Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Ouljen

Ouljen ass als Patronyme zimmlech rar; an der Bourgogne weist d’Variante Olin op e germanesche Persounennumm Odolin hinn. Geschichtsfuerscher no kéim "Olingen", fréier "Oldinga", wahrscheinlech vum kelteschen "alt", wat souvill wi "Ba ach" heescht. (D’Syr huet hei och e puer kleng ‘Zouflëss‘, d‘Fëschbich, Asel- an Lauschbaach). D’Duerf hat an de leschte 35 Joer iwwregens 3 grouss Iwwerschwemmungen, (am Mee 1979, Juli 1987 an Dezember 1993.) Säin Numm kéinnt och e Rapport hunn mam angelsächseschen "old" an "Altdorf" bedeiten. Dem Uertsnumm seng Evolutioun goung vum grad genannten Oldinga iwwer Oldingin (1193), Oildingen (1430), Olien (1570) a spéider zu Olingen. Bekanntlech enden di fréi fränkesch Siedlungsnimm op ingen. Des Spekulatioune sinn den Awunner haut bestëmmt net terribel wichteg; si genéissen hiren Alldag, dee sech dem Lex Jacobi no, am Idealfall vun engem „succulent mélange de bon-sens et d’improvisation‘ zesummesetzt!

Urkundlech ass Ouljen 1040 ernimmt..mä de Syrdall war vill éischter besidelt. 1096 fënnt een den Thiefridus de Oldinga am Schenkungsakt vun der Villa Gleichingen un d‘Iechternacher Klouschter. D‘Kierche vun Ouljen a Betzder erschéngen 1140 an enger Besëtzbestätegung vum Poopst Innonenz II. fir d‘Tréierer Benediktinerabtei. Di éischt hat zum Porbezierk Betzder gezielt, mat him zum Landkapitel Miersch, an zum Patronatsverband vun den Tréierer Maximiner Benediktiner. (Allerdéngs waren zu Tréier d‘Abtei an den Erzbeschof iwwer Joerhonnerten oneeneg iwwer Kompetenz-, Patronats- an Zehntrechter.) - Zu Ouljen ass ewell am 13. Jh. eng Millen dokumentéiert beim Zesummelaf vun der Roudemerbaach" an der Syr. Déi lescht hat bis 1950 gemuel. Am zweete Weltkrich waren do geheim Resistenzlertreffen. (Eng Weil duerno (ëm 1990) kruten do am Veräinshaus ‘al Millen’ d’lokal Gesellschaften en Domizil. (De Centre culturel läit am Zentrum wou emol d’Schoul stoung, an der Riederstrooss, genee op 227 m Héicht.)

Laanscht d‘Duerf kënnt säit dem 20. August 1861 d’Eisebunn Lëtzebuerg - Viaduc "Polvermillen - Waasserbëlleg - Tréier. Ouljen huet keng Gare (mä Ruedt a Betzder) hat awer ëmmer e Garde-Barrière. Dësen huet strikt Buch geféiert iwwer Auerzäiten an Zuchnummeren, der nächster Barrière d‘Zich gemeld, a sollt altemol a Pausen Rästele léisen. (Am Holzhäischen bei der Terrensbarrière stoungen ë a. e ronnen „Allesbrenner“, e Morseapparat an en Telefon. (erzielt d’Buch „et war een deemols net méisseg“) Héchstvitesse vun den Zich ass haut hei 100 Stonne-km.

D‘Striewen onofhängeg ze ginn vum Porbezirk Betzder hat no bal 100 Joer Succès. Mir liesen dozou: ‘Nachdem das Dorf kurz zu Rodenborn gehörte (1808), dann zur Kaplanei erhoben wurde (1827), später zur eigenen Pfarrei im Dekanat Betzdorf (1844), wurde es 1874 staatlich anerkannte Pfarrei.‘ D’Porkierch entstoung tëscht 1838 an 1842 um Kierfech an huet d‘Entrée am Tuerm. Si markéiert wéi vill anerer zanter Joerhonnerten d‘Landschaft, a gëtt dem Duerf eng Mëtt. Hir Ronnbou-Fënstre vum Linster, z.B. mam Willibrord an der Barbara a Stäeren-Ornamenter sinn nach déiselwécht vun 1930. Hire Patréiner ass de Wendelin.. Erënnerunge vum Milly Thill un d’Ouljer Kiermes vu fréier dréien ëm wäiss-giel Fändelen, Richelieu-Spëtz, déi oplouch, schéi Blummestäck an déi beschte Liichteren op den Altär, Bänke voll Leit, an houfeschtlech Lidder. Den Här am "gëllene" Massgewand huet a sénger laanger Kiermespriedegt iwwer den hellege Wendelinus erzielt, an de Schwäizer stung a vollem Ornat, wéi e Wiechter, matten am Gank…

P.S. Ouljen hat 1903 laut Gemengeberiicht eng landwirtschaftlech Notzfläch vun 220 ha Wissen an 1382 ha Aackerland. Dës Zuelen hu changéiert a louchen 2001 bei 735 ha Weed an 767 Ha Felder. Et huet och e puer markant Haiser an der Haaptstrooss an zimmlech attraktiv Fëschweieren an der Rue de Betzdorf. Si, d’Étangs d'Olingen haten nämlech am Joer 2013 nuets eemol Déif op Besuch - an duerno waren 100 Forellen manner an dem ‚étang de culture‘! Ganz opregend war och de 24.4.1893 eng Klappjuegd, wéi do op dem Kiem de Riichter Ed. Wolff dee leschte Wollef erschoss hat.. (J. Meisch) (Dem allerleschten, d.h. enger 'louve' hir lescht Stonn sollt dann den  8.7. am Bësch bei Biwer schloen...)