Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Uewerpallen

Gläich hanner Uewerpallen an nieft der Arelerstrooss indiquéiert eng 1,50 Meter héich an 367 Kilo schwéier Grenzmaark, d’LB 118, d’belsch Grenz. An net wäit dovun spléckt d’LB 119 säit 1843 e Gaard an zwee. Zenter dem Traité de Londres (dem 19. Abrëll 1839 - eiser drëtter Deelung) ass alles anescht: Uewerpallen, Diggel a Liewel koumen aus der deemoleger belscher Gemeng Guirsch an déi Biekerecher. D’nei Grenz war eng Zort ‘marchandage’. ‘t gouf eng ‘forte hausse de la fiscalité’ gefaart an ‘t housch ë.a. de kathoulesche Guirscher Baron de Marches hätt wéineg Sympathie fir protestantesch Herrscher. D’Buch ‘Grenzmaarken’ vum Jos Goergen betitelt d’Grenzen “cicatrices de l’histoire”. D’Leit wollten nämlech keng Separatioun. Well d’Pall tëscht Bunnert an Tontel entsprengt louchen hir éischt 1400 Meter an der belscher Province de Luxembourg. Mä d'Uewerpaller an Diggeler Béischte konnten ausnahmsweis déisäit der Grenz an der Pallerbaach drénken; an d’Guiischer Leit kruten fräien Accès zur ‘fontaine’ vum Uewerpaller Mëller fir hir Wäsch ze man! Virum Londoner Vertrag hat eist Land mat sengem quartier wallon 60 % méi Fläch an 50 % méi Awunner; (d.h. virun 1839 hate mir där 351.500!)

Uewerpallen hat eng Molkerei am Tontelerwee bis an d'1950er, eng Gendarmerie a laang en 'Douaneshaischen op der Grenz! 't war awer do keen Douanier stationnéiert, d’Gendarmen hunn hiren Déngscht erfëllt. Eng al Photo weist d‘fréier Duchfabréck, an där ronn uechtzeg Leit geschafft hunn. Hire Besëtzer, de gebiertegen Areler Edmond Lazard hat en ‘Doppeldecker‘ a war ee vun den éischte Piloten an der Géigend. D'lokal Wiewerei huet hir Dieren ëm 1913 zougemat. D'al restauréiert Päiffeschmille bewunnt en Nokomme vun der Famill. - Haut sinn di aacht Dierfer aus der commune de Beckerich exemplaresch renovéiert. 1996 krut d’Gemeng d'ailleurs de ‘prix européen du développement rural’. Si hat z.B, fir d‘Revitaliséiere vum Wisendall vun der ‘Péilz’ een Hektar ronderëm de klenge Pall-Zoufloss kaaft, den Héichwaasserschutz verbessert an d‘Begradegung réckgängeg gemat. Déi gréisst Partie vum Duerf a Richtung Giisch an Arel läit op Lëtzebuerger Sandsteen, ëm Kolpech an Ell si méi schwéier Biedem.) Déi eelst Uewerpaller Haiser stamen aus dem 18. Joerhonnert. De Baurenhaff A Gräins am Maria-Theresie-Stil ass vu 1766. Dësen Haff ass eng Filmkuliss vun „Déi zwéi vum Bierg”, eng Geschicht an där den Henri Losch d‘Roll vum Paschtouer hat... (Hie war hei iwwregens 3 Joer Schoulmeeschter.) D’Bedeitung vun den Uertsnimm Uewer- an Nidderpallen: Eent läit um ieweschten Deel no bei der Quell vun der Baach - dat anert um ënneschten Deel an der Gemeng Réiden.

