Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Uewerwampech

De Shaw huet nieft gesellschaftskritesche Wierker och de Saz hannerlooss "dass mir d'Recht net hunn glécklech ze sinn ouni Gléck ze creéieren, a Räichtum net genéisse sollten ouni eppes ze schaffen!" An der Geschicht vun Uewerwampech hu méi a manner glécklech Momenter ofgewiesselt. 1849 hunn do an 39 Haiser 292 Leit gelieft an 2003 zum Vergläich 172. D'Gemeng Wëntger, zu där Duerf ewell 35 Joer zielt, (säit 1978), regroupéiert e puer vun den eelste bewunnte Sitten aus den Ardennen. Mat 830 Kilometercaré vun 2.586 ëmfaasst d’Éislek bal een Drëttel vum Land an d’Hallschend vun eise Bëscher. A fréieren Uewerwämper Zäite ware mir wuel kee Grand-Duché, mä eis Surface war vill méi grouss; vum alen Territoire bleift eis nach ¼ an d’Kompliment vum Victor Hugo «Tout ce que nous voyons est superbe, les Ardennes sont un enchantement.» De ‘chemin mitoyen entre le Luxembourg et la Belgique’ tëscht de Grenzsteng 253 an 254 gouf iwwregens hei viru gutt honnert Joer retabléiert.

Uewerwampech läit 12 km nordwestlech vu Wolz, ‘t war laang eng Gemeng an hat fréier eng Buerg an eng Bläiminn. Wampach bedeit ‘Gewässer‘, an engem Dokument vun 853 war et Wambach an op der aler ‘Surhonio’-Kaart Walpach. Der Uewerwämper Ritterbuerg aus dem 13. Joerhonnert hire Wopen hat lénks uewen dräi Séirouseblieder, an en ale Relief an der Kierch weist hir Silhouette am Hannergrond. Si war eng vun 150 Buergen an der Grofschaft, hir Kapell war der Porkierch hir Virgängerin. Kuerz no 1520 hat d’Koppel Friedrich von Lachen an Anna von Wampach si duerch dat haitegt Schlass ersat. (Een Deel vun eisen 150 Buerge gouf 1685 geschlaff, an d’Muechtstellung vum Adel war domat no engem Joerdausend geschwächt). D' Ëmrësser vum Schlasskomplex hält e Kadasterplang vun 1820 fest. Haut existéiert dovu just nach d'Härenhaus. Ee vun de leschte Bewunner, der Dame de Bomal hire Fils, war als Offizéier ënner dem Napoleon gefall.

D'Kierch vun Uewerwampech ass dem hl. hei “Remokel” oder Remaklus geweit, deem säi Virnumm zum Familljenumm gouf. E Stempel weist en als Beschof an seng Statue mat engem Wollef als Attribut. Hirem Tuerm seng deck massiv Maueren aus dem 13. Joerhonnert erënneren un eng Festung a ware wahrscheinlech e Pendant zur schonn ernimmter Buerg. Seng dräi Klacke goufen 1966 zu Saarburg am Haus Mabillon gegoss. D'Kierch huet en Tonneverwëllef a schéi mëttelalterlech Konschtwierker. Wéi 1971 hire Raum ëm 180 Grad gedréit gouf sinn hei bedeitend Fresken entdeckt ginn. D'Sakramentshäische mat der renger Gitterdier a Relieffbiller ass spéitgotesch, de Priedegtstull barock. Säi Schalldeckel an seng Skulpture mat de groussen Hänn erziele Geschichten iwwer d'Evangelisten. An Bijoue sinn den Daafsteen aus dem Joer 1592 mam symbolesche Renaissancedekor an ofgerënnte Säiten.. an de modernen Altordësch aus roudem Sandsteen.

Ëm 1670 geet Rieds vun engem Seigneur de Cicignon, deen sech ëm d‘Ornamenter vum Kierchenaltor këmmere sollt. D’Buch vum Bob Frommes (vu 1977) “Jean Gaspard de Cicignon, Seigneur d’Oberwampach” träitéiert d’Liewe vum adlegen Aventurier, de Karrière gemat hat.. an Dänemark als Generol an a Norwegen als architektonesch-talentéierte Festungsingenieur; (*1622 zu Uewerwampech, †1696 an Norwegen). Zu Trondheim an a senger Heemecht erënnert e Monument un hien, an zu Gaasperech eng Strooss. Seng Devise war "Courage sans conduite / Est un seigneur sans suite / Conduite sans courage / Est un pauvre personnage". - Villes erënnert d’Uewerwämper u fréier, d’al Schiferkräizer un der Kierchemauer an och d’émouvant plastescht Grafmonument bannen am Tuerm, dat den Henri de Lachen senger Gemahlin Françoise de Roerich de Blanckenheim 1599 dédiert hat. Méi nei ass d'Kräiz fir den amerikaneschen Zaldot, deen am Krich hei e Kand gerett hat a selwer dobäi ëmkoum. Ëm déi al an nei Monumenter päift am Wanter hei en äisege Wand; d’Leit erwaarde vum Liewen keng Perfektioun, mä “en accord” mat der Realitéit ze sinn an op hirem Wee “Gléck ze ootmen“. (‘Kierchtuermscauserien‘ - 2003)

P.S. Am Joer 907 ass Wampach am Zesummenhank mat der Abtei Stavelot ernimmt… zu där et bis 1131 geheiert hat... Wéi den Abt Remokel ëm 648 dës Abtei gegrënnt hat, fir op Wonsch vum Frankekinneck Sigibert III. d’Géigend z’evangeliséiren, huet den Däiwel hie méi wéi eemol a Wollefsgestalt geplot a säin Iesel gefriess. Der Legend erno huet de fromme Mann den Isegrim dunn domptéiert an als Laaschtdéier benotzt. - Déi aacht modern Fënsteren am Kiercheschëff vum Robert Emeringer si vun 2005. Hir Mouvementer a moleresch-transparenter Glasschmelztechnik schéngen no längerer Betruechtung inspiréiert vun de souple Lignen vun de Fresken... hunn awer deels méi kräfteg Faarwen.