Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Mariendall

 

Op eisem Tour duerch d’Land besiche mer emol e wanterleche Mariendall an der Gemeng Tënten. ‘t wunne Mëtt Januar 2011 e puer Privatleit do an 121 Réfugiéen. Op dëser Plaz vum Äischdall hat den Thierry vu Miersch, de Mundschenk vun der Ermesinde, 1230 eng Kapell gebaut. Hien hat nämlech do an engem huele Bam e Madonnebild fonnt. An dat war den Ufank vun enger laanger Geschicht! D’Plaz huet Pilger ugezunn, aus der Kapell gouf eng Kierch a bei si koum kuerz drop e Klouschter... gestëft vun deem generéise Mierscher Här.

Wéi d’Wäiss-Pateren d’Mariendaller Klouschter 1974 verlooss hunn koumen der Yolanda hir stierflech Iwwerreschter op Veianen; si war do 1231 als Kand vum Grof Henri I. gebuer… Se war géint de Wëlle vun hiren Elteren 1248 Dominikanerin ginn am Vallis Mariae - an ass de 17. Dezember 1283 no 35 Joer Klouschterliewen do gestuerwen... (a gouf geschwënn séileg gesprach.)  Ënner hir entstoung eng fënnefschëffeg gotesch Klouschter-Kierch mat 4 Säitenaltär - 50 Meter laang a 35 Meter breet - vun där haut näischt méi ze gesinn ass. Ënnert hirem Altor war der Yolanda hiert Graf. Den zimlech neigegrënnten Dominikanerinnen Uerde krut ënner der Yolanda en Opschwonk; si war nämlech hei vun 1258 un 25 Joer seng éischt Priorin. Gräflech Schenkunge vu Lännereien, e Reliquie-Kaaf an eng Bibliothéik hunn dem Klouschter eng wiertschaftlech a kulturell Bléi bruet… Dobäi koum 1343 eng Duchwiewerei fir den eegene Besoin. Eng Pietà aus Alabaster vu 1612 erënnert an der Tëntener Kierch un de ‘Val Marie’. Ënner der Catherine vu Manteville, Enn de 1720ger, entstoung e Klouschterneibau - dee Joseph den II. allerdéngs 1783 privatiséiert huet. De wäertvolle Mobilier koum an aner Kierchen. E Chronogramm vun 1847 iwwer der Hannerdier vum Haaptgebai erënnert u seng deemooleg Erbauer ‘Zu Éieren vu Gott, der séileger Jongfra, dem séilege Jang, Néckel a Justine huet dëst gebaut a geweit am Marien-Dall’... ass do agravéiert. (D’Koppel war de Jean-Nic Neyen an d' Justine Petit.) Wéi den ale Bau verfall war viru gutt 200 Joer, hate Baueren hir beschiedegt Dierfer mat senger Steng opgebaut, an en Deel gouf an de Ställ vum Walfer Schlass verbaut, verréit d’Buch 'Kulturrouten’. Am Dezember 1882 hat den Historiker Auguste Neyen der Priorin hire Schädel gebuergen.

Di ewell ernimmt ’Wäiss Pateren' haten 1890 d’Klouschtergemaier kaaft a renovéiert, an do am neien Haus jonk Missionnaire forméiert. D’aktuell Kapell datéiert vun 1895. D’Haus gouf  no 40 Joer vergréissert, well si entretemps zu 90 waren! Am 2. Weltkrich koum e Prisong fir Jugendlecher an d’Klouschtermaueren! Wéi spéider manner Pateren am ‘Val Marie’ ware gouf säin Ënnerhalt e Problem a si hunn dem Staat de Beréng 1974 verkaaft - (deen haut ënner Natur- an Denkmalschutz steet!) Et koum an de 1980ger en Zentrum dra vum Service National de la Jeunesse mat 100 Schlofgeleeënheeten an allerlee Atelieren an geschwenn Flüchtling’s Wunnengen. Déi fréier Klouschter Kapell gouf an der Tëschenzäit sekulariséiert an déngt als Festsall.

Säit den europäeschen Deeg vum Patrimoine 2006 valoriséieren de restauréierte Yolanden-Tuerm mam iwwer 300 järegen  Aansebuerger ‘Pont des Forges’ den Äischdall. Bei Fouillen um Archeologie-Camp goufen am Summer 2010 Deeler vun de kléischterleche Grondmaueren aus dem 13. Jh. fonnt. Der Yolanda  hir Perséinlechkeet beschreift déi ëm 700 jäereg Muselfränkesch Pergamenthandschrëft vum Brudder Hermann vu Veldenz. De ‘Codex Mariendalensis’ gouf  iwwerraschend 1999 am Aansebuerger Schlass erëm fonnt. E gëllt als eelste literaresche Sprooch –Témoin aus eiser Géigend a wëssenschaftlech Goldgrouf a punkto Interessen, Konflikten, Strukturen oder mëttelalterlech Mentalitéit a Frömmegkeet.

P.S. De wäertvolle Mariendaller Haaptaltor aus dem Joer 1701 vum Jan van der Steen vu Mechelen koum mat der Uergel op Jonglënster, déi 2 grouss Säitenaltär (mat der "Peter von Mailand"-Veréierung) op Steesel, den drëtte Säitenaltor koum an de Stadgronn, wou haut d'Schwaarz Noutmuttergottes veréiert gëtt, an de véierten mat der Pietà op Tënten. Nach ze soen: Een Duebel-Wopen vu 1697 ass an der Mauer vun Dependencen... An der Kathedral hängt eng Klack mat Chronogramm vu 1986, an deem et heescht  ‘JOLANDA FILIA  EX  VIANDEN’ “Zierde vum lëtzebuerger Adel, bied fir eis.” Der Waltraud Riehm hiren historesche Roman mat Spuere-Sich an 15 reng Illustratiounen am Stil vu mëttelalterlecher Buchmolerei bréngt eis der Yolanda hir Epoche op 310 Säiten méi no.