D'romanesch Kierch steet um Kierfecht an datéiert vu 1707, an aus där Epoch däerften och hir polychroméiert Piéta sinn mam voile-manteau a ‘Kniemotiv’ an verschidde Weekräizer. De Bau huet klassesch Altär, Ronnboufënstre vu verschiddne Stiler, (z. B. vun ëm 1900 vum Atelier Linster an ëm 1954 vum Jakob Schwarzkopf.) Als eenzegen Uert am Land huet Uewerpallen den hl. Germain vu Paräis als Patréiner. Bittpressessiounen, déi fréier emol an d‘Areler Martinskierch gounge, weisen op e Lien hinn zu där Por. En Dokument vun 1280 aus dem Cartulaire vum Märiendaller Klouschter ‘ad ecclesiam de Pellen‘ deit och e kierchlechen Zesummenhank un. Op der Uewerpaller Héicht koumen d’Landdekanater Miersch an Arel zesummen. An do bestätegen archeologesch Decouverte souwuel paleolithesch Siedlunge wéi de spéideren Uschloss un d’réimescht Stroossennetz. Ënner dem Buedem läit nach eng an den 1970er lokaliséiert Réimervilla. De Flouernumm "Schlassuecht"erënnert drun, dass um Diggel fréier e Schlass stoung. Als Bewäis dofir gëllt eng ofgemoolte Kamäinplack an der 1902 zu Paräis publizéierter Monographie “Mon Village“ vum Charles Bivort. (Dësen dynamesche Mënsch goung an d‘Uewerpaller Primärschoul, gouf spéider Chevalier an der franséischer Éierelegioun genannt, krut eis Croix d'officier vum Ordre de la couronne de chêne a rouht um berühmte ‘Père-Lachaise’ Kierfech.) Diggel (1255 Diseldenges) ass als eegestänneg Siedlung dokumentéiert, déi de Sire Weyrich de Puttlingen 1465 als Dorf Duttlingen fir 100 Gulden verkaaft hat.”

Observatioune vum G. Hausemer no (an 'Mit dem Grossherzog am Mittagstisch' vun 2009) hält hei un der Grenz, um Enn vun der N 882 de Bordsteen op – 20 Meter tëscht Lëtzebuerg an der Belsch ass 'Niemandsland' a beim Noper onsoignéiert Gras. ‘t gëtt awer och annonçéiert, dass hei eng Klimabündnis Gemeng ufänkt an d’Duerf un der Pall e puer Tankstellen an en Akaafszentrum huet.. (ähnlech wéi d’Grenzdierfer Stengefort a Maartel.) Den Dag vum Bam gëtt hei extra gewierdegt..Den am Mee 1996 inauguréierten Auto-pédestre La transfrontalière geet vun Uewerpallen op Tontel, la Platinerie, d’‘Grübermühle’ an via Guirsch (a Schnuddelbierg?) nees zréck... (Domat wollten getrennten Nopeschgemengen iwwer zeng Jorhonnerte gemeinsam Geschicht reaktivéieren. Eng al Postkaart (vun ca. 1902) mat Oberpallener Panorama & Hôtel Heinen a Wënsch fir ‘beaucoup de choses agréables’ vum V. Delfosse) hat eng Internet-Auktioun am Juli 2013 ugebuede fir 50 Euro.

P.S. Ee Webdokument iwwer d’Geschicht vun der Hottua-Famill vun Uewerpallen ernimmt ë. a. am Recensement vun 1766 de Michel Autoy, (*1744) oder Hottois, maréchal ferrant à Oberpallen. (Intressant Detailler iwwer dës ‘famille de travailleurs du fer’ fëllen 91 Säiten.) Den L.N. Nilles hat 1961 ee Revue-Reportage betitelt: “Oberpallen - kein Dorf wie jedes andere” (en Titel, deen haut nach valabel ass a virwëtzeg mécht.) - Den Ausdrock Pal(l)aver - fir laangt Geschwätz uni Resultat - huet näischt mat eisem Duerf ze dinn... Heescht et awer ‘Hien as op der Pall doheem‘ wëllt dat soen: aus der Gegend ëm d‘Pall, (d.h. vun Nidder-, Uewerpallen oder Liewel.)