Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lëtzebuerg - Zéisseng

 

En Dokument dréit 1083 ëm d’Grënnung vum Klouschter um Stater Plateau Aalmënster. Et ernimmt dozougehéireg “leibeigen” Familljen vun Zéisseng a Gasperech… a Mënchen déi do d’Gewan notzbar gemat hu fir weider Leit unzezéien. 1371 goufen zwee Schäffe vum Haff Cessingen ernimmt am Rapport mat enger Grondrent, de Nikolaus, Fils vum Roit an e Fils vum Thiel. D’Bezeechnung ‘Kuelebierg’ geet op e Flouernumm vun enger moerer Héicht zréck, de Kahlebierg, wou ni Beem gewuess sinn. En 58 ha grousse Bësch huet Zéisseng awer am Stater “domaine forestier” tëscht Leideleng, Kockelscheier an Hollerech. (Op anere ‘Kuelebierger’, zu Biekerech, Esch, Schrasseg an Diddeleng hu fréier Köhler fir den Holzkuele-Besoin vun hirer Ëmgéigend gesuergt.) D’Zéissenger Wouerzeechen, de Waassertuerm, suergt ewell vun 1931 un mat enger 1000 Kubikmeter- Kapacitéit fir e konstanten Drock vum Stater Drénkwaasser.

Dat laanggezunnend e bëssen ofgeleeënd Zéisseng (...fréier eng Haaptstrooss mat Ofzweigungen) krut 1865 eng Schoul. Wéi d'Hollerecher Kierch dann ëm d'Jorhonnertwenn ze kleng war gouf an der noer Ëmgéigend eng zweet envisagéiert. (Hollerech hat 1896 nom Recensement 15.000 Leit a war domat di drëttgréisst Gemeng am Land bis 1920 d’Groussgemeng Lëtzebuerg entstoung.) Nom Asaz vun den Zéissenger fir eng eege Filialkierch gouf dëser hire Grondsteen am Abrëll 1902 geluet - an e Joer drop am Oktober 1903 war d’Aseenung. Den eelste Veräin vum Duerf, d'Chorale, war fir d'Aweiung gegrënnt ginn… d‘Pomjeeën enstoungen 1913. En zweete Chouer,"Entre-Nous" genannt, hat méi e weltleche Repertoire a krut nom Krich de klangvolle Numm "Chantres de St-Joseph". Neijoschdag 1959 ass de Viruert zur eegener Por avancéiert. E Meilesteen an der Evolutioun vum Bauerenduerf zum moderne Virstadquartier war dann de Bau vun der "Cité Emile Hamilius". Op den zwou Säite vun der Zéissenger Baach entstoungen 1956 di éischt 91 Haiser.. a kuerz drop an enger zweeter Phas weider 83 Wunnengen zu gënschtege Präisser. Well ‘t sech do gutt gelieft huet goungen am Hierscht 1961 där neier Schoul hir Diren op (..dat tëschenduerch vergréissert aalt Schoulhaus war ze kleng!)

Parallell zur rasanter baulecher Entwécklung vum Quartier war och d'Kierch ze kleng; där aktueller vum Architekt Remy Isola hiren éischtgeluete Steen datéiert vun 1969. Hir dräi Klacken goufe no 2 Joer geweit an de moderne Bau mam Proufsall am Sous-Sol a mat ëm 400 Plazen 1972.. De konschtvollen Altor, Tabernakel, Dafbur  an Ambo, d’schéi Statu vun hirem Patréiner, vun deem et heescht ‘Josephi kloer, gutt Hunnechjoer‘ si vum Laureat vum ‘Prix Grand-Duc Adolphea Claus-Cito- Schüler Charles Kohl. De nuançéierte Wandteppech hannert dem Altor kënnt aus den Tréierer Franziskanerinnen hirem Konschtatelier, der Rhäininsel ‘Nonnenwerth’; seng Baamsilhouette an d’groussflächeg horizontal Fënstere vum Zanter ginn dem Raum eng speziell Ambiance. Net ze vergiessen.. d’nei Zéissenger Kierch entstoung eng Zäitche nodeem de Le Corbusier inovativ Architektur eng ‘tournure d'esprit’ a net e ‘métier’ genannt hat. Architektur a Konscht erfuerdere Wäitsiicht a musse fillen wat d’Zukunft fuerdert - de Projet ’Zéissenger Kierch’ haten ëm d’1970ger wäitsiichteg Gefiller geleet. - Zenter 1999 zielt d'Por zum Pastoralteam Belair-Märel-Zéisséng. Intressant ass last not least dee vu 1998 un publizéierte Massendéngesch-Kalenner mat alen a neie Photoën aus der Por. An, dass “neies Ales oder ales Neies” zesummelieft, ass dem François Valentiny no “déi natierlechst Saach vun der Welt.”

Flächeméisseg ass Zéisseng mat véierzéng Prozent ee vun de gréisste Stad-Quartieren. Chiffre vun 2004 ginn do 6970 Ar Bruttowunnbauland un mat 840 Ar Aktivitéitszonen, donieft 58 ha Bësch an eng 8,5 km laang Promenade op Kockelscheier. Lokales nach: Op d‘Buergbrennen invitéieren hei traditionell d'Chorale an d' Pompjeeën an d’Zéissengerstrooss an de ‘Schwéngseck’. Wéi bei der franséischer Belagerung 1794-’95 op der Héicht Kanoune stoungen war e Brand hei fatal. Den 1969 verbrannten Tubis- oder ‘ieweschten’ Haff (Variante vun ‘Tobiashaff’) hat laang vum Kuelebierg op d’Haiser am Dall erofgekuckt. Do kënnt d’7,4 km laang Zéissenger Baach vum ‘Schléiwenhaff’ hir duerch 3 Gemengen an zwee kleng Weieren. Si hat fréier zu Hollerech virun hirer Mëndung an d’Märelerbaach eng Uelegmille gedriwwen a gläich donieft bei der Autobunnsgafel heesche béid Baachen da Péitrus!

P.S. Haiser aus der rue des Champs an rue Tubis, déi schonn 1824 um Kadasterplang stounge, goufen 2011 ofgerappt. Si hate matkritt, wéi de Biergbautechniker Carl Gotthelf Kind ouni Succès zu Zéisseng (1837-1839) no Salz gebuert hat, mä net, dass en 1846 zu Munneref d’Source Kind fonnt huet. De vun 1920-‘76 hei onpopulären Dreckstipp huet d’Sidor ofgeléist an d’Plaz huet haut attraktiv Sportfelder opweises. E Gesetz hat 1967 de noe Stad-Contournement ugekënnegt... Extraordinär war 2011 de Prix Anne Beffort fir d’engagéiert Associatioun „Sport a Fräizäit (SaF) Zéisseng“ am Domaine «égalité des chances entre hommes et femmes dans le domaine du cyclisme féminin et du sport en général»! - 2011 hat Zéisseng 2546 Awunner mat 50,04% Lëtzebuerger an Enn Dezember 2012 dann 2734. Am neien Atlas vun der Groussregioun steet de Garervéierel mat 82 % Auslännerundeel an Hamm, den Cents an Zéisseng mat der Majoritéit Lëtzebuerger. Haaptakteur a sengem revaloriséierte Park ass deem flotten Dépliant no d’renaturéiert Baach; ‘Zeiselcher’ wäerten e bezéien an op der Spillplaz kënnen Zéissenger an netlëtzebuerger Kanner novollzéien, dass d’Spillen Barrièren ophieft!