschafft (..ass haut am Musée Dräi Eechelen.) Säi Graf um Nikloskierfech reproduzéiert iwwregens d‘Dräi Tierm. - D’Buch ‘promenade à Luxembourg’ vum José Alfonso Fernandez vu Madrid (dee säit 1996 hei lieft) bréngt d'léif Konklusioun an 9 Sproochen “...dass den Abt vum Klouschter St. Maximäin 963 net wousst, wat fir e Schaz hien dem Sigfrid iwwerlooss hat beim Tosch vum Fiels Lucilinburuc géingt e puer Lännereien an den Ardennen!”