Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Nidderwolz

Wolz läit un der Réimerstreck Tréier – Tongeren um Bord vun der „Wiltz“. Haut wees keen op d’Uertschaft dem Floss oder de Floss dem Uert säi Numm ginn huet ... mä seng keltesch Origine solle «près du ruisseau» bedeiten. Et huet sech zu engem regionale Versuergungszentrum entwéckelt a puncto Aarbechts- a Bildungsoffer. D’sougenannte «capitale de l’Éisslick», wi di «Weeltzer» soen, breed sech aus vun 320 op 500 m, a seng 4567 Awunner verdeelen sech op Nidder- an Uewerwolz. D'Uewerstad huet d'Schlass d'Ënnerstad de Floss, d'monumental Dekanatskierch an d'Gare. - En Arrêté Royal Grand-ducal vum 4.11.1877 déclaréiert d'“utilité publique“ vun enger Waasserleitung zu Niederwiltz. Dës konnt allerdéngs hei am Oktober 1921 d’memorabel Waassernout net verhënneren (wéi iwwer 60 Legt vun 3 Auer nuets un beim Wäschbuer mat Eemere Schlaang stungen). De Michel Rodange hat hei ouni Waasserleitung an elektresch Geliits den Ufank vum „Rénert“ geschriwwen, deen 1872 als Buch eraus koum an als „Fuuss am Frack an a Mansgre‘sst“ a 14 Gesäng 67 Lëtzebuerger Dierfer a Plazen ernimmt.

Al Dokumenter mentionnéieren 764 Wiltz – an ëm 980 hei eng éischt Buerg, déi de Walter von Wiltz, e Ritter aus engem urale Geschlecht, gebaut hat. Da gëtt 1098 d’Participatioun vum Ritter Wilhelm a sengem Cousin Godfried vu Bouillon um 1. Kräizzug notéiert. 1150 ass e Wauthier de Weys éischte vun enger laanger Ahnegalerie, säi Virnumm war hei heefeg. Spéidere Weeltzer Hären war d’Buerg am Dall net sécher genug. Se hunn dofir am 12. Joerhonnert op der Plaz vum haitege Schlass eng “Höhenburg” gebaut, ëm déi dann en neien Uertsdeel entstoung.

Di eelst Partie vun der Dekanatskierch, de romaneschen Tuerm, geet zréck bis an de fréie Mëttelalter. Wou si haut steet war d’éischt Buerg, wahrscheinlech baséiert de Kierchtuerm op Reschter vun dëser éischter Wëltzer Verdeedegungsplaz. Am Tuerm war bis Ufangs vum 16. Jh. de Kierchechouer. Den aktuelle spéitgotesche Baudeel ass vun 1510 – no enger Brandkatastrophe gouf nach erhale Substanz dra weiderverwend. Charakteristesch sën seng Voûte, seng staark Hallef- an Mëttelsäilen, aus deenen verstengert Palmen an e Kräizrëppenetz iwwerginn a seng Schlusssteng mat Wopendekor. Absolut kuckeswäert ass den Ensemble vun ale Graaw-Steng aus Ardenner Steen nieft der Kierch an d'Pescht Kräiz mat der Pietà vu 1635. D'original kierchlecht Raumbild gouf 1734 verännert duerch d'Vergréisserung vun de Fënsteren…. Vun deem Joer un ass am Tuerm och d'Chapelle Funéraire vun der Seigneurie de Wiltz …E konschtvollt Rokoko-Gitter aus Fer Forgé mam Wope vun der Herrschaft - héchstwahrscheinlech aus der Abtei vu Saint Hubert - trennt d'fréier Grafeloge of. Am Ufang vum 18. Joerhonnert sën di zwee historesch barock Säitenaltär vu Gildë gestëft ginn… mat enger Rei vu Statuen, déi d'Schutzhelleg vun de Korporatiounen, ënner aanren Schouster, Schmatt, Wiewer a Metzler duerstellen. D'laang Traditioun vun Handel an Handwierk existéiert ëmmer nach zu Wolz; (Verdeelt op ronn 3000 Leit waren ëm 1900 hei 13 Bäcker a 5 Pâtissieren, 10 Metzler, 2 Béierbrauer, 2 Dokteren, 2 Notären, 9 Schneider an och 9 Néieschen, 8 Modistinnen, 5 Coiffeuren a 17 Schouster plus 34 Wiert.) Dobäi koum den Tourismus… well an der Regioun ëm Wolz lued en Netz vun Trëppelpied an di typesch Landschaft ze genéissen. D’Dekanatskierch Nidderwolz sollt dann 1841 erweidert ginn – a krut 1937 e neie Chouerraum an e Quierhaus. Hir Patréiner sën di helleg Pierre a Paul, hir Filialen Wanseler an Ierpeldang.

Nom leschte Krich gouf Wolz en Unzéihungspunkt fir d'portugiesesch Communautéit vu Lëtzebuerg. Si pilgert op Christi Himmelfahrtsdag dohinn fir d'Muttergottes vu Fatima ze veréieren. An der Kierch steet iwwregens eng Replique vun där Madonna, si ass e Cadeau vum Beschof Jean Hengen. De Sanctuaire "Op Bâssent" vun 1949 geet op e Gelübbte zréck: Om Héichpunkt vun der Ardennerschluecht a Joresdag vun der Erscheinung zu Fatima hat ënner dem Impuls vum Chanoine Colling e Group Leit an engem Keller dëst Hellegtum versprach. No 9 Deeg intensivem Bieden koum d’Nouvelle vum Ofzuch vum Okkupant.

P.S. 1661 war iwwregens e Lien tëscht dem Melchior de Wiltz, (engem Stader Affekot a Seigneur vun Anwen, Berg a Rode) an den Originne vun der Oktav: Hien hat dem Pater Brocquart en Deel vum Terrain geschenkt, op deen d'éischt Glaciskapell koum. Wolz war spéider dann eng vun den éischte Poren, déi zu Fouss an d'Oktav gepilgert sinn. (..aus de 'Kierchtuermscauserien'). D' Dekanatskierch vu Nidderwolz ass e 'Monument classé'. Typesch sinn hiert breet Haaptschëff mam moderne Chouerraum an d'méi schmuelt op staark Mëttelsaile gestäipte Nieweschëff. D'Eisenbarth-Uergel am Fong vum Chouer zielt 256 digital Setzerkombinatiounen; zwee Säitenaltär aus de Jore 1720 an 1722 encadréieren si. - Zum Schluss nach eng nodreeglech Info zum Projet Industriebroochen: Op hire 26 Hektar ass en neien Aarbechts-a Wunnquartier geplangt, deem säin harmonescht Gesamtkonzept och d'Renaturéirung vum Floss mat abezitt. Un d'industriegeschichtlech Vergaangenheet vun der Plaz wäerd spéider der Liederfabrik hire 65 m héije Kamäin erënneren... An den neie Stadkär laanscht d'Wiltz versprécht Pressestëmmen no eng gutt Liewensqualitéit!