Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Rodange

 

Eise Bassin Minier ëmfaasst eng dichtbesidelt Sträif vu 5 km breet a 24 km laang tëscht Diddeleng a Rodange. Laang Zäit sollt do een Drëttel vun der Populatioun vum ganze Land wunnen! An op där Sträif (mat hirem maximalen Eisegehalt vu 35 %) gouf knapps souvill Stool an Eise produzéiert wéi an der Belsch oder e Sechstel aus der Bundesrepubik! De Numm Minettsgéigend kënnt duerch de Minerai Ofbau vun der "petite mine". Am Geck gëtt dës Sträif och "Dappland" genannt, well do Minettsdäpp wunnen. Säit Mee 1989 besteet d' A.s.b.l. "Minettsdapp, Kultur am Süden"; si regroupéiert d'Kulturcommissioune vu 14 Gemengen (ënner aneren Déifferdang, Esch, Keel, Monnerech, Péiteng, Rëmeleng, Suessem a Schëffleng), fir do kulturellt Liewen ze promovéieren. Si wëllt d'Offer dezentraliséieren nom Minister Robert Krieps sengem Rappel de Bassin Minier an der "conscience collective" vun den Awunner nei ze beliewen.

Rodange läit am Dreilännereck, an der Gemeng Péiteng, a war an der zweeter Hallschent vum 10. Jh. mat Lamadelaine Deel vun der ‘Seigneurie de Longwy’. Et koum beim Fixéire vun der Grenz tëscht der Lorraine a Lëtzebuerg op d’franséisch Säit a Péiteng op eis, wat 1769 awer geännert gouf (nom Versailler Traité des Limites tëscht dem Louis XV an der Maria Teresia.) 1751 hat de Co-Seigneur vu Rodange, de Baron Henri d’Huart d'Schlass vu Lasauvage gebaut, dat spéidert Haus vun de Maîtres de Forge. Dat gebrachent- oder d'Fransousekräiz tëscht Rodange a Nidderkuer erënnert un d‘Affer vun der Revolutioun. 1803 gouf d'Uertschaft ënner dem Napoleon eng Por. Wéi d'Minettsgéigend Leit ugezunn huet wéi e Magnéit war d'al Rodanger Kapell geschwënn ze kleng. 1868 gouf dunn d'nei Kierch ënner der Regie vum jonke Paschtouer Nicolas Gloden gebaut. Hie muss e gescheckte ’Chef d'Entreprise’ gewiescht sinn, well de Bau an engem Joer fäerdeg do stoung. Hien hat donieft och d'Paschtoueschhaus an e Weesenhaus baue gelooss an de Numm Weesepapp vu Rodange kritt.(D’Zuel vun de Weesejongen louch 1878 bei 44, an 6 Joer drop ewell bei 124!) Spéider koum d’Spidol St.Joseph a seng Maueren an 1978 de Kulturzenter mat Monument a Gedenktafel un de wäitsichtegen Här op dës Plaz.

D'Rodanger spéitgotesch Halekierch mat nervuréierte Pilieren nom Plang vum Architekt Hartmann vun Dikrech huet eng gewëssen Eleganz. Finanzéiert gouf se vu Minettparzellen, déi den Här Collart kaaft hat. Zur Patréinesch huet de Kiercherot 1880 d'helleg Amalberga erwielt. Di nobel Rodanger Jongfra a Märtyrerin (741 gebuer zu Rodingi-Villa) hat hir Eltere jonk verluer a spéider ofgeleent d‘Fra vum Charlemagne ze ginn. De Willibrord hat se a Schutz geholl an si ass op Tamise geplënnert. Do geet nach all Joer eng Pressessioun zu hiren Éiren, de ‘Sint-Amalberga-Ommegang’. Hir gi Wonner zougeschriwwen; op hiert Gebied hinn entstoung e Bur an enger dréchener Géigend. Si ass a Kierchefënsteren zu Déifferdang, Keel, Bouneweg, a Bech-Klengmacher, wéi och an der Kathedral - a 1742 hat de Jesuit Bertholet si beschriwwen. Hir holze Statue vun 1879 steet om rietse Säitenaltor a weist se als edel Klouschterfra. Eng Amalberga-Reliquie krut d'Por vu Gent, wou si 772 gestuerwe war.

Intressant an der Kierch sinn nieft ale Statuen d’Säitenaltär, den Dafsteen, hir dräi schwéier op der Plaz gegosse Klacke vun 1869 a natierlech d’Wandmolereien. Si dréien ëm d‘Geschicht vun der Minière, der Fonderie an der Schmelz vu Rodange. Dës war ëmmer bekannt fir hir speziell ‘Kranbunn-Schinnen’ oder ‘Chemins de roulement‘. An apaart war do den ale Brauch vu Kiermessamschteg um Kierfech en Trauermarsch an duerno dem Paschtouer an dem Buergermeeschter e Ständchen ze spillen. Nom Déngscht gouf dann den éischten Danz versteet fir Gedrénks ze bezuelen. (P. Tousch Buch) Aussergewéinlech war, dass de virleschte Rodanger Geeschtlechen laang Zäit selwer an der Grouf geschafft hat an deemno en echten "Aarbechterpriester" war an en extra gudden Drot zu de Kanner hat (wat freides ofwiesselnd zu Rodange a Lamadelaine d‘Kannermasse bestätegt hunn.) - Keng Regioun vum Land huet sou vill Wiessel matgemat wi d'Minettsgéigend. D'Enn vum Minièren-Exploit an d'sidérurgesch Kris hu se markéiert. Haut gesi Photographen eng Missioun dran dëse besonneschen Eck mat hirer Kamera fir d’Nowelt ze fixéieren.

P.S.: Rodange hat 1839 just 405 Awunner an 2008 beispillsweis 4505. Et zielt zu de Siedlungsnimm mat ’-rath’ oder’-roth’ am Sënn vun “Rodung” déi deels an d’Karolingerzäit zréckginn. Neierdengs weist am Park Hary Godefroid eng extraordinär modern Skulptur op d’Schmelz hinn. Et ass eng modern ‘Sculpture-Chapelle‘ mat enger klassescher helleger Barbara. D’Wierk vun der Florence Hoffmann huet eng charakteristesch Patina an ass aus wiederfestem Baustool ,dem sougenannte ‘Corten Steel’. Et zitt net nëmmen Nidder- an Uewerréidénger un. De lokalen Uertsdeel “Uewerréideng” louch ëm d’Gaardestrooss, an “Nidderréideng” ëm d’Amalbergaplaz , wou fréier haaptsächlech Biergaarbechter gewunnt hunn. Nach ze soen: de Rodanger Kierchespäicher an dee vu Lamadelaine bitt haut bedrohte Fliedermäis en Ënnerdaach. Hei heescht eng Seegomes iwwregens ’Bujheli’, (wat wahrscheinlech op bougéieren hiweist) - an ‘Duckeler‘..? Sou hat de Méchel Rodange am Rénert den Hues ëmschriwwen!