Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Rippweiler

Rippweiler ass eng vun de 4 Sectioune vun der Useldenger Gemeng. Et läit südlech vun der Atert, 26 km vun der Stad. Nobäi heescht e Flouernumm „Rëpp“, een „ënner dem Rëpp‘ an een „laang Rëpper“. Säi Bäinumm bedeit eng Usiedlung mat dräi bis neng Wunngebaier, d.h. e klengen Uert ouni Stroossennimm, ouni Zentrum, Kierch oder Café! E ‘Weiler‘ verréit deemno, dass fréier hei wéineg Leit gewunnt oder ‘verweilt‘ hunn. Chiffre vun 1905 nenne beispillsweis 128 Awunner, ënner deenen e Schmatt e Schneider an eng Néiesch waren. An dräi Familjen haten e Café (vun deenen een ‘op der Barrière‘ stoung.) ‘t gouf zäitweileg eng ‚laiterie coopérative‘ do‚ an 2001 louch säin Awunnerchiffer bei 145 an am Summer 2014 bei 203. A gouf munnchmol iwwer d’Duerfleit gespëttelt, da ware si d’Rippweiler Päerdsdéif.

Rippweiler hat fréier de Seigneure vu Simmer gehéiert. Et war 1701 als Rupweiler vermierkt. Mä laang virdrun, bis un d’Enn vum IV. Jh. stoung hei eng Réimervilla ‘Op Laach’. Hir Mauere goufen 1971 entdeckt. An déi bei Fouillë fonnten“ monnaies de Rippweiler "Laach" sinn 1977 an enger Publikatioun vum R. Weiller beschriwwen. (De Site vun där villa romaine steet säit Dezember 2002 ënner Denkmalschutz.) Op deem gutt 13 km laange Rondgang vum zentralen Useldenger Parking aus op Rippweiler erënnert ënnerwee eng Tafel un d’al Gare. Duerno falen en aalt “Wärterhaischen“ op, d’ewell ernimmten Réimervilla an zu Rippweiler selwer op 308 m Héicht den impressionannte Wassertuerm. Vun der Lourdes Grotte vis-à-vis gouf et fréier eng Postkaart. D’Promenade geet zum Schluss biergof laanscht Kapweiler an zréck via Schwiebech. Soe mer nach, dass um aachteckege wuelproportionnéierte Waassertuerm e rare Kuppeldaach an d’Aaë fällt (en ähnleche wéi déi vum Doum vun Helsinki oder d‘berühmt hallefkugelech griechesch Diech...) En huet och dekorativ Haasteng ëm d‘Fënstren a gouf 1931 gebaut, wéi d’Waasserleitung an d’Duerf koum. Dem Fräiheetssteen vun 1939 seng éischt Plaz war um Tuerm. (1940 gouf en dann an enger Scheier verstoppt an nom Krich nieft d’Kierch plaçéiert.) 1932 hat e Subsid vu 500 Frang d’Elektrifizéirung vun de lokale Gemengebauten ënnerstëtzt.. an ee vun 880 Fr war fir d’Stroosse-Verbreed‘rung..

D‘Buch ‘Das alte Luxemburg Heute‘ weist do op de ‘stattleche restauréierte Bauerenhaff hinn, mat der Nr. 11. (D’Duerf zielt haut am ganzen nach dräi Baueren.) D'Kierch vu Rippweiler steet am ëstlechen Agank vun der Uertschaft; hiren Alter ass onkloer, mä den Tuerm krut se 1903. Se huet 8 Sailen a Fënstren vun 1906 vum E. Simminger, beispillsweis mat der Hl. Famill an ë.a. eng klassesch holzen Albinusstatu. Hir polychroméiert Säitenaltär encadréieren den niddrege Volleksaltor am gerënnte Chouer. Den Hinnchen steet héich um Kräiz a kuckt wäit eraus iwwer de Flouer, op deem sech Wisen an Aackerflächen ofwiesselen. - Rippweiler zielt zum Porverband Biekerech-Useldeng, zum Dekanat Osper.. Seng Kiermes ass ëm Mäertesdag, Hirem Haaptpatréiner, dem hl. Thommes, säi Fest gëtt den 3. Juli gefeiert. Vu Rippweiler koumen am 19. an 20. Jh. e puer Geeschtlecher. Ee vun hinnen, den Nicolas Nilles (1828-1907) hat eng exceptionnel Biographie: hie war e réimesch-kathouleschen Héichschoullehrer, Jesuit a Kiercherechtler an hat zu Roum am Collegium Germanicum Theologie stodéiert. 1852, kuerz no senger Primiz, huet en am Allerhellgen-Pontifikalamt d‘latengesch Priedegt virum deemolge Poopst Pius IX. gehalen. (Wikipedia) No engem kuerzen Openthalt zu Lëtzebuerg (no 6 Joer) als Kaploun zu Aansebuerg an Paschtouer zu Tënten, war en tëscht 1859 an 1899 Professer vum Kiercherecht zu Innsbruck.

D’ewell ernimmte Bunnhäischen vu Rippweiler zitéiert de Site vum Atelier Holzwuerm ë.a. als Beispill vu sengen Aarbechte fir de Service des Sites et Monuments. Am fréiere Café (do wou haut de Rond-point ass) waren am Krich no engem Fliegercrash englesch Pilote verstoppt. Eng Tafel mécht haut op der Atert Ligne hiren Halt Räichel-Iewerleng a Rippweiler opmierksam; dës ‘Strooss vun Eisen’ hat Péiteng, Stengefort an Ettelbréck matenee verbonnen (...an dat deels 87 Joer laang.) Hiren éischten Deel goung 1873 a Betrib an den zweeten 1880. D’Schinne sinn 1969 verschwonnen. Haut ass d’Duerf der Streck Lëtzebuerg–Réiden hir 9. vun 20 Busstatiounen. Hir zweetlescht, déi 19. ass beim Atert Lycée Réiden.

P.S. D‘Landschaftsbild vun dem Réidener Kanton ass bekannt fir „leicht wellige Grünlandflur mit einigen ‚eingestreuten‘ Wäldern“, an dëst haaptsächlech am Raum Ell, Näerden a Rippweiler. Hei sti kaum Hecken a Beem. - Dem LEX JACOBY seng Kandheetserënnerungen déngen him dacks als „Nährbuedem“ fir säin literarescht Schaffen… menge seng Frënn. Hien hat bekanntlech hei Racinen. An ‘t gëtt sech nach drun erënnert, dass hien eemol hei um Bauerenhaff vu senge Grousselteren ganz fréih Loscht hat op e robust Zugpäerd ze klammen! Fir Schrëftsteller sinn d‘Symboler vun der Natur an de Joesreszäiten voller Inspiratiounen. Hien hat spéider den Niwwel jo och als ‘grousse groe Mann mat engem weide groe Mantel beschriwwen an engem Gesiicht hanner laange groe Bärt‘. An a senger Fantasie kréien d’Haiser duerch d’Fënstre ‘mam Schimmer vu „schwatzhafte Fernsehgeräten“ um Land ziddereg blo Aen!‘