Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lëtzebuerg - Neiduerf

De Numm Neiduerf ass no der franséischer Revolutioun opgedaucht... ‘t waren 1806 hei grad emol 215 Awunner! Ronn honnert kleng Haiser mat Stréidiech sinn 1845 hei verbrannt, an duerno goufen déi Diech endlech verbueden. D’1907 gegrënnte Fanfare Municipale Neudorf-Weimershof heescht no der Fusioun mat där Clausener ‘Groussherzoglech’ „Fanfare des Faubourgs“. (E Päerdswon hat 1905 di 1.Instrumenter hier op d’Plaz bruet, hire Gönner war d’Famill Funck.) Se spillt den ‘Hämmelsmarsch’ an dräi Etappen, freides an der Industriezon ‘Kalchesbréck’ an am Laange-Gronn, Samschdes op dem Weimeschhaff an an rue du Kiem- a Sonndes Muerges vun der Kalchesbréck bei d’Kierch.

Den heitege Stadvéirel Neiduerf war viru gutt 400 Joer eng onbewunnt Wëldnës, ‘t goung just e Kiem derduerch, e Juegd-Pad an eng Baach op hirem Wee a Clausen an an d’Uelzecht. Hei fléissen nach haut beim „Wollefslach" Gewässer zesummen, déi aus de Senken vun der Kalchesbréck, dem Omessenhank an Kuelewee hierkommen. An se hunn engem ale Kadasterplang no d’Kalches- an d’ Clausener Hedinmillen, zwou vun de ale 47 Stader Millen ugedriwwen. Haut zielt d’Neiduerf ëm 3990 Awunner mat 70,02% Auslänner. Et ass hei kaum kuckenswäertes fir Touristen, mä ’t fënnt een nach Wiertshaiser am Lokalkolorit mat ‘vieux-Luxembourg’ Atmosphär! Seng Geschicht fänkt un an der 2 Halschecht vum 16. Joerhonnert, 1563, wéi do Beem ewech gemat goufen fir dem Mansfeld säi Schlass mat Fontainen a Statuen, Orangen- an Zitrounebeem, dem risegen Déierepark an der 12 Fouss héijer Mauer ronderëm ze bauen! Dee berühmten deemoolege Gouverneur sollt da seng 5 lescht Joer do genéissen. (+22.5.1604). Geschwënn drop hu Leit aus de Faubourgen hir Haiser baussen de Stadmaueren mat senger Steng gebaut... D’Geschicht an Evenementer ëm al Gebaier sinn nodréiglech schwéier ze begräifen. - D’Quellen aus dem Neidierfchen a ‘Laangegronn’ hunn an der Zäit vill Wäschbure gespeist; dëst.verréit e Reportage an ‘Ons Stad’. D’Plaz hat laang zur Herrschaft Gehaansbierg gehéiert an zum ‘Haff Eech' - an duerno mam Weimeschhaff an Tavioun bis 1920 zur Gemeng Eech - an zur Méchelspor. De Gemengewee gouf 1852 zur Staatsstrooss ausgebaut. Aus dem Wonsch duerno eng Kapell am Haus Mamer anzeriichten gouf näischt, an d’Duerf koum 1865 eng Dozze Joer drop zu neier Por Clausen. Dem Geeschtleche Pierre Hoffmann seng ’Schenkung vum Terrain fir d’Kierch um „Kettgesbierg" an d’Paschtoueschhaus‘ datéiert vun 1895. (Een 1. provisoreschen Devis war 30.000 Frang.) De Grondstee gouf 1899 geluet no Plange vum Architekt Alphonse Kemp, dem Fils. Hire Patréiner ass St. Henri an 1904 gouf d’Neiduerf eng eege Por. D'modern Fënstere si Kreatioune vum Emile Probst, dee sech och mat senger Konscht an der Nidderwolzer Dekanatskierch veréiwegt huet.

Markenzeechen vum Neiduerf waren entretemps, d.h. säit Dezember 1864 dank guddem Quellëwaasser an excellenter Braukonscht de Béier aus der Brauerei Henri Funck-Schamburger… an dëser hir Hielen am Fiels. D’Brauerei huet bis 1982 bestanen... Ënner ale Photoen fält hei besonnesch déi mam ‘Mëllechhond’ op, deen e Mëllechweenchen duerch d'Strooss zitt! Den Tram Nr. 9 koum 1923 heihinn; duerch d’Groussgaass koum een ‘elektreschen’ säit dem 8. August 1908 - a Päerds-Trammen gouf et am Stadzentrum zanter 1875. Dem Fernand Théato senger Chronik no leien d’Trottoire laanscht di 3 Km laang Neiduerfer Haaptstrooss eréischt säit 1950.

P.S. De Quartier Neiduerf besteet aus “agekesselten, dichtbebauten Däller, dem Kiem, Laangegronn, Gréngewald, der ‘Kalchesbréck’ an aus de Plateauen Schmuelchesknupp, (enger fréierer Karrière) an dem lieu dit ‘Grohans’ (wou den FC Président Henri Funck 1931 eng Parzelle fir e lokalen Terrain kaaft hat.)  Et waren 1806 am sougenannten ‚Neidierfchen‘ bescheiden Haiser a wéi ufanks gesot 215 Awunner, an 100 Joer duerno gutt 800 Leit. An di éischt Schoul goungen hei 1843 genee 71 Kanner! Den Zolwer Sproch fir eng gréisser Bauentwécklung z’ëmschreiwen “eng al Gromper sinn mat laange Kingen“ passt och hei.