Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lëtzebuerg - Rollengergronn

De Rollengergronn an de Lamperbierg touchéiere sech, de Park Neumann läit um Bierg mä zielt zum Rollengergrënneschen Terrain! D’Distanz bei d ‘Schueberfouer ass knapps ee Kilometer! An hire spezifesche Geroch vu Salzegem a Séissem läit hei wochelaang an der Luucht. D’Fouer besteet ewell 670 Joer; 1340 huet se 8 Deeg gedauert a louch baussen de Festungsmaueren um Helleg-Geescht Plateau. Se koum an hirer Form als Joermaart mat Véihändler, Aulebäcker a Gaukler ab 1610 offiziell an d’Felder um Lamperbierg, an 1892 duer wou se haut ass!

Bei Geleeënheet vun der Fouer geet ëmmer den Hämmelsmarsch duerch de Rollengergronn. Seng Musek mécht dat zënter 1946, huet haut 70 Memberen an deelt sech fir dee Kiermesmarsch an zwou Gruppen. De Rollengergronn ass e laang gestreckte Quartier mat vill Gréngs. En héijen Undeel dorun huet de naturgeschützte Bambësch, an de  'Kazeschwanz' deen dorëmmer wiisst nennt sech hei ‘Schauergras’! D’Ufäng vum Uert gi mindestens an d’Joer 1223 zeréck. Deemools gouf op Initiative vum Grof Jang de Blannen un der Baach bei de Siwebueren eng Mille gebaut. Do sollten seng Leit hir Fruucht muelen. Deen am 14. Jorhonnert dokumentéierte „Vreulenpad" ass de Wee Briddel–Koplescht bei d’Fräulein–Klouschter am Mariendall. Rollengergrënnesch Siidler sinn 1730 ernimmt, mol wéinst Streidereien ëm d’Stad-Grenz, mol wéinst onerlaabtem Logéiere vun Heescheleit oder Friemen! Offiziell si 1741 do 63 Bierger registréiert... a gutt 30 Joer drop hei, op de Lamperbierger Häng an um Daubenfeld 100 deels äermlech Behausungen.

De pensionéierten Arméi Kommandant Jean Grégoire hat d’"Folie Grégoire" bei de Siwebueren gebaut. An do si nieft senger Villa "beim Baumbusch, beim Bach und Brunnen" um Enn vum 17. Joerhonnert fir d'éischt d'Wäschbueren ernimmt; 1707 goung de ganze Besetz un d’Stad. Eng Weil duerno koum op hiren Uerder e neit Haus bei d’Roudebuer Quellen an en Zëmmermann huet donieft aacht iwwerdaachten holze Basenge gezammert... 1736 konnten d'Wäschfraen da fir 2 Sou do wäschen an fir 3 Sou och bleechen an dréchnen. De komplette Beréng hu spéider d’Bridder Boch kaaft fir eng Faïencerie anzeriichten, à Konditioun do weider Wäschen a Bleechen z’erlaben. Aus dem Gégoire’s Haus gouf eng standesgeméiss Residenz. An ‘t gounge Commande vun de Boch-Hären un d’Moler Sauvage, Père a Fils, de Konschtschlässer Petit an de Konschtschräiner Bartholomé Namur! Ab 1767 fëllt d’Faiencerie’s- Geschicht Bicher! Wat net jidderee weess, si hat e Museksveräin ier d’Rollengergrënnesch Fanfare bestoung. An ‘Dëppejongen’ waren dem Pol Tousch no Aarbechter, déi Iessen a blechen Dëpper mat an d’Fabrik bruet hunn.

Bis Juli 1849 war de Rollengergronn an der Gemeng Eech, dann 71 Joer eegestänneg... mat de Sektioune Roudebierg, Pabeierbierg, Deeler vum Lamperbierg, de Siweburen an der Parzeläins-fabrik, engem Deel vun der Millebaach a vum Reckendall an der Wandmillen. E krut entretemps Pompjeeën. Ee Stader Quartier gouf en 1920 - zesumme mat de Gemengen Hollerech an Hamm. Virdru war e ganz laang duerch Handwierker a Geschäftsleit geprägt, hat munnech Klengbetriber, z.B. eng Zigaren- an eng Biischtefabrik, d’ Scarabée, vill Café’en a Gäertner…. Hei war der Stad hire Geméisgaart, iwwer 200 Joer hir Wäschkichen an ‘t gouf och de Beruff ‘Streckesch’! Eréischt am leschte Jorhonnert koumen da Beamtenhaiser a Richtung Stäreplaz..

P.S. Nach wichteg ze soen: hei an der Heemecht vum Pierre Werner a Lydie Polver sinn zwou Kiermessen a ginn 2 Hämmelsmärsch, deen 1. am Juni, fir d’Antonius-Kiermes. Fréier waren da bei der Kapell op der Place Pescatore Kiermes-Spiller a Buden. Neierdéngs ass deen Dag am ale Paschtoueschhaus eng Kaffisstuff. A wou haut Autoschlaangen de Quartier onsécher man ass fréier de ‘Charely’ gefuer!