Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Nacher

D’ "Trakteursfrënn Nacher" hunn iwwer 70 Memberen, lokaler a vu ronderëm. Si erhalen duerch d’Pfleg vun historesche landwiertschaftleche Maschinnen en agrar-technesche Patrimoine. Duerch si leieren och Jonk Interessenten d’Geschicht an Entwécklung vun der Feldaarbecht kennen a gi vertraut mat der Handhabung vum Équipement vu fréier... Op Plazen uechter d'Duerf sinn eeler Maschinnen ausgestallt, z.B. eng déi d’Gromperen eraushëlt, e Rommelshäckseler, oder e Ballke-méier. Nacher huet am grousse Ganzen net massiv an d'natierlech Ëmwelt agegraff.

D’Héichtenduerf Nacher huet e Point-de-Vuë mat Raschtplaz… Et läit schéin, mä exposéiert am Wanter! Awer «Wand, Stuerm an Donnerwiederen weisen de ‘Courage du Nocher’. An dësem alen neientdeckte Sproch steet de franzéische Begrëff ‘Nocher’ am Sënn vu Steiermann! E bedeit dem Dictionnaire vun der Académie française no ‘celui qui gouverne’ …..ee Wuert dat sech och symbolesch deite léisst! Well och Traktere brauchen eng gutt Hand um Steier... a fréier ware vill Nacher Leit Gouverneur an hirer Wiefstuff. An der Géigend ëm Wolz an d’Esch/Sauer Duchfabrik war d’industriellt Wief-Handwierk ‚stuaark‘ verbreet! Eng Notiz aus ‘Jong-Hémecht’ ernimmt 1936 d’Ausstellung vun de leschten Nacher Wiewer hire Wiefstill ….an d ‘kënschtleresch wäertvoll Photoe waren deemols ewell en diskreten Hiwäis, dass hiert Handwierk virum Ausstierwe stoung!

Nacher an der Gemeng Géisdref bréngt d’Telefonsbuch emol eleng, an hannendru fir sech dann d’Nacherstrooss! Dat éischt zielt 318 Awunner, dat zweet genee 136. Säi Numm fënnt een an der Siedlungsgeschicht och als „Nochren (1256) oder „Nocheren“ (1459); an dat hänkt méiglecherweis mat „ Nock“ zesummen, wat ofgeflaachten Hiwwel heescht, Réck oder Bierg! D’Duerf huet Relatioune mam däitschen Nochern am alen Herzogtum Nassau riets vum Rhäin, dat sech „Dorf im Sonnenschein” nennt. - Am Mee ass Kiermes zu Nacher, an den Hämmelsmarsch hieft d’Stëmmung, grad ewéi Fréijoers-Sonn. An der Feudalzäit waren Dol a Nacher Deel vun der Herrschaft Wolz. Di eelste bekannten Urkunde iwwer Nacher staamt aus der Mëtt vum 13. Joerhonnert.

Seng Kapell ernimmt als éischt en Schenkungsakt vum 3. Mai 1444. Wahrscheinlech haten d’Duerfleit se selwer an op eege Käschten zu Éiere vun der hl. Lucia gebaut. 1752 hat de Baumeeschter Josef Kaub vun Esch/Sauer hir baufälleg Mauere nei opgeriicht. An 1808 koum Nacher an d’nei Por Dol als Filiale. D’Buch ‘Mosella sacra’ nennt hei als Patréiner St. Rémi, dee wéinst Klugheet a guddem Charakter mat 20 Joer Bëschof vu Reims gi war. No der Rundstedt-Offensive gouf d’Kierch total restauréiert a krut anengems eng Sakristei. D’lescht Restauratioun 2004 huet hir romanesch Architektur valoriséiert. (Um Antependium falen de Gudden Hiert op a säitlech vum Altor d’4 Evangelisten.) Hir Fënschteren sinn androcksvoll fräi Kompositiounen vum Emeringer vun 2000. Hire Bronze Kräizwee ass modern, an d’Eisekonstruktioun, vum Ducksall weist, dass «Nocher la Chapelle» en Détour wäert ass.. grad ewéi Nacherstrooss! Dëse Lieu-dit an der Géisdrefer Gemeng louch fréier 1 km vun de leschten Haiser vum Duerf un der Staatsstrooss op Wolz, e reecht haut awer bis u Nacher erun. An hei lackelt am Summer enger passionéierter Naturliebhaberin hire Gaart, hir Geranie-Sammlung an d’apaart viktorianescht Gewächshaus Visiteuren un... Haut sinn déi béid zesummenhängend Uertschaften di gréisst an der Gemeng mat  454 Awunner, an Nacher krut e Centre polyvalent an 1995 eng nei gréisser Primärschoul…. Op dës passt engem tschechesche Pädagog seng Ëmschreiwung... Schoule wären en ‘heiteren Tummelplatz des Geistes..’ gutt.

P.S: En Arn. von Nocheren war 1520 Magistrat an der Stad, 20 Joer laang; sengerzäit waren hei 13 Feierplazen. Eng Notiz vum Januar 1640 erkläert d‘Händel vu fréier. De Clierfer Här ‘Charles Diederich de Portzheim et Elisabeth de Bergh, sa femme, déclarent avoir relaissé leur Vouerie de Nocher (=Vogtei) à Weynants Johan de Kauttenbach et à Elisabeth, sa femme, contre un rendage annuel de 6 fl. petits, un maldre de bled, moitié seigle et moitié avoine, mesure de Wiltz, et 3 chapons..’  - ‘Nacherstrooss’ ass wéi gesot en Duerfdeel vu Nacher (mä dee méi klengen zielt zu zwou Gemengen, zu Géisdref a Wolz.) Di fréier kloer Getrennten sinn haut  duerch eng Rei nei Haiser esou ‘zimlech zesummegewuess’ - a vun do sinn et 58 km an d'Stad.