Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Munzen

Munzen, Munshausen, zielt zum Kanton an zur Gemeng Klierf an huet 188 Awunner. Den Haupeschmaart gouf do 2011 fir 22. mol ofgehalen um éischte Novemberweekend mat 80 Aussteller. Dee Brauch staamt aus dem 17. Jorhonnert, deemools haten d’Jeeër e Maart organiséiert zu Éire vun hirem Patréiner. De René Engelmann nennt sengerzäit de Munzermaart vum 3. November ‘der einzige Fohlenmarkt des Landes’. Net Päerd, mä genee 128 Honn an eng Honnssteier vun iwwer 5000 € ernimmt hei d’Gemengeblat “de Raider“ 2006... Virun der Fusioun mat de Nopeschgemengen Klierf an Hengescht hat di Munzer mat hiren 2.557 Hektar knapps 1% vun der Fläch vum Land ageholl.

Am 16. Joerhonnert nenne Pergaments-Lëschten aus dem Munzer Porarchiv d’Duerf Monshuysen! Aner Quellen erwänen e „Montzhausen", e Numm dee no "Häuser am Berg" kléngt. D’Héichten-Duerf war vun 986 bis un d’Enn vum. Mëttelalter, d.h. ronn 500 Joer mat Housen eng Duebelpor mat zwou getrennte Verwaltungen. Virun der franséischer Revolutioun hat Klierf zur uraler Mamme-Por Munzen gezielt an d’Grofenhaus war mat dran implizéiert... Déi heiteg 1961 klasséiert Kierch presentéiert sech als Ensembel vu verschiddenen Deeler; hir Baugeschicht erkläert e Plang an der Virhal. Hiren18 Meter héijen romaneschen Tuerm aus Schifersteng aus där eelster Bauperiod vun ëm 1250 gouf bis 1750 als Sakristei benotzt. D’gotescht Schëff koum no, an am Chouer vu 1470 weist e kuckeswäerten Engel um Verwöllef sengem Schluss-Steen de Klierfer Wopen. D’grad sou al spéitgotesch säitlech Grafkapell entstoung ënner Friedrich II., dem Grof vu Clierf an huet gutt erhale Fresken mat Attributer vun den Evangelisten. D’lescht Grafsteng vun der Klierfer Herrschaft si vun 1602, am touchant’sten ass dee vum Weckelkand... D‘Hubertusstatue mam Hirsch an Händschen un an de Barockaltor vu 1705 vum Jean Tossing oder Toussaint vu Baaschtnech sinn am typesche Scholtus-Stil. D‘säitlech Dieren nieft dem Haaptaltor, d’Kierchebänken mam räiche Säitendekor vu 1719 a munnech aner Detailer ernimmt de Site vum Porverband-Clierf. Kuerz resüméiert: an de Mauere vum Raum ass d’reliéist Liewen vu Joerhonnerten ageschriwwen.. (Den 23. Januar 1945 haten nuets hei an engem Keller zwee däitsch Zaldoten no agemate Quetschen geglëscht an duerno de Kommando d'Kierch ze sprengen just hallef befollegt; se hunn einfach keen Zünder bei d'Tellermine geluet.) (Temoignage vun der Mme K. Spaus...) Zur Gemeng Munzen goufen 1841 Draufelt, Kocherey, Maarbuerg, Maarnech, Rueder a Siwwenaler opgezielt. Deen hei am Duerf gebuerenen Theodor Schloeffer war iwweregens tëscht 1846-‘76 Klierfer Dechen.

Di 4 traditionell Kapelle laanscht d’Strooss gesouche 1989 d’Duerfliewen aus sengem ‘Dornréischeschlof’ erwächen. D‘Landflucht’ konnt dee Moment de neie Syndicat d’Initiative bremsen duerch säi neien Intérêt fir Tourismus, soziaalt Denken a Kultur.. D’Maartkräiz um Bord vum Duerf gouf restauréiert an den Haupeschmaart relançéiert. Um Domaine ‘A Robbesscheier’ entstoungen op 6 Ha 14 Atelieren fir d’Bauereliewen vu fréier nei z’entdecken... Visiteure fannen hei eng lieweg Présentatioun vun eeleren Aarbechtsmethoden, beispillsweis e flotte Buttek am ‘Doléinerhaus’, e Restaurant mat lëtzebuerger Spezialitéiten, Vakanzwunnengen, eng Spillplaz, e Fräizäitpark, ënner anerem e Beienhaus an de ‘Musée vivant’ vum Ardennerpäerd. Dës bis 1000 Kilo schwéier robust mä agil Schaff-Déiere mat kuerzen Häls a stämmege Been sollten ewell réimesch Legioune schätzen. Si sinn hei onentbierlech bei nohaltegen Aarbechten am Bësch a gemittleche Kutschefaarten... an heeschen heefeg Louis, Max oder Polly.

P.S. Dem Joseph Kutter seng Palette gouf mat enger faarweger Glous ënner den Äesche verglach; hien hat d'Duerf ëm 1935 gemoolt an “le village blanc” genannt. Säi Stil mat de geometresche Formen an hell-donkel Kontraster kritt ‘fermeté et poésie’ nogesot. - Munzen war ewell 839 als Uert in ‘Ardu-enna‘ erwänt. Zum fréieren hei aus­gedehnte Porgebitt vum Lécker Archidiakonat hate nieft Munzen, Maarnech, Rueder a Klierf laang nach di 6 Uertschaften Reiler, Fëschbech, Grandsen, Ischpelt, Neidsen a Boukels gezielt. De Noruff vum Nico Hamen fir den ale mächtegen ‚Dräistempler‘ erënnert drun, dass dësen am éischte Kadaster vum Land e Flouernumm westlech vum Duerf op der Héicht tëscht Draufelt a Klierf inspiréiert hat.