Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Péiteng

D'Uertschaft Péiteng huet e schéi restauréierten Zentrum a krut vu Noper de Bäinumm “La Coquette”. Et läit an enger superber grénger Regioun am Süde vum Land um Bord vun der Chiers. D'aktuell Gemeng Péiteng mat Rodange a Lamadelaine gëtt vun hirer industrieller Vergaangenheet charakteriséiert. Se ass am 19. Jorhonnert gewuess; wéi op den Héichte ronderëm d'Minette exploitéiert gouf, entstoungen d'Rodanger Schmelz an e wichtegen "noeud ferroviaire”. D'Uertschaft war och ouni "Péitenger Wand" ni mausgro vum Industriehauch. Se gouf een Dag virun der Stad liberéiert, den 9. September 1944. De "Square Hyman Josefson" erënnert un den éischten GI, deen zu Lëtzebuerg gefall war. D’Rétrospektive an der 1997 inauguréierter Maison de la Culture "A Rousen" huet am September 2004 d'Evenementer vun deemols thematiséiert; de Sujet vum Kannerbuch "Mir vergiessen net" dréit ëm d’Befreiung vun der Uertschaft.

An enger Charte vu 938 steet de Numm Péiteng ënner der Form Perdgitten; de Karl Martell hat 723 seng Gebidder vun hei a vu Kënzeg der Abtei St. Maximäin zu Tréier geschenkt. Mä Ausgruewunge weisen op vill eeler Siedlungen an der Ëmgéigend hin. Um "site archéologique" vum noen Tëtelbierg haten d’Kelten scho virun eiser Zäitrechnung hei en typeschen Oppidum, d.h. eng befestegt Stad; aus hir goufe Ruinen aus dem 1. Jorhonnert fonnt. Péiteng hat tselwécht Schicksal wéi munch aner Lokalitéit, di d'Noblesse am Laf vun der Geschicht kaaft a verkaaft huet. - Eng Kapell gouf hei 1140 ernimmt. Seng Originnen als fräie mëttelalterlechen Uert ginn op 1281 zréck. Säi Fräiheetsbréif krut et dee Moment vum Raoul vu Sterpenich an Henry V., Grof vu Lëtzebuerg a Markgrof vun Aarel. Et krut e Joer drop e Buergermeeschter an zwee Schäffen, wat den Awunner hiren Alldag awer kaum ännere sollt. D'fréiert Bauerenduerf gouf iergendeemol als ‘ellent Duref bei Lénger’ beschriwwen. Mä och hei waren trotzallem Baurefraen “d’Hüterin der heiligen Flamme am häuslichen Herd”. Et war zäitweileg dënn besiedelt, 25 Awunner goufen 1536 do notéiert. Beim Fixéiren vun der Grenz tëscht der Lorraine a Lëtzebuerg, 1601, war Péiteng op eiser Säit a Rodange kuerz op der franséischer.

D'aktuell Gemengesurface, d.h. 12 kmcaré, datéiert vu 1795. Als "centre sidérurgique“ a gréisserem Eisebunnsknuet hunn hei vill Cheminferristë gewunnt. („Fervojisto“ ass Eisebunner op Esperanto, a “Cheminot“ en typeschen Awunner vun der ‘Stadt und Gemeinde Petingen’ am Engelmann sengem Wuertschatz.) Péiteng krut den Titel Stad nach net... obwuel et déi Impressioun gëtt! ’t ass vun den Awunner hir di 5 gréisst Gemeng a flächeméisseg eng vun de klengsten! Den Titel Stad setzt historesch Gegebenheeten viraus a Kritèren déi de Staatsrot 1907 festgeluet hat: héich Bevölkerungszuel, Sëtz vun Handel an Industrie, beliichte Stroossen, Verwaltungsstrukturen, ee gudden Entretien an uspriechend Gebailechkeeten! Denkt een dobäi z.B. un de Gemengebau an d‘Kierch, wären déi erfëllt.

Eng Por ass Péiteng vun 1808 un; se gouf deemols mat hire 74 Haiser ofgespléckt vun der Mammepor Këntzeg. D'haiteg neigotesch Kierch no Pläng vum A. Hartmann vun Dikrech gouf 1869 mat hirer eleganter Fassad d’nei Visitekaart vum Uert.. Se gouf kuerz drop ageseent a 1921 konsekréiert. Se huet elegant Sailen, opfalend vill Rosacen an en Altor vum Schräiner J. Peters. Hiren Ubau geet an d'Joer 1917; de wuelproportionnéierten Tuerm ass allerdéngs deen alen a wierkt relativ kleng. Si ass iwwregens di gréisst Hubertus Kierch am Land - di schéinst steet zu Munzen, soen Experten. Se huet als Reliquie e Stéck Stola vun hirem Patréiner. Den hl. Hubertus, den Ardenner-Apostel steet uewen um Altor iwwer der Tréischterin. Nom 2. Vatikanesche Konzil krut d'Péitenger Kierch eng "Altor-Insel" mat engem marber Volleksaltor, deen den operstanene Christus duerstellt. Dësen ass eng Kreatioun vum Moritz Ney vu 1973, engem Kënschtler deen hei gebuer gouf, sech als ‘Handlanger vun der Konscht’ gesäit an eemol sot 'l'art m'arrive, moi, je ne suis que le prête-main'. Virum Altor steet an der Chrëschtzäit eng grouss polychroméiert Krëppchen, déi ee gutt vu Wäitem gesäit. Vum hellege Joer 2000 u beräichert eng véiert dem Willibrord an der Irmina geweite Klack den Tuerm,. D'Fënstre si bis op zwou aler an der Säitekapell fräi Kompositioune vum Frantz Kinnen. Se hunn hell Faarwe mat dominante gielen an rouden Téin a schaafen a Mëttesgottesdéngschter eng Atmosphär, déi mat Hëllef vu liturgesche Kläng am Mënsch e Stéck trëfft, dat ouni Panzer ass.

P.S. Péiteng läit un dräi Grenzen an huet e 4-Stären-Hotel. Damplokomotiven am Oldtimer–Look erënneren am noe Fond-de-Gras un 100 Joer Industiegeschicht. Iwwer d’lokal Gare ass eng Photoserie ze fannen, beispillsweis de Quai d’Huart, 1921, an e Billet vu 1923 (op www.rail.lu.) An wéi koum den offizielle Magazine vum Bassin vun der Chiers zum Numm ‘Péitenger Wand‘? Fréier mussen hei wandbeideleg Charakteren an de Spëtznumm ‘Wandjang’ heefeg gewiescht sinn... (Ee Rewenig-Text erënnert drun, dass d’Leit am Süden allgemeng ‘méi riichteraus si wéi an der Stad an d’Wierder net dräimol am Mond ronderëm dréien....") De Larousse vu 1952 nennt Pétange, ville du Luxembourg mat Industrie métallurgique an 10.500 habitants?! (60 Joer drop hat et 8182 Awunner an 3190 Menagen an d‘ganz Gemeng koum op 16.440 Leit.) Zur Zäit vum Napoleon haten hei vu ronn 220 Awunner aacht jonk Péitenger an der keeserlecher Arméi gedéngt.