Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Platen

D’Gemeng Préizerdaul huet virum 17. Juli 2001 Biebereg (Bettborn) geheesch. Hir Bewunner gi summaresch „Dauler“ genannt. Platen ass di éischt Uertschaft hanner Räichel a mat Biebereg a Protz zesummegewuess. Mat hiren 524 ugangs Juni 2014 gezielten Awunner ass si di gréisst vun deenen dräi. Rëmmereg läit e bëssen à part. Ouschterméindes ass den Ouschtermaart bei der Fabrik, an d’Strooss eng symbolesch Platt-Form fir zweebeeneg Ouschterhuesen, déi do all Joer 700 Ouschtereeër un d'Autofuerer verdeelen. Eng Ofwiesslung bréngt dann och eng informativ Brennësselswanderung an d’Natur ënnert kompetenter Leedung. Platen läit un der 87 km laanger N12, der Nationalstrooss, déi vun der Stäereplaz via Katterwang iwwer Sëll duerch de Préizerdaul op Groussbus a Wolz op d'Wämperhaart verleeft. Zum lokale PATRIMOINE RURAL zielt d’2010 restauréiert ferme Souvignier.

Un d'Keltenzäit erënneren Historiker no al Verbindungsweeër, d'Nimm vum ‚Baun‘, d.h. Flouernimm an en antikt Graf. Dass d‘Koppe ronderëm d' ‘Pratzertal‘ besiidelt ware beweisen ënner aanrem e Gëttersteen, Méinzen a Villen. An den Urbarien vun de Grofe vu Lëtzebuerg, an déi am Mëttelalter Déngschtleeschtungen an Revenuen aus Gidder agedroe goufen, ass den "Haff Proz" ernimmt. ‘t ass wéineg aus der Feudalzäit vun hei gewosst.. mä, dass den Notär Tun Knaas, den 1. Maire vun der neigegrënnter Gemeng Bettborn gouf. A mer liesen, dass di dräi Uertschaften eng Por ware säit 1805 mat enger Kierch zu Biebereg. Zu Proz an zu Platen goufen 1850 néi Brécken opgeriicht an 1876 Wäschburen. Déi just eppes iwwer 6 km laang Routbaach ass e lénksen Niewefloss vun der Atert an entsteet aus dem Zesummefloss vun der Foulschter- an der Hueschterbaach (ongeféier 800 Meter méi héich wéi d'Horas.) Se kritt da Verstäerkung vun der Breschter- a geschwënn och der Bëschruederbaach... a leeft weider op Platen. Südlech vum Uert no bei der Kräizung vun de Nationalstroossen N22A an N22 heescht och e Lieut-dit Routbaach.

1866 hat den Phil. Harpes eng Gierwerei zu Platen opgeriicht, a kuerz virdru war d'Famillje Schwebach vun hei an Amerika ausgewandert. (Dem Nicholas Joseph SCHWEBACH (1820-1870) an der Margaretha Maria BUSCH, (1823-1911) hiren zweeten hei gebuerene Fils war tëscht 1891 an 1921 Bëschof vu La Crosse am State Wisconsin. - Zu Uewerplaten entstoung 1885 dem J.P. Kieffer seng Duchfabrik, där hir Maschinne laang mat Waasserkraaft gedriwwe goufen. (Wou fréier d’Wanderscheidmille war hunn 1891 zeng métiers mécaniques geschafft.) D’Textil-Industrie gouf an de 1920ger als industrie moyenne am selwechte Saz genannt mat där vum Lieder an der Faïencerie a war etabléiert op ‘bases saines et solides‘. Et bestoungen hirer sechs am Land mat zesummen 850 Aarbechter. Dass d’lokal Duchfabrik bis zu 30 Aarbechterinnen an Aarbechter hat, dorun erënneren d‘sachlech Textzeilen an de Fr. Mersch-Bicher. (Hiert Virwuert verréit, dass den Auteur a sengen Otempausen d’Impressioun krut den Otem vun der Geschicht ze spieren.) Virun 100 Joer gouf et nieft de Schmelzen munnch wichteg handwierklech Betriber, mä virrangeg war d’Agrarwirtschaft. Een Drëttel vun de Leit huet vun der ‘terre nourricière’ gelieft, an den Ardennerbuedem, ‘jadis ingrad et arride’ hunn d’Thomas-Schlake fertiliséiert. Polykultur huet predominéiert an ‘t gouf esouguer Botter exportéiert! (Paul Weber, La structure économique)

Strieft och d‘Evolutioun no Perfektioun, wiesselen an hir dach Héichten an Déiften. 1960 koum der Platener Fabrique de tissus et de confection hir Fermeture. 1983 gouf d’Gemeng hire Propriétaire mam But, an deem bal honnerjäerege Bau een Centre Culturel aunzeriichten. Dëse gouf Mëtt de 1990ger realiséiert. Aus dem Festsaul sollt dann ee Sportssaul ginn. Réckbleckend gouf och d'Haaptstrooss erneiert (déi den C. Hemmer sengerzäit ewell als breet, riicht Strooss laanscht „Gaststätten und Bauerngärten“ beschriwwen hat.) Dem Kulturzentrum "Op der Fabrik" seng Aweiung koum an och 2 Bänn mat der Geschicht vum Daul. Eng Amiperas-Sektioun gouf gegrënnt. Zu Proz, Platen a Bieberech sinn ëffentlech Plazen amenagéiert ginn, an e "kulturellt" Joer gouf organiséiert. Net ze vergiessen 2007 d‘Ausstellung ,,D’Liewen un der Routbach, fréier an haut“. Doran hunn iwwer 350 Photoen un d‘Liewen am Préizerdaul vun1880 bis 1980 erënnert. An Berufer, Veräiner, Sport, d’Schoulwiesen, reliéis Fester a villes méi hu positiv Nostalgie provozéiert.

P.S. Den drëtte Beschof vun der Diözes La Crosse am Wisconsin, den James Jacob Schwebach, war de 15.8.1847 zu Platen gebuer, hat den Dikrecher Kolléisch besicht, ass emigréiert, gouf 1870 geweiht, an no 22 Joer Beschof. Hien hat ënner senge Virgänger zu La Crosse ewell zwou Schoulen an zwou Kierche gebaut. (Säi Papp Nicolas war 50järeg zu Caledonia, (am Minnesota) gestuerwen, seng Mamm Margaret 88järeg zu la Crosse.) En anere Platener Personnage hat doheem Karriere gemat: de Franz Kellen (*1820 zu Tandel) gouf no 11 Joer als Gemengeconseiller 1873 fir 15 Joer ‘Buergermeeschter vu Bettborn. Seng zimmlech illuster Roll hat de Mechel Rodange inspiréiert zu enger wichteger Figur am sozialkritesche ‘Rénert‘ - zum Bier! An dofir krut Platen spéider en apaart Rénert Monument mat deenen 2 Helden. 1893 hat de François Kellen seng Demissioun ginn als éischte juge suppléant vum Réidener Friddensgeriicht. Seng Deputéierte-Roll ass niewebäi erwähnt. D’Verb ‘platen’ oder plätten erkläert de Saz vum Engelmann 'den Hausgank wor schéi geplat‘ - d.h. mat Platte beluecht! An d’Remarque ‘esou platterdéngs kann een näischt behaapten’ bedeit sënngeméiss ‘einfachhinn’.