Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lëtzebuerg - Eech

'Dummeldéng an Ääch leien an engem Strääch' un der Haaptstrooss Lëtzebuerg-Miersch. Dem Géographe Dezauche seng Kaart weist 1790 d’nërdlech Lorraine an hallef Lëtzebuerg - a rondrëm Stad d’Dierfer Holrich, Dumeldange, Bonnevoy an Eich. Wéi de Stuerm vun der franséischer Revolutioun ëmmer méi no koum, war 1793 keng Schueberfouer. (Mä Lascombes-Zeilen no hat de béimesche Glashändler Joseph Girtler dräi Deeg virdrun an der Gazette informéiert, säi Stand stéing zu Eech beim Meier Valentin Simon.) D’Descente vum Glacis de géien “Alen Äächerbierg” erof bestoung säit dem Joer 1718. D’rue des Glacis mat de Serpentinen (an dem Chronogramm am Fiels) gouf 1850 ugeluet, an der ‘Côte d’Eich’ hiren ieweschten Deel tëscht der aktueller Biedergaass an dem Krispinesfiels datéiert vun 1876. Dësen housch ufangs rue des Remparts a stellt laanscht dem Festungs-Wall “e Stéck touristescht Kapital” duer, schreift de J.-P. Koltz.

Déi Al Gemeng Eech entstoung 1822. Zu hir hunn ë.a. d’Neiduerf, de Kierchbierg, Rollengergronn, Lamperbierg a Beggen gezielt. 1848 hat se 5448 Awunner an 21 Gemengeconseilleren. Eech war am Fong ëmmer eng Eenheet mat Weimeschkierch. Eent hat d’Gemengeverwaltung, d’Geschäftswelt an d‘Klinik, dat anert d’Porkierch, de Kierfech a laang en Duerfcharakter. Et war staark mat der Eisenindustrie verwuess, an doduerch weltwäit bekannt, (den E am Numm ARBED stoung ëmmerhin fir Eech!) D’Ufäng dofir waren Doten net Wierder... Dräi Metze-Bridder hunn e puer Joer no hirer ‘Société d’Industrie’ 1845 d‘Usine d’Eich gegrënnt mam August M. als Haaptpatron. Hiren 1. Héichuewen koum op d‘Plaz vum Norbert M. senger Millen. 1858 goufen do ewell dräi där 9,30m héijer Kolosse mat Holzkuelen an deels Koks bedriwwen. Zwee Joer drop hu se jäerlech 16 Tonne Réi-Eisen produzéiert - säit 1854 ënner der Directioun vum Norbert M.. Kuerz no der Grënnung vu Metz&Co goung 1866 d’Responsabilitéit un säi Neveu Edouard M.. Am (online publizéierte) Buch “Les METZ, la Dynastie du Fer“ erzielt den Historiker Jules Mersch Héichintressantes; (1839 hat de Norbert M. sech z.B. beim Guillaume II. opposéiert géingt de ‘morcellement du pays’!)

D’Schmelzhären, d.h. Metz & Co, hunn 1873 e Weesenhaus, eng Schoul an en Hospiz baue gelooss an Uerdensschwesteren dran engagéiert. Et krut 1878 en Operatiounsraum, Zëmmere fir Kranker (paralell eng Bitzschoul) an de Numm Eecher Spidol. D’generéis Veuve Metz-Tesch hat dëst 1891 fir 35.000 F vun den Associéë kaaft an dem Staat et kuerzt drop geschenkt. Zwee Joer duerno entstoung dann d‘Fondation Norbert Metz. - Spezialitéite vun der Eecher Schmelz an Eisegéisserei waren nieft Gosse Plakken an Taken d‘Iewen (z.B. "Däiwelcher"), Material fir de Bau vun der Eisebunn an och ornamental Wendeltrapen, Grafgelänneren an Eisebetter. (Méi dozou an iwwer d’riiseg Take-Sammlung vum Edouard Metz erzielt ‚Ons Stad‘) Am Rénert ernimmt „Dem Wollef seng Klo“ iwwregens ee Schmelzhär „Kuckt, wann äch ojch kënnt schwätzen, Als wi de Metz van Eech: Sechs Wojche jif äch riädden Vam Renert sänge Streech.“ - 1893 koum den Uschloss vum Duerf un d’Stater Waasserversuergung, ëm d’Joerhonnertwenn hat et 1081 Awunner, e Veloshändler a 17 Caféen. (Béier huet jo d’Brasserie d’Eich säit gutt annerhallwem Joerhonnert gebraut…) Zeng Joer drop koum d’Kanalisatioun an 1913 ass de Stater Tram bis bei d’Klinik gefuer.

D‘Gemeng Eech koum 1920 via Referendum mat 63 % jo Stëmmen zur Gemeng Lëtzebuerg. Kuerz virdru krut hir jonk Harmonie nach 10.000 Frang Subsid fir Musekinstrumenter. An d’Suite? Säit 1925 erënnert d‘Place Dargent un e bekannten hei 1869 verstuerwne Stater Apdikter. D‘Schmelz gouf an de 1960ger stëllgeluet, d’Eisegéisserei demontéiert an de Metzebau Ufangs de 1980ger ofgerappt. Haut stinn um Site 'Eecher Schmelz' 220 Wunnengen vum Fonds de Logement. Am Quartier wunnen ëm 70 % Auslänner, déi der Asti hiert ‘Kannernascht’ approuvéieren. D’fréiert Wurth Haus koum 1988 op d’Lëscht vu klasséierte Monumenter. D’Fonderie de Luxembourg gouf 1999 Stadsbesëtz an no aacht Joer ëmfonktionnéiert zum Guiden a Scoute-Centre "D'Géisserei". Am neie Schoulgebäi managt d’Léierpersonal gemixte Klassen. Jéinesch Begrëffer wéi Quinn (Hond) oder Zaster (Geld) sinn do wahrscheinlech Friemwieder... an iwwerëm ufangs zitéierte Vers vun Dummeldéng an Ääch seng zweet Zeil "Weimeschkierch läit no derbäi, Dat sin där Schelmendierfer dräi"... schmunzelt nach d’eeler Generatioun. - Ir d’Bréck op Weimeschkierch goung, waren en holze Stee an eng ’Wildenfurt duerch d‘Uelzécht.’ t koum nämlech eng keltesch Strooss vum Reckendall duerch d’haiteg Emil-Metz-Strooss, den ënneschte Karewee via Gréngewald op de Sennengerbierg. E Renteverzeechnes hat 1311 hei bei gräfleche Recetten 6 Malter Weess uginn vum ‘Wiermolin soubz le Bambois‘ (.d,h. vun der Wiermillen). D’Eecherfeld nennt den alen Diktionnär ‘fruchtbares Plateau über dem Äächerbësch‘.

P.S. Dem imposante Ginkgo am noe Park säin Alter ass net bekannt; säin Ëmfank vum Stamm op Broschthéicht war 2000 ewell 3,67m an e koum dann 2002 op d’Lëscht vun eise remarkable Beem. De Lavalspark, benannt nom hei gebuerene Léon Laval, war 1975 feierlech ageweit ginn als Erhuelungszone. D’Verbindungsstrooss Place Dargent-Route d’Echternach entstoung 10 Joer duerno, zur Freed vum Intresseveräin "Gemeng Al Eech" (..domat war eng Berouegung fir d’rue des Sources en vue.) Den Depliant mam Titel "An der Wiege der Luxemburger Eisenindustrie" invitéiert Intressenten op eng Promenade vun der Dummeldenger Gare via de 'Raspert' laanscht de Park a Riichtung Millebaach bei der Schmelz hire nach erhalene Kueleschapp; zréck féiert se laanscht herrschaftlech Haiser wéi d‘Wunnhaus vum Auguste Metz, d‘Gebuertshaus vum Emile Mayrisch, d‘Villa vum Félix Chomé an d‘Gemengenhaus vun där fréirer Gemeng Eech. Dëst ass haut e „Foyer de jour“, a vläicht wéisst do een eppes iwwer d'bal vergiesse 'Kludderer' a  'Kleeten' oder opdrenglech Klieter, déi lokal ‘Klietertinnes‘ genannt goufen